|
LAU ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner LAU (Homonymie)
|
D'lokal administrativ Unitéit (gekierzt LAU, original am Engleschen: Local Administrative Unit) ass en hierarcheschen Niveau vum Eurostat, dem europäeschen Institut fir Statistik.
D'lokal administrativ Unitéite gëllen am ganze Wirtschaftsraum vun der Europäescher Unioun an erméiglechen eng eendeiteg Identifikatioun a Klassifikatioun vun de raimleche Referenzunitéite fir déi offiziell Statistike vun de Memberstaaten. Se sinn d'Haaptkomponente vun den NUTS-Regiounen, déi och vum Eurostat definéiert goufen. Op lokalem Plang goufen zwéin Niveaue fir d'LAUe festgehalen:
- LAU1: lokal administrativ Unitéit vum éischten Niveau, fréier NUTS4, dee fir déi meescht Länner definéiert ass;
- LAU2: lokal administrativ Unitéit vum zweeten Niveau, fréier NUTS5, deen d'Gemeng oder eng gläichwäerteg Unitéit an den EU-Memberstaaten festleet.
D'LAU-Codë fir Lëtzebuerg setze sech aus dem LAU1 fir déi 12 Kantonen an dem LAU2 fir déi eenzel Gemengen zesummen.
Um Spaweck