Beeler läit am Norde vum Lëtzebuerger Land an ass eng Grenzuertschaft mat der Belsch. Seng Gewan grenzt am Westen an am Norden un déi belsch Uertschafte Malscheid a Lascheid. Ëstlech läit Leetem an am Süde Wäiswampech.
Den héchste Punkt vu Beeler ass um Béchel op 508 Meter wou och de Waasserbaseng steet, a seng déifst Plaz ass bei der Gossemaark LBN 63 op 395 Meter. Bei dëser Maark leeft och d'Rillerbaach an d'Belsch eriwwer, eng Niewebaach vun der Feederbaach, déi bei Stubach an d'Our leeft.
Eng Niewebaach vun der Rillerbaach, déi no bei der Grenzmaark LBN 64 entspréngt, mécht d'Grenz mat der Belsch bis zum Zesummefloss mat Rillerbaach, a vun do un als Rillerbaach bis bei d'Mark LBN 63 wou se dann an d'Belsch lafen.
D'Schibech mécht d'Grenz mat der Gewan vu Wäiswampech, an d'Niddelburen maachen op enger Längt vu 700 Meter d'Grenz mat Leetem.
Soss Interessantes
Beeler ass bekannt wéinst sengem Floumaart am Mee, op deem Artisten a Sammler sech gesinn, besonnesch Amateure vun alen Trakteren.