Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Heinrich IV., Gerhard vun Durbuy, Heinrich V., Walram vu Monschau, Katrin vu Limburg, Matill vu Limburg, Sophie vu Limburg, Jutta vu Limburg
De Walram III. vu Limburg (deels och als Walram IV. gezielt[1]), gebuer ëm 1180, a gestuerwen den 2. Juli1226 an der Abtei Rolduc an der Gemeng Kerkrade an Holland, war Här vu Monschau (Monjoie). Hie war duerno, vun 1221 bis 1226, Herzog vu Limburg, an dunn, vun 1214 bis 1226, mat senger Fra Ermesinde och Co-Grof vu Lëtzebuerg .
Hie war jéngste Bouf vum Heinrich III., Herzog vu Limburg a vun der Sophie vu Saarbrécken.
Duerch säin zweet Bestietnes (1214) mat der Gräfin Ermesinde (aus dem Haus Namouer), gouf de Walram Grof vu Lëtzebuerg (de iure uxoris) a war domat an den Ierfschaftsstreidereien tëscht Lëtzebuerg an Namouer bedeