Am Zweete Weltkrich war d'Stengekräiz den Zilobjet fir d'Schéissübunge vun den Nazigrenzwiechter, déi domat all Detailer vun de Skulpturen an Opschrëften op der Face zerstéiert hunn. Säitlech op der Sail steet ënnen den Numm "Nicolas Bartoli". Dee gouf do anscheinend bei enger Dreifjuegd vun engem Jeeër erschoss deen e mat engem Wollef verwiesselt huet. Enger anerer Versioun no gouf e vun engem Braconnier erschoss, dee geduecht huet et wier e Stéck Wëld[1].
Opschrëft um Sockel: AN DANKBARER ERËNNERUNG UN D'BILDHAER GREEFF VUN ALTWIS DÉI AM 18. JORHONNERT IWWER D'GRENZEN ERAUS GEWIERKT HUN • D'WIISSER LEIT • 1987 •
Et gouf 1742 vum Wilhelm Dreis a Marie Peiffer opgeriicht well eng vun hiren Duechteren op enger Wäschplaz nobäi déidlech vun engem Schlag getraff gouf. Et stoung fréier "am Weierchen".[2]
Dëst Weekräiz um Giewel vun engem Bauerenhaus steet direkt hannert der Bréck iwwer d'Gander op franséischem Territoire an der Strooss "Altwiese" zu Mondorff
Dëst Weekräiz steet op engem Hiwwel um Enn vun der Strooss "Altwiese" direkt hannert der Bréck iwwer d'Gander op franséischem Territoire a gehéiert eigentlech zu Mondorff.
Kräiz ouni Opschrëft, et ass och net vill driwwer gewosst, et steet awer scho ganz laang op där Plaz, eventuell scho bei der Kapell virdrun, déi ëm 1880 zur haiteger Kierch ëmgebaut gouf[3].
Opschrëft um Sockel: O HERR SEI UNS ARMEN SÜNDERN GNÄDIG / ERRICHTET ZUR EHRE GOTTES 1887 Op dëser Plaz gouf e Mann bei der Feldaarbecht vum Blëtz erschlon. D'Kräiz gouf an engem Atelier zu Réimech gemaach.[6]
Opschrëft: OH IHR ALLE DIE IHR VORBEI GEHET * ERINNERT EUCH DES AM CREUTZ * STERBENDEN JESU DAMIT IHR EUCH DER * VERDIENSTEN JESU CHRISTI THEIL- * HAFTIG MACHET UND BETHET FUR * DIE VERSTORBENE SEEL DES ACHT- * BAREN ADAM JODOCY ODER GILS * VON BEILER ALTER JUNGGESELL * DER DIESES CREUTZ AUF SEINE * KOESTEN ZUM TROST SEINER SEELE * UND SEINER VERSTORBENEN VER- * WANTEN HAT ERRICHTEN LASSEN * DEN 15. FEBRUARY 1867 * GELOBT SEY JESUS CRISTUS * IN EWIGKEIT * AMEN.
Opschrëft:ANNO 1605 HABEN DIE GEMEINEHERN ZV BETTEMBVRCH GOTT DEM ALMECHTTIGEN ZV LOEB VND EHREN DIES CRVCFIX MACHE VND VFFRICHTEN LASSEN En änlecht Kräiz steet beim Altersheim an der rue des Tanneurs (fréier e Klouschter)[8]
Opschrëft: MDCCCXX D'Kräiz stoung fréier um Peppingerwee tëscht zwou Pëppelen. Wéi dunn en Haus do gebaut gouf, ass et bei d'Gaardemauer gestallt ginn.[10]
Opschëft: ANNO 1665 HABEN DIE GEMEINE ZU BETTEMBURCH GOTT DEM ALMECHTIGEN ZU LOB UND EHREN DIES CRUCIFIX MACHEN UND UFFRICHTEN LASSEN En änlecht Kräiz steet beim Agank vum Schlasspark an der Escher Strooss[8]
D'Wollräiz: Opgeriicht duerch de Johann Thomy (de Wollhennes) an d'Katharina Klosten. Am Joer 1925 ware Streidereien tëscht den Douanieren, dohir de Sproch op der Récksäit vum Grondsteen: "EH DU MICH SCHILTST MIT HARTEN WORTEN / SCHAU NACH VOR DEINER EIGNER TÜR / UND GIBT ES NICHTS ZU KEHREN DORT / DANN ERST REICH DEN BESEN MIR"[20].
