Lëtzebuerg, am Volleksmond dacks just d'Stad genannt, ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an d'Haaptstad vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Si ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a mat 134.697 Awunner (1. Januar 2024) déi Gemeng mat der héchster Bevëlkerung am Land. Den 23. Oktober 2012 hat si d'100.000 Awunner iwwerschratt a gouf domat zu enger Groussstad[1].
D'Stad Lëtzebuerg läit um Zesummefloss vun der Uelzecht an der Péitruss. Hir Geschicht geet bis an d'Réimerzäit zeréck, a si gouf wéinst hirer Festung, déi zanter dem Ufank vun der Neizäit bis 1867 bestoung an ëmmer méi ausgebaut gi war, "Gibraltar vum Norden" genannt. Déi al Quartieren an d'Befestegunge vun der Stad zielen zu den zwanzeg bedeitendsten historesche Stied déi vun der UNESCO ausgezeechent goufen[2][3].
Ronderëm d'Alstad, den historeschen Zentrum vun der Stad, leien no Norden, Osten a Süden hi 30–50 m déif Däll, déi vun der Péitruss an der Uelzecht an de Sandstee gegruewe goufen.
Ëstlech vum Zentrum, déi Säit der Uelzecht, ass de Plateau vum Kierchbierg, och Europäesche Quartier genannt. E bësse méi südlech dovu leien d'Neiduerf a Weimeschhaff, den Zens an Hamm. Tëscht dem Garer Quartier an dem Zens läit d'Polvermillen.
Schonn zu Réimerzäite sinn do, wou haut d'Stad Lëtzebuerg ass, zwou Réimerstroossen, de Kiem vun Arel op Tréier an eng Niewestrooss (diverticulum) vun där vu Metz op Tréier, zesummekomm. An der Spéitréimescher Zäit gouf um Bockfiels eng kleng Festungsanlag gebaut, fir engersäits d'Strooss an d'Bréck iwwer d'Uelzecht ze sécheren, an, anerersäits, fir de Germanen hir Incursioune sou wäit wéi méiglech ze stoppen. Am fréie Mëttelalter stoung vun där Anlag net méi vill, mä d'Plaz gouf "kleng Buerg" genannt. Dësen Numm gouf als Lucilinburhuc an an engem Tauschdokument eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt: Duerch en Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin huet den ArdennergrofSiegfried I. ëm d'Joer 963 Lännereien zu Lëtzebuerg getosch (dësen Tosch gouf méiglecherweis de 17. Abrëll 987 festgehalen). Hien huet du säi Schlass um Bockfiels gebaut.[5]
987, huet den Äerzbëschof vun Tréier, den Egbert (977-993), fënnef Altär an der Erléiserkierch (haut Méchelskierch) geweit.[6] Op der Kräizung vun de Réimerweeër bei der Kierch ass e Maart entstanen (den haitege Fëschmaart), ronderëm dee sech eng Uertschaft entwéckelt huet.
Mä schonn ier déi éischt Haiser ëm den haitege Fëschmaart entstane sinn, hu Leit am Gronn, a virun allem zu Weimeschkierch gewunnt. Zu Weimeschkierch hat d'Abtei Sankt Maximin zanter dem 9. Joerhonnert eng gréisser Grondherrschaft (926 gouf et do 6 Millen).[7]
Wéinst hirer Lag, souwuel geopolitesch wéi topographesch gesinn, hat d'Stad Lëtzebuerg zanter hirem Bestoen eng wichteg militärstrategesch Bedeitung. Am 10. Joerhonnert gouf schonn déi éischt Befestegung gebaut. Um Enn vum 12. Joerhonnert, wéi d'Stad sech ëmmer méi no Westen hin ausgebreet huet, koum eng 2. Festungsmauer dobäi (D'"Rue du Fossé" war de Festungsgruef zu där Mauer). Deemools gouf d'Nikloskierch gebaut, an en neie Maart (den haitege Krautmaart) koum bäi. 1221 gouf bei der Uecht-Paart am Westen en Hospiz gebaut, deem seng Gestioun de Walram vu Limbuerg dem Däitschhärenuerden iwwerdroen huet. Dëst gouf en hallef Joerhonnert drop an de Gronn transferéiert.
Am Spéitmëttelalter goufen e puer weider Kléischter gegrënnt: géint 1234 hunn op der Schadeburg (dem haitegen Helleg-Geescht-Plateau) fromm Biergerinnen e Muedeléine-Klouschter opgemaach, dat ëm 1264 an de Klarissenuerden opgeholl gouf; och d'Franziskaner hu sech virun der deemoleger Stadsmauer néiergelooss, zu Bouneweg goung e Klouschter op, dat sech ëm leprakrank Leit gekëmmert huet, a spéider a sech méi spéit den Zisterzienser ugeschloss huet. 1292 dann hunn hunn d'Dominikaner sech nordëstlech vun der Buerg installéiert.[8]
Am Ufank vum 14. Joerhonnert hat d'Stad eppes iwwer 900 Stéit, deemno ronn 5.000 Awunner.[9] Se war dunn ongeféier 5 Hektar grouss. 1340 huet de Jang de Blannen e Joermaart grënne gelooss, dee bis haut besteet: d'Schueberfouer.
Den 30. Juni1509 gouf et e grousst Feier an der Uewerstad, dat 5-6 Deeg gebrannt huet, an eng 180 Haiser, dorënner d'Méchelskierch, zerstéiert huet.[10]. E puer Joerzéngten duerno, am Summer 1554, ass duerch e Blëtzschlag d'Polvermagaseng am Verwëllef vun der Franziskanerkierch explodéiert, an duerch d'Feier dat doduerch entstanen ass, alt nees e groussen Deel vun der Uewerstad verbrannt. Dofir gëtt et kaum mëttelalterlech oder gotesch Stilelementer, déi an der Architektur vun der Stad erhale wieren.[11]
Festung
Géint 1340, ënner dem Jang de Blannen, sinn nei Festunge gebaut ginn, déi zum Deel bis 1867 stoungen. Déi verschidden Hären a Meeschteren (Burgunder, Spuenier, Habsburger, Fransousen a Preisen) hunn an de Joerhonnerten duerno d'Festung ëmmer méi ausgebaut a se zu enger vun deene stäerksten an Europa gemaach.
1795, ass Lëtzebuerg vu Frankräich annexéiert ginn, d'Stad gouf Prefektur vum Département des Forêts. 1815 gouf d'Stad zu enger "Bundesfestung", an där preisesch Truppe stationéiert goufen. Gläichzäiteg gouf d'Land pro forma als Groussherzogtum nei erschafen, mam Wëllem I. vun Holland als Groussherzog.
Nom Traité vu London vun 1867 huet d'Festung missen ofgerappt an dem Buedem gläich gemaach ginn. Et huet 16 Joer gedauert, bis dës Aarbechte méi oder manner ofgeschloss waren. Se hunn 1,5 Millioune Goldfrang kascht. Op en Deel vun de fréiere Festungsanlage sinn nei breet Stroossen (Boulevard Royal, Boulevard du Prince Henri) an de Stater Park ugeluecht ginn. Elo konnt d'Stad sech no alle Säiten ausbreeden. De Plateau Bourbon, mat der Alstad iwwer d'Nei Bréck (gebaut 1900-1903) verbonnen, war ee vun den éischten neie Quartieren, déi sou entstane sinn.
D'Plëss d'Arem steet souwuel fir den Ufank vum Naziregimm, wéi fir d'Enn: de 6. August1940 ass de Gauleiter Gustav Simon fir d'éischt op dëser Plaz opgetrueden an den 10. September1944 hunn d'Lëtzebuerger op der selwechter Plaz déi 5. amerikanesch Panzerdivisioun zesumme mam Prënz Felix als Befreier vu Lëtzebuerg gefeiert.
An der Philippsgaass op Nr. 19 war deemools de Café de la Poste. Hei gouf schonn Enn 1933 de Grondstee fir déi éischt ëffentlech Juddefeindlechkeet geluecht, andeems e Schëld Judenfreies Lokal ubruecht gouf. Den amerikanesche Schrëftsteller Henry Miller huet zu deem Zäitpunkt d'Lokal zoufälleg entdeckt an d'Situatioun a sengem Buch Quiet days in Clichy beschriwwen. Vis-à-vis op Nr. 28 an der Philippsgaass steet d'Gebai vun Commissariat au Rapatriement, deen 1944 an d'Liewe geruff gouf, fir déi Dausende vu Lëtzebuerger Krichsgefaangener nees heemzebréngen oder déi stierflech Iwwerreschter vun deenen, déi ëmkomm sinn an do wou Grafsteng bekannt waren, dës op Lëtzebuerg ze verleeën.
