D'Kantone sinn eng Kreatioun vun der franséischerrevolutionärer Herrschaft. Duerch e Beschloss vum 31. August 1795 si 37 Kantonen entstanen, dovun der 24 op d'mannst deelweis um haitege Staatsgebitt. Den 11. September 1795 koum awer schonn eng Reduktioun op 27 Kantonen, dovun der 12 op deem haitege Staatsterritoire. Den 22. Oktober 1796 an de 6. Mäerz 1802 koume weider Ännerungen, déi dunn awer scho relativ no bei deenen haitege louchen. No 1839 hunn déi zu Lëtzebuerg geschloe Gemenge vum Kanton Arel mat deene vum Kanton Käerjeng zum Kanton Capellen fusionéiert, de Kanton Beetebuerg gouf mat Deeler vum Kanton Messancy mä ouns d'Gemeng Dippech zum Kanton Esch-Uelzecht, de Kanton vu Rued respektiv Betzder gouf vum Kanton Gréiwemaacher absorbéiert, an aus dem Kanton Osper gouf de Kanton Réiden[1].
Hautdesdaags huet d'Andeelung vum Land a Kantone keng administrativ Funktioun méi. Et gëtt weeder Kantonaladministratiounen, nach Kantonalparlamenter oder Kantonalgeriichter. Just d'Stroossebauverwaltung huet an all Kanton eng Néierloossung, an den Enregistrement huet bis op Veianen iwwerall e Büro.
Dat war awer net ëmmer sou. Vum 11. September 1795 bis zum Akraafttriede vum Gesetz vum 12. Abrëll 1972[5] war all Kanton de Kompetenzberäich vun engem Friddensgeriicht. Donieft gouf et nach Milizkantonen, déi zanter dem 25. Juli 1846 mat de Justizkantonen iwwereneegestëmmt hunn[6], an déi an hirem Chef-lieu d'Louszéien an d'Musterung vun de Milizionären z'organiséieren haten.
Maximilian Richard, Kantone: Kinder der Revolution op wort.lu den 11. Januar 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 11. Januar 2019 (S. 15) ënnert dem Titel Kinder der Revolution.Kantone haben hierzulande Tradition – ihre Geschichte beginnt im 18. Jahrhundert.
Referenzen
↑Raymond Dhur, D'Andeelung vum Groussherzogtum an Distrikter, Geriichtsbezierker a Kantonen, in Newsletter ACTuel Nr 5
↑Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Juli 1846, Nr. 1527, iwwer eng nei Andeelung vun de Milizkantonen, publizéiert am Mémorial N° 48 vun 1846, S. 451