Opschrëft ënner dem Kräiz: Errichtet / Zum Andenken der Armen / verlasenen Seelen im Fegfeuer / Deren kein Mensch gedenkt / Gelobt sei Jesus Christus - Mein Jesus Barmherzigkeit - Süses Herz Maria sei - Meine Rettung / WHMJNB - 1898 (Wilhelm Horper, Maria Johanna Neumann, Biwisch). Fréier en Holzkräiz, haut aus Schifersteen
Opschrëft: BIT EIR VNS / 1850 / FELTEN GREISCHER MARIA..LS..IMM D'Kräiz stoung fréier op der Strooss tëscht Grolënster an dem Blummendall. Et gouf opgeriicht als Merci fir d'Hëllef a grousser Nout.[21]
Relatiivt neit eisent Kräiz(Stand: 2024) dat op engem (ale) stenge Sockel steet. Eventuell ersetzt et eng fréier Kapell? (De Flouer heescht Op der Kapell)
Opschrëft: DIES CRVUTZ HAT LASSEN AVFRICHTEN DIE EHRSAME GEMEINN ZV BROCH 1749 Et gouf opgestallt als Merci fir d'Verschwanne vun enger Véiseuch no engem kollektive Rousekranzgebiet zum Hl. Gangolf[23]
Bildstack mat enger Pieta. Et handelt sech ëm eng Kopie vun der Original-Pieta déi an der Parkierch steet. D'Original huet zu de Statioune vum Kräizwee gehéiert dee vun der Parkierch bis an d'Kapell um Gehaansbierg gefouert huet. Déi Statioune goufe kuerz virum Zweete Weltkrich vum Sculpteur Aloyse Deitz gemeesselt. D'Kopie ass e Wierk vun engem Mataarbechter vum Diddelenger Atelier Armand Dal Borgo.
Steet no bei enger Quell. Et ass den ënneschten Deel vun engem Weekräiz, vun deem d'Kräiz ofgebrach oder ofgerascht ass. Uewen um Stee sinn nach Iwwerreschter dovun ze gesinn.
D'Kräiz geet op en Accident zeréck, duerch dat am Wanter en ale Mann um Heemwee hei erfruer ass. 1883 gouf vun de Bridder Sadler vu Wuermer en Ersatzkräiz opgeriicht mat der Opschrëft: Ich finde keine Schuld an ihm. Et gouf awer spéider staark beschiedegt an da komplett zerstéiert. D'Gemeng huet amplaz en aalt Kierfechtskräiz hei opriichte gelooss. De Sockel ass nach dee vun 1883.[27]
D'hëlze Kräiz gouf vum Fierschter J.P. Bisdorff (†1873) opgestallt op där Plaz wou eng Fra, déi hirem Mann d'Mëttesiesse brenge wollt, vun engem Bam erschloe gouf, dee grad vun de Bëschaarbechter geschloe gouf. D'Kräiz gouf 1933 vum C. Hartmann duerch en neit ersat an 1966 duerch e Kräiz vum Schräiner A. Dangelmaier dat bis haut existéiert.[27]
Opschrëft um Sockel: Errichtet durch Mathias Kinnen und seiner Gattin Maria Dondelinger im Jahre 1862[28]. (D'Hochzäit vum M. Kinnen an der M. Dondelinger war am Joer 1845 an der Gemeng Roudemer)
D'Weekräiz gouf 1932 an d'Säitewand vun einer Kapell agebaut, déi bei der alljäerlecher Prësessioun gebraucht gouf. Doduerch kann een nëmme méi eng Säit vum Kräiz gesinn dat awer béidsäiteg sculptéiert ass[29].
D'Weekräiz ass dat éischt Kräiz vun engem Kräizwee mat ursprénglech 7 Kräizer, déi vum Peter Engeldinger opgeriicht goufen, tëscht Éimereng an Elveng. De Kräizwee gouf 1874 vum Paschtouer Johann Baptist Speyer am Parregëster ernimmt.[30]
Et schéngt sech bei dësem Weekräiz ëm e Peschtkräiz ze handelen, dat an d'Gaardemauer agebaut gouf, nëmmen d'Kappstéck steet iwwer d'Mauer eraus. Ënner der Joreszuel 1647 stinn d'Initialie B.M., déi haut kaum nach ze gesi sinn, a vun denen och net gewosst ass, wat se ze bedeiten hunn.[31][32]
Um Wee an d'Wéngerten a Richtung Greiweldeng. Et soll un en Accident bei der Drauwelies an der Mëtt vum 18. Joerhonnert erënneren a gouf schonn e puermol ersat (1760, 1802, 1864, 1960er Joren, a méi rezent nach)[31],[34]
"Kierchekräiz" oder och "Schonskräiz" genannt. Opschrëft um Kappstéck: 4. Station 1842 Opschrëft op der Sail: Allen Christen zur idigen Betrachtung MDCCCXXXXII... Opschrëft um Sockel: Dieses Kreutz hat aufgerichtet Michel Schons von Ellingen im Jahr 1842[35]
Opschrëft um Scheieschkräiz: MICH / HAT / AVFGERICHT / IOES HENRICH / GVTKAES AL (=Alias) / KAECKER MIT / SEINER EHEFRAV / SVSANNA Op der Sail ass e Relief vum hl. Johannes, d'Bild um Kappstéck weist wéi de Jesus säin Numm kritt a beschnidde gëtt. D'Kräiz gouf 1963 restauréiert.[38]
Peschtkräiz oder Nekelskräiz. Deemools ass bal d'ganz Uertschaft un der Pescht gestuerwen. Déi iwwerliewend 5 Haushalter hunn en hëlzent Kruzifix un e Birebam bei de Griewer gehaangen. E spéidere Besëtzer vum Griewergaart, Nekels genannt, huet virum Bam eng Kapellchen opgeriicht an d'Kräiz dra gehaangen. Wärend der Ardennenoffensiv gouf d'Kapellche staark beschiedegt an duerch e gemauerten Altor mat iwwerdaachter Réckwand ersat, deen 1951 kierchlech geseent gouf.[38]
D'"Lallengerkräiz" gouf vum Johannes Arendt (Initialen IA um Weekräiz) zu Lalleng opgeriicht, dat deemools nëmmen aus e puer Gebaier bestan huet. Zanter 1956 stoung et am Park vum ale Berwarts-Schlass. 2003 huet d'ARBED et der Par Lalleng geschenkt an et gouf bei der Lallenger Kierch opgestallt.[39],[40]
AD MDCCXCV DIE XIII JANUARII TEMPORE NOCTIS INTER ESCHDORF ET MERSCHEID E VIVIS EXCESSIT R.D. SCHAACK JP. EXINDE TEMPORE NEBULOSO NECNON GRAVISSIMO VIGENTE UBIQUE BELLO
D'Gëntekräiz stoung uersprénglech op enger 10 m² grousser Parzell beim Haus "Gënten" an huet nom Kataster vun 1824 der Par Fenteng gehéiert. 1950 gouf d'Kräiz an eng nei Kapell um Giewel vum Haus "Gënten" gestallt. Nodeems datt Haus ofgerappt war, gouf d'Kräiz op der aktueller Plaz opgeriicht.
Gouf 1778 vun der Maria Noesser opriichte gelooss, wéi ënnen um Sockel steet. Et stoung fréier op der anerer Säit vun der Strooss. Spéider gouf et un déi hënnescht Fassad vum Heemechtshaus vun der Stëfterin gesat.[42]
Et gläicht staark engem Weekräiz an der Beetebuerger Strooss zu Fenteng, dat aus dem Atelier Greef vun Altwis staamt. Um Sockel ass en haut onlieserleche Chronogramm an den Numm Johann Marx geschriwwen.[45]
D'Keilskräiz stoung fréier um Bord vun der Lëtzebuerger Strooss géigeniwwer vum Haus "a Keils". Et weist eng Kräizegungszeen mat 8 Persoune ronderëm de Christus a kënnt Deel vun engem Kräizwee gewiescht sinn deen iwwer 7 Dierfer gaang ass.[46]
Et stoung fréier no bei der Grenz mat Frankräich. Op där Plaz sinn de 27. November 1793 déi 2 Zaldote Georg Fridel a Franz Louis Lavolay bei engem Ugrëff vun de franséische Republikaner ëm d'Liewe komm.[47]
Opschrëft um Kräiz: Errichtet durch Michel Tibesart zur Ehre Gottes 1853. D'Kapell gehéiert zanter 2018 der Gemeng Tandel, déi se vum Adolphe Betzen geschenkt krut. Deem säi Grousspapp hat se ëm 1900 op enger Stee kaaft. Am Summer 2021 gouf d'Kapell bei engem Autosaccident schwéier beschiedegt, soll awer nees an d'Rei gesat ginn.[48]
Beim Haus Lepage ("an Henkes"), et stoung fréier beim Haff Grisels, Opschrëft: Iohn Pavlvs vnd Maria Elevdth (=Eheleute) Wohnhaft zv Garnich Anno 1620, dorënner ass en Zeeche fir eng Millen ze gesinn[49]
Dat sougenannt "Zweet Kräiz" vun deem just de Sockel erhalen ass. Um Sockel ass en Deel vun engem futtisse Graf vum Kierfecht drop gesat ginn, op deem "Grabstätte der Familie Ries-Schmit" steet. Dësen Opsaz huet awer näischt mam ursprénglechen 2. Kräiz ze dinn.
Steet no bei enger Quell. Et ass den ënneschten Deel vun engem Weekräiz, vun deem d'Kräiz ofgebrach oder ofgerascht ass. Uewen um Stee sinn nach Iwwerreschter dovun ze gesinn.
Opschrëft ënnert dem Kappstéck: IOHANES SCHROEDER / ANNA DIEDERICH Ënnen op der Sail ass d'helleg Anna ze gesinn. Iwwer dem Kräiz hänkt eng Plackett mat den Daten: ER. 1780 / REN. 1980[51]
Kierfechtskräiz "am Wömperställchen" mat der Opschrëft: SUCHE JESUM / UND SEIN LICHT / ALLES ANDERE / HILFT DIR NICHT Hei stoung fréier en hëlzent Kräiz[53]
Opschrëft: Sei stark mein Herz / Ertrage still der Seele / Tiefes Leid / Denk dass der Herr es also will / Der fesselt und befreit / Er weiss es was das Beste ist / Er weiss dass du bekümmert bist / Drumm gib dich mutig drein Et gëtt engem ausgewanderte Member vun der Famill Schmit-Drees zougeschriwwen a staamt aus dem Atelier P. Theves vu Réimech.[55]
Opschrëft op enger Plack: FREUDE DEM DER KOMMT / FRIEDE DEM DER HIER VERWEILT / SEGEN DEM DER WEITER ZIEHT Fréier stoung op dëser Plaz e Kräiz aus Eechenholz.[58]
Opschrëft op der Sail: Sei ruhig Herz, sei stille / Und trage deine Last; / Es ist ja Gottes Wille / Was du zu tragen hast D'Famill Watry vu Kapenaker hat deemools, wéi d'Mamm schwéier krank war, de Bau vun enger Kapell beim Haus versprach. Et koum awer net dozou an als Ersatz gouf dëst Weekräiz opgeriicht (aus dem Atelier Gebr. Kohl). Et gouf 1930 an 1981 restauréiert.[57][58]
Ënner dem Numm "Fatima" bekannt, well 1947 eng Statu vun der Muttergottes vu Fatima vun Duerf zu Duerf gedroe gouf. D'Kräiz gouf vun de Greiweldenger 1947 als Merci opgestallt well se de Krich relativ gutt iwwerstan haten. D'Aweiung war den 12. September 1947.
Opschrëft: Zum Andenken an die frühere Johanniskapelle. Hei stoung fréier d'Johanniskapell, bei där bis zum Enn vum 18. Joerhonnert um Fréijoersufank Volleksfester ofgehale goufen.[62]
Opschrëft: "NICOLAEMUS SEL ANNA MARIA THEILL OIHR CHRISLICHE HERZSER SEHET UND BETRACHTET DIENER TESEN MEIN TOCHTER SUESS UND MEIN BIRDDE IST LEICHT 1819 DK " Opschrëft op der Säit: "Don de la famille Hoffmann-Ehlinger Sandweiler"
Opschrëft: Peter Lentz von Munsbag - Peter Lentz von Wecker haben dieses Krevtz zusammen avrichten lasen. D'Kräiz ass vum Sculpteur Schergen vu Guedber.[64]
Et handelt sech ëm en aalt Kierfechtskräiz vun der Famill Welbes vum Hakenhaff mat den Nimm vu Verstuerwenen, deelweis nach liesbar. Déi lescht Datume si vun 1952. Urstprénglech stoung hei en aalt Weekräiz dat 1885 duerch e Kierfechtskräiz ersat gouf wéinst enger Erkrankung vum Mathias Welbes. Dat Kräiz gouf duerno schonn e puermol erneiert.[65]
Kräiz "um roude Bierg". Et ass an d'Fassad vun engem Niewegebai vum fréiere Paschtoueschhaus integréiert a gouf bei der Renovéierung vum Gebai erneiert.[66][67]
Et ass d'Kappstéck vum Kräiz "A Gils", dat fréier zu Fréiseng um Bord vun der Lëtzebuerger Strooss (N3) beim Gaart vum Haus "A Gils" (haut Haus Nr. 33) stoung. Et gouf an den 1990er Joren an d'Säitemauer vum Bushaischen agebaut. Op dëser Plaz zu Helleng (Hoenerstrooss, Hoenerhalt) stoung fréier schonn en aner Kräiz, eigentlech och nëmmen e Kappstéck op enger Sail aus Zillen, dat awer 1977/78 bei enger Stroosseverbreederung verschwonnen ass.[67],[70]
Opschrëft: IHS Gewidmet durch die Familigen PETER DONKEL von Herboren A.S. 1867 D'Kräiz gouf vun der Angela Weis, der Fra vum Peter Donkel, zum Gedenken un hire Mann opriichte gelooss, deen op där Plaz am Wanter ënner Alkoholafloss verongléckt a spéider dowéinst gestuerwen ass. Sculpteur war den M. Weber vun Uesweller.[72]
Opschrëft: Ioannes Kemp 1738 D'Schmöttgeskräiz gouf fréier bei Pressessiounen als Segensaltor benotzt a stoung deemools an enger Nisch an der Fassad vum Haus 112 an der Escher Strooss, dat 1957 ofgerappt gouf (fréiere Café Schmit-Wagner a virdrun Auberge du Cheval Blanc). Vun 1957 bis 1971 war et bei der Hollerecher Kierch tëschegelagert bis et no enger Restauréierung op der haiteger Plaz nees opgeriicht gouf.
Op der viischter Säit ass d'Pietà duergestallt, op der hënneschter Säit de Kleeschen mat de Kanner an der Solperbidden, woubäi awer nëmmen nach zwee Kanner dra sëtzen.
De Sockel ass eng Replik vun engem Weekräiz vun 1810 dat um Giewel vum "Péiter-Haus" stoung an irgendwann vu Kanner beim "Spillen" demoléiert gouf. Den ieweschten Deel schéngt vun engem Kräizwee ze stamen an dréit Joreszuel 1819.