An der Monterey-Avenue, war den ale Sëtz vun der Haaptpostverwaltung. An der Zäit vun der däitscher Besatzung koum d'Post ënner d'Obhut vum Reichspostdirektor vun Tréier. Haut erënnert nach eng stenge Plack mat engem bronze Relief un déi 26 Postbeamten, déi am Krich gefall sinn, awer och un de Proteststreik vun enger Rei Postler den 1. September1942 géint d'Aféierung vun der Wehrpflicht.
An der Avenue Marie-Thérèse op Nr. 3 stoung dat aalt Bëschofshaus. Den deemolege Bëschof Phillippe war déi eenzeg Lëtzebuerger Autoritéit, déi d'Land am Krich net verlooss hat an dee seng Plaz no der Besatzung hale konnt. Op Nr. 5, am bëscheefleche Konvikt war an der Besatzungszäit en däitscht Lazarett.
Nieft der Aler Bréck steet e Fräiheetsstee fir un d'Befreiung vu Lëtzebuerg, der Belsch a Frankräich duerch d'US-Zaldoten z'erënneren.
Am Festsall vum Stadhaus um 1. Stack gouf den 10. September1952 d'Lëtzebuerger Ofkommes ënnerschriwwen, den éischten internationale Vertrag, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermord un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschland iwwerholl huet.
De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg huet 27 Memberen. Et gëtt zanter 2017 siwe Schäffen.
Zanter dem 17. Dezember 2013 ass d'Lydie Polfer (DP) Buergermeeschtesch. D'DP hat vun 2005 bis 2017 an enger Koalitioun mat deene Gréngen d'Majoritéit am Gemengerot. Vun 2017 un ass et an enger Koalitioun mat der CSV.
Zanter 2012 ass d'Stad Lëtzebuerg eng Groussstad, well si vun do u méi wéi 100.000 Awunner huet.[1] Enn 2016 waren 114.090 Leit an der Stad ageschriwwen, dovun 80.788 Net-Lëtzebuerger. Dat si 70,81% vun der Populatioun.[18] Vun den 163 Nationalitéiten, déi an der Bevëlkerung vertruede waren, koumen 105.216 (92,77%) Awunner aus Europa. 4.113 (3,28 %) vun den Awunner waren aus Asien, 2.457 (2,06%) aus Amerika, 2.111 (1,75%) aus Afrika an 102 (0,09%) aus Ozeanien. Fir 54 Awunner (0,04%) war hir Nationalitéit onbestëmmt a 37 Persounen (0,01%) waren Apatriden[18].
Zum selwechten Zäitpunkt war déi männlech Populatioun (58.398 also 51,19%) liicht an der Iwwerzuel par Rapport zu de Fraen (55.692 deemno 48,81%).
2016 sinn an der Stad Lëtzebuerg 1.258 Kanner gebuer ginn (321 Lëtzebuerger an 937 Auslänner) an am selwechte Joer si 570 Leit gestuerwen (419 Lëtzebuerger an 151 Auslänner)[18].
Awunner vun der Stad Lëtzebuerg no Nationalitéit[18]
D'Ekonomie vun der Stad Lëtzebuerg berout virun allem op de Servicer. Eng besonnesch Roll spillt se als international Finanzplaz: Iwwer 150 Banken a soss Finanzinstituter sinn do aktiv.
Zu deene bekanntsten international aktive Firme mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg zielen Arcelor Mittal an d'RTL Group. Och den Handel spillt eng wichteg Roll.
Als Haaptstad a gréisst Stad am Land huet d'Stad Lëtzebuerg och verkéierstechnesch eng zentral Roll.
D'N3 viru der Stater Gare, mat der Tramslinn T1
Loftverkéier
De Fluchhafe Lëtzebuerg läit um Findel, an der Gemeng Sandweiler, 6 km vun der Stad ewech. Als internationale Fluchhafe bestinn direkt Linne mat diversen europäesche Stied.