Tommeskräiz, mat der Opschrëft uewen op der Sail: JACOBUS SCHUMANN / MARGARETA COMMES, ganz ënne steet drop: MDCCCL / NICOLAS TOMME. Op der Sail ass de Relief vum Hl. Niklos.[74]
Opschrëft um Kappstéck: „Zum Andenken an das Bitterleiden unsers Herrn Jesu Christi.“
um Sockel: „Wanderer Gedenk der Verstorbenen. Oh Herr las Ihre Seelen ruhen im Frieden. – Erichtet von FRANCOIS SCHRODR 1876 in seinem 44. Lebensjahr.“
Opschrëft um Sockel vum Weekräiz, dat um Kappstéck eng Pietà weist: DIS CREUTZ HAT AUFRICHTEN LASSEN ZUR HÖCHSTER EHREN GOTTES MATIAS MICHELA VND SEINE HAUSFRAU MARIA HERSCH ANNO 1723[75]. De Jean Everard vu Käerch a seng Fra Marie Kieffer vu Greisch hunn d'Kapell fir d'Weekräiz baue gelooss.
Opschrëft: DEN 11. MEI 1773 IST DER EHRSAME IOHANES MONNERS HIR VON DEM DONNERWETTER ERSCHLAGEN WORDEN Hei gouf de Johannes Monners beim Transport vu Bounenäerz bei engem Donnerwierder vum Blëtz getraff wéi e bei enger Eech Schutz gesicht huet[77].
D'Weekräiz steet an enger Weekapell a gëtt dofir "Kräiz an der Kapell" genannt. Ursprénglech stoung et op där anerer Säit vun der Strooss, no bei enger Hausfassad. Opschrëft ënnen op der Sail: ERRICHTET DURCH / MICHEL DONDELINGER / MARIA SCHARFBILLIG[78]
Eent vun den eelste Weekräizer zu Lëtzebuerg, mat Dekoratiounen op der Sail aus der Spéitrenaissance, wéi se och um Groussherzogleche Palais an um alen Deel vun der Kathedral ze fanne sinn[79]
Zu engem Kräiz an der Handelsstrooss beim Haus Berens gëtt et eng Geschicht vun engem Kniecht deen op dëser Plaz vun engem Zaldot zur Zäit vum Napoleon erschoss gouf, wat awer net zum Datum um Kräiz passt[80]
Opschrëft: S. CATARINEN CREUTZ HAT AUFLASEN RICHTEN DIE ERBARE CATARINA DONDELINGER 4 NOVEMBER 1777 D'Kräiz stoung fréier an der Fassad vum Haus Nr. 36 an der Grand-Rue, dobäi gouf entdeckt datt et och eng Skulptur op der Récksäit vum Kappstéck huet[81]
Text op der Plack mat uewen engem Kräiz an ënnen enger Wandrous: O Herr am Kreuz lehret Du uns in der Liebe auszuhalten denn das ist der einzig richtige Weg in der menschlichen Evolution
D'"Takekräiz" gouf 1629 an enger Eech opgestallt an Erënnerung un den Drëssegjärege Krich. Dës "Kräizerbich" stoung bis den 13. 12. 1952. 1988 hunn d'Amis de l'Histoire du Roeserbann dëst neit Kräiz zur Erënnerung opgestallt.
Opschrëft op der Sail: Wilhelmus Belgen - Maria.... 1830 Ursprénglech stoung d'Kräiz bei der Mauer vum Pargaart géigeniwwer vun der Bréck. 1931 gouf et wéinst enger Stroosseverbreederung bannen an eng Weekapell versat[22], déi haut awer och net méi existéiert.
an d'Fassad integréiert Um Kappstéck ass d'schmäerzhaft Muttergottes gewisen, op der Sail d'helleg Bäerbel. Dëst Weekräiz soll fréier um ale Kierfecht an der "Kräizgaass" gestan hunn.[22]
Kappstéck mat Datum 1805 an de Nimm Magdalena, Iohanne a Mathias. Op der Sail e Relief vum hl. Bernardus. Opschrëft um Sockel: DIESES CREITZ HABEN LASSEN AUFRICHTEN ZU EHREN DER ALERHEILIGSTEN DREIFALTIGKEIT UND DER HEILIGEN JUNGF.....JESU CHRISTI BERNADUS UND CATARINA UND MARGARETA BECKER VON LELIEG 1779[87]
Dëst Weekräiz stoung fréier um Ausgang vun der Uertschaft a Richtung Nidderkäerjeng beim Haus 2a.[88] D'Opschrëften um Kappstéck an um Sockel sinn zwar liesbar, erginn awer kee Sënn.
Et ass en aalt Kierfechtskräiz, dat de Paschtouer hei opstelle gelooss huet.[89] Liesbar ass nach op enger Säit den Numm: Peter Kasel, geb. 1877, gest. 1898
Dëse Bildstack stoung ursprénglech géigeniwwer op der Strooss virun der sougenannter "Villa Nelly". Spéitstens zanter 1954, wéi déi zum Gemengesëtz bestëmmt gouf, steet en op senger jëtzeger Plaz.
Opschrëft: Wachet und betet denn ihr wisset weder den Tag noch die Stunde, wann der Herr kommt und euch rufen wird. Zum Andenken an den hier verunglückten Michel Schmitt aus Udelfangen, 17 Jahre alt, 1882 den 7. Januar.[90]
Opschrëft op der Sail: IOHANES / PROMENSH / ANGELI / HUBER Zu Miedernach hunn zu där Zäit effektiv e Johannes Prommenschenkel (* 1783) an eng Angela Hubert (* ca 1781) gelieft, déi 1811 bestuet goufen.
Et steet an enger Weekapell hanner Glas; op der Sail ass déi helleg Walburga ze gesinn. Opschrëft ënnen op der Sail: CAROLVS / NEIHENGEN / MARIA EINDORF De Karl Neuhengen, gebuer am Oktober 1772 zu Lëntgen a gestuerwen de 15. Mäerz 1847 zu Miedernach. Den 20. Dezember 1800 mam Anna Maria Indorf (*16. Feb. 1783 zu Miedernach, †19. Abr. 1852 zu Miedernach) bestuet.[95]
Opschrëft op der Sail: HAEC CRUX SUB R.D. PASTORE KEMP RENOVATA FUIT 1871 De Paschtouer Peter Kemp vu Miedernach huet d'Kräiz, dat villäicht schonn aus dem 17. Joerhonnert staamt, 1871 restauréiere gelooss. D'Kappstéck gouf 2000 ganz erneiert, wéi op der Récksäit mat der Opschrëft S. Weis/2000 ze gesinn ass.[96]
Bei dësem Maartkräiz gouf fréier den 3. November e Joermaart ofgehalen, dee schonn zanter dem 16. Joerhonnert bekannt war. Bei dësem Maart gouf virun allem all Zorte vu Véi gehandelt, et goung dobäi awer och hier wéi op enger Kiermes. Warscheinlech stoung virun dësem stengene Kräiz schonn eent aus Holz do. 1933 gouf d'Kappstéck vum Dikrecher Sculpteur P. Witry erneiert.[102]
Monument du Souvenir, Kuckt och: Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Déifferdeng Nr. 16-7. Dat sougenannt Franzousekräiz erënnert drun, datt den 19. Abrëll 1794 zwou Dose Lëtzebuerger vun Zaldote vun der franséischer Arméi erschoss goufen, nodeems se hiert eege Graf hu misse schëppen.
Schumacherkräiz mat der Opschrëft Dieter Shugmacher. D'Originalkräiz steet dem Norbert Weins sengem Buch no (Wegkreuzfahrt Band I, S.25) am Staatsmusée, deemno misst et sech hei ëm eng Kopie handelen.
Dëst Weekräiz gouf opgrond vun engem Accident opgeriicht dat hei den 21. Dezember 1935 geschitt ass. Dem Jeeër Pierre Mayer vu Lëtzebuerg ass no der Juegd säi Gewier erof gefall dat sech doduerch entlueden huet. Hie gouf duerch d'Schroutkugelen um Been an um Fouss blesséiert. Ufank Januar ass en un de Follge vun de Blessure gestuerwen.[64][107]
D'Kräiz ass an der Fassad vum Bauerenhaff agebaut. D'Opschrëft op der Sail gëtt un, wien d'Kräiz opriichte gelooss huet, den Numm ass awer net ganz kloer ze liesen.
D'Annekräiz oder d'Kräiz op der Lâchen, dat haut an der Schëndelsser Kierch steet, stoung fréier am Bësch Op Reifels ënnert Huelescht op engem Fiels, net wäit vun der Fielsgrott Stiffchen. Fréier ass de 26. Juli op Annendag eng Pressessioun vu Schëndels aus bis dohi gaang.[108][109]
Santkräiz, Opschrëft ënnen op der Sail: FRANCISCUS / SANT / ANNA / KRANSZ 1833. Op der Sail ass den hl. Franciscus ze gesinn. D'Kräiz gouf opgeriicht vun der Anna Kransz fir hire Mann Franciscus Sant, deen zwee Joer virdrun op där Plaz an der Mamer erdronk war. Et gouf 2011 komplett restauréiert.[109],[110]
Opschrëft um Kappstéck: S. MARIA - S. IOANNES Opschrëft op der Sail: Den 21. Februar 1612 Et ass dat eenzegt Weekräiz zu Lëtzebuerg mat enger Sonnenauer op der Sail. Et gouf warscheinlech zesumme mam Schlass vu Wëntreng vum Alexandre de Musset opgeriicht. D'Kräiz gouf fréier bei Pressessiounen als Segensaltor benotzt.[111]
D'Kräiz stoung fréier an der Gaardemauer vum Haus Turmes-Goedert a gehéiert zum Haus Goedert, fréier Hoffmann an Olinger. Den Datum an den Numm Peter Olinger, deen op der Sail steet, si praktesch net méi ze gesinn[112].
Kuckt och: Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (S) Opschrëft: Klop Maria D'Kräiz gouf anscheinend opgeriicht well e klengt Meedchen duerch eng Krëmmchen, e sichelfërmeg Messer, wéi et och op der Sail ze gesinn ass, déidlech verletzt gouf.[114]
donieft steet eng Weekapell, op där fréier (haut vläicht och nach ?) Follgendes stoung: Paulus Johan und sein Hausfrau haben dis Creuz machen lassen 1600
Eng vu 7 Kräizweestatioune vum Gregor Maximilian Beyser aus dem "Kächeschhaus". D'Statioune stoungen ursprénglech bis an d'19.Joerhonnert um Wee fir op de Méchelsbierg (haut Klaus)
Grad sou wéi de Bauerenhaff an d'Kapell an där et steet ass d'Weekräiz net am beschten Zoustand. Ënner der Kruzifikatiounsgrupp ass e Relief vum Zinniklos mat de Kanner an der Solperbidden, um Sockel en onlieserlechen Text.