Stroosseverkéier
8 Nationalstroosse gi stralefërmeg vun der Stad aus fort: d'N1, d'N2, d'N3, d'N4, d'N5, d'N6, d'N7 an d'N11. D'Autobunnen A1, A3, A4 an A6 féieren an d'Stad, respektiv sinn Deel vum Contournement vun der Stad. Si sinn, ausser der A4, un d'Autobunnsnetz vun den 3 Nopeschlänner ugebonnen.
Ëffentlechen Transport
Eisebunn
An der Stater Gare lafe verschidden Eisebunnslinnen zesummen:
Pläng fir eng grouss nei Gare bei Zéisseng koumen an den 2000er Joren op; zanter der zweeter Hallschecht vun den 2010er Joren ass dovun awer näischt méi ze héieren.
Bussen
D'Stad Lëtzebuerg bedreift, mat hirer Gesellschaft Autobus de la Ville de Luxembourg, en eegent Busnetz, bei deem eng 150 Bussen op 32 Linnen déi verschidde Quartieren ofdecken. Ausserdeem fuere ronn 120 Linne vum RGTR d'Stad Lëtzebuerg un.
Tram
Bis 1964 gouf et en Tram an der Stad. Wéinst dem ëmmer méi héijen Autosverkéier gouf et zanter den 1990er Jore Pläng, en nees anzeféieren. Deen éischte Projet, "BTB" genannt, deen Trams- an Zuchreseau hätt sollen uneneen uschléissen, fir sou e méi grousst Anzuchsgebitt ofzedecken[22] ass wéinst dem Widderstand vun der Stater DP uganks 2000 op Äis geluecht ginn.
An de Joren duerno gouf un enger méi klenger Léisung laboréiert, déi d'Gare mam Kierchbierg soll verbannen. Am Juni 2012 huet d'Chamber dësem Projet zougestëmmt, deen zu 2/3 vum Staat an 1/3 vun der Stad finanzéiert soll ginn. Am Dezember 2017 gouf dat éischt Deelstéck vun der neier Tramslinn, provisoresch vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck, a Betrib geholl. Zanterhier gouf se Stéck fir Stéck weider ausgebaut, bis uganks 2025 den definitiven Tracé, vum Fluchhafe Findel bis bei de Stadion, fäerdeg ass. 2024 goufen d'Pläng fir eng zweet Linn gesetzlech op de Wee bruecht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stater Tram.
Vëloslocatiounssystem
Zanter dem Mäerz 2008 gëtt et e Vëlo-Locatiounssystem, Vel'oH! genannt, dee vun enger privater Firma ënner Konzessioun bedriwwe gëtt, a bei deem een op enger 125 verschiddene Plazen e Vëlo ausléinen an op enger anerer nees ofstelle kann.
Michel Pauly, 2012: "Von Weimerskirch nach Luxemburg: Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg im Mittelalter." In: ons stad 99, 2012, S. 4-9. [Baséiert op: Michel Pauly: "Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg von den Anfängen bis zum Beginn des 16. Jahrhunderts", in: Leben im Mittelalter: Luxemburg, Metz und Trier. Studien zur mittelalterlichen Stadtgeschichte und -archäologie (Publ. scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, t. II), Luxemburg 1998, S. 7-31, wou och weider Literaturreferenze sinn. Net ze vergiessen eng méi fréi Publicatioun déi zäitlech méi enk gezunn ass an déi eenzel Hypothesen diskutéiert: Michel Pauly a Michel Margue, 1987: "Saint-Michel et le premier siècle de la ville de Luxembourg", in: Hémecht, 1987, Heft 1, S. 5-83.]
Engelhardt, Friedrich Wilhelm, 1850. Geschichte der Stadt und Festung Luxemburg: seit ihrer ersten Entstehung bis auf unsere Tage, mit besonderer Rücksicht auf die kriegsgeschichtlichen Ereignisse, nebst Plan der Stadt und statistischer Einleitung
Sonja Kmec, 2008. Gibraltar des Nordens. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 267-272. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
Guy Thewes, 2008. La silhouette de la ville. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 253-258. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
Fotoalbum vun der Stad Lëtzebuerg
D'Péitrussdall an d'Bastioun Beck mat der Gëlle Fra... am Wanter