Un der Sail d'Skulptur vun enger Pietà. Ënner der Kruzifikatiounsgrupp, dovun eng Persoun mat engem Kand um Aarm, erschéngt d'Muttergottes dem Dominikus fir deem de Rousekranz ze iwwerreechen.
E räichverziert, polychromt Weekräiz mat Engelskäpp an enger Madonna-Skulptur. D'Kruzifikatiounsgrupp bilt den Hl. Haupert mat sengem Réi an den Zinniklos mat de Kanner an der Solperbidden. Iwwer dem Kräiz Eiser Här seng zwéi biologesch Pappen.
Opschrëft op der Récksäit vum Kräiz: STEIBEN V. SAVELBORN UND SEINE HAVSFRV MARIA HABEN DIS CREVZ MACHEN LASSEN. 1609. Iwwer dëst Kräiz gëtt et eng Seechen, déi vum Henri Adolphe Reuland 1884 opgeschriwwe gouf, iwwer de Mord un engem onbekannten Edelmann op dëser Plaz.[115]
D'Réintgeskräiz, dat fréier zu enger klenger Kapell gehéiert huet déi bei der Bréck iwwer d'Gander stoung. 1884 gouf d'Kapell ofgerappt an d'Kappstéck gouf an d'Gaardemauer vum Café Raus-Saucy agebaut. Haut steet et um Eck vun enger Mauer nieft der Bréck.
Dat éischt Kräiz, dat hei stoung, war en Holzkräiz a gouf vum Jang Beckius-Hoffmann gestëft, dat zweet Kräiz hat en Daach aus Holz driwwer a gouf vum Nicolas Linden-Beckius gestëft. Wéi et verfall war gouf et vum Jos Linden duerch en dekorativ metalle Kräiz vum Kierfecht ersat. D'Kräiz soll un e Mann vum Wuermerbierg erënneren, deen hei um Wee fir op Lenneng en Hëtzschlag krut an do gestuerwern ass.[27][121]
Dëst Peschtkräiz stoung ursprénglech an enger Feldkapell. D'original Kräiz steet haut am Kräizgank vum fréieren Trinitarier-Klouschter; beim Agank vum Kierfecht steet eng Kopie. Et weist nieft dem Kräiz den hl. Sebastian (lénks) an den hl. Rochus. Opschrëft op der Sail: 1697 D 14. SPT DIS CREUTZ HAT AUFGERICHE DER EHRSAME TUELMAN LA UEF DER ALT VND SEYNE HAVSFRAV CATARINA CHEMERS ZU EHREN GOTTES VUND SEYNEN LIEBEN H PATRONEN ROCHI VND SEBASTIANI[122]
Wäisst Kräiz[123], Opschrëft: O JESU, Mit aufgespantn armen umarme du uns Reuige SÜNDER, Stehe uns bei und Verlasse uns nicht im Leben und im Tode, Am Tage der Trübsall und gefahr, Erlöse uns O JESU
Bei dësem Kräiz gouf fréier bei Pressessiounen en Altor opgeriicht. Opschrëft uewen: DEN NAMEN DES HEREN SEI GEBENEDEIT IO BI Opschrëft ënnen: IM NAMEN IESU SOLEN SIG BIGEN ALE KNIEN DI IM HIMEL AUF ERDEN UND UNTER DER ERDEN SEIN[124]
Opschrëft: Denkmal für die Eheleute M. Pauls - M. Schmitz. Erklärung: Effektiv gouf de 26. Januar 1818 an der deemoleger Gemeng Wäicherdang de Michael Pauls (Pols) mat der Maria Margaretha Schmitz bestuet, béid waren vu Wäicherdang gebierteg[125]
Beim Haus Thinnes; d'Kräiz gouf als Ersatz fir eng Seegenskapell opgeriicht, déi fréier do stoung Opschrëft um Sockel: Sei ruhig Herz / sei stille / Und trage deine Last /Es ist ja Gottes / Wille / Was du zu / tragen hast[129]
Stephanskräiz, mat der Opschrëft: das verfalenne Kreitz widerhergestellt von J Brandenburger und M Groos von Waldbredimus den 2. Merz 1863 Dëst Kräiz stoung fréier baussent dem Duerf op der Säit vu Bus. Et war e Merci well d'Leit verschount blouwe virun der Pescht. Et huet en anert Kräiz ersat dat virdrun do stoung.[130]
"Peschtkräiz" oder "Biergerkräiz" genannt, mat der Opschrëft: EXSTR UCTA 1458 Frans (Plvmer) - 1709 Durch die Gemein von Waldtbredimus stoung fréier am Duerf op der Bausseréckwand vun enger Kapell. Et gouf zur Zäit vun enger Peschtepidemie opgeriicht, 1708 duerch d'Zaldote vum Herzog vu Bayeren zerstéiert an 1709 vun der Gemeng restauréiert. 1974 gouf et an d'Kierch gesat.[131]
Opschrëft ënnen op der Sail: DIS CRVTZ HAT LASSEN AUFRICHTEN IN EHREN GOTTES IOHA MULLER HEINRICH BLEY 1642 Dëst Peschtkräiz stoung fréier op der Bréck iwwer d'Uelzecht, nach virdrun stoung et am "Melleschpesch" um Bord vun der Strooss. Wéinst dem Numm Muller kann et sinn datt et vum deemolege Mëller opgeriicht gouf.[132]
Opschrëft ënnen op der Sail: MATHIAS MEHLEN / DETZEN EAM / II 1843 N.P. K.M. N.P. sinn d'Initiale vum Nikolaus Pinnel, K.M. déi vun der Katharina Mehlen. De Mathias Mehlen war där hire Papp. Detzen (oder Déitzen) war den Hausnumm vun der Famill Mehlen. Op der Sail ass e Relief vum hl. Mathias ze gesinn.[133]
Opschrëft ënnen um Sockel: DIES CREITZ HAT LASSEN MACHEN / UND AUFRICHTEN JOHANNES LENTZ / UND ELISABETDA LENTZ Z·EHREN / GOTTES VND DER FÜNF WUNDEN JESU / CHRISTUS EZEIT AUF WECKER MILLEN 1783[133]
Op dëser Plaz stoung fréier d'Mertzvogtei. Opschrëft ënnen op der Sail: FRANS MERDZ / IOHANATA SALSGEBER. De Relief op der Sail weist den hellege Franziskus.[134]
D'"Missiounskräiz" staamt aus dem Atelier Greef vun Altwis a gouf vum August Reuter opstelle gelooss. Et stoung fréier direkt un der Mauer vun der aler Kapell, déi 1928 ofgerappt gouf. Dobäi ass d'Kräiz zesummegebrach, gouf spéider awer nees virun där neier Welfrenger Kierch opgestallt.[135]
Steet nieft enger Weekapell. Opschrëft um Kappstëck: Aufgericht zu Ehren Gottes und der Erzbruderschaft der Heiligen Anna Gott allein die Ehr Anno 1718[136]
Kräiz op Maes, mat der Opschrëft: Zum Andenken der Jungfrau Maria Sünnen von Wellenstein, welche der Herr an dieser Stelle am 2. August 1862 im Alter von 27 Jahren zu sich rief. Forsche Gottes Ratschlüssen nicht nach, wenn auch unversehends Gott dein Herr sein will. Sie werden alle klar am Jüngsten Tag. Nun bete für mich und wandle still.[137]
"Kräiz op der Quäschwiss" Dat ursprénglech Kappstéck, dat d'Kräizegungsgrupp gewisen huet, gouf bei engem Verkéiersaccident zerstéiert an duerch en einfacht Kräiz mat Metallchristus ersat.[138]
D'Kräiz gouf opgeriicht als Erënnerung un e Gendaarm deen an engem strenge Wanter ëm 1815 vun engem Ruddel Wëllef ugegraff a bis op e puer Reschter opgefriess gouf.[139]
Weekapell mam Kappstéck vum "Schneiderjahnskräiz" Opschrëft:Maria du reine Jungfrau, bitte deinen lieben Sohn für uns in unserer Sterbestunde.[140][141]
Opschrëft: O, ihr alle, die ihr vorübergehet am Wege gebet Acht und sehet ob ein Schmerz gleich sei meinem Schmerz - Jeremias 1.12. D'Weekräiz kënnt aus dem Atelier vum Mathias Sadler (1836-1903) vu Wuermer. D'Kräiz uewendrop gouf schonn e puermol erneiert. Fréier stoung hei d'Weekräiz deem säi Kappstéck (Schneiderjahnskräiz) haut an der Kapell op der anerer Säit vun der Strooss steet.[140][141]
Ural Weekräiz dat scho fréier an der Kierfechtsmauer agebaut war, 2020 gouf et restauréiert an nees an eng Nisch an déi nei erbaute Kierfechtsmauer gesat. Fréier gouf op Palmsonndeg virum Kräiz de "Pällem" niddergeluecht an duerno verbrannt. D'Äsche sinn dann dat Joer drop op Äschermëttwoch benotzt ginn.[27]
Weekräizer aus éiser Géigend, 1981, (Paren Éinen, Fluessweiler, Gouschteng, Meechtem, Nidderdonwen a Wuermer), Ed. LASEP - Centre scolaire Dreiborn, 14. Band vun de Wormer Muselbéicher, Impr. E. Faber, Gréiwemaacher, 102 S.
Gilbert Jeitz, 2012: Wegkreuze und Sagen der Gemeinde Bettemburg S.118-168 an: Beetebuerg am Laf vun der Zäit, Band II, 170 S. Geschichtsfrënn aus der Gemeng Beetebuerg, Impr. Polyprint S.A., Esch-Uelzecht
Weekräizer a Monumenter an der Gemeng Miedernach, 1996, vun der Aarbechtsgrupp "Plan de Développement Communal - Commune de Medernach", 76 S. ISBN 2-9599870-1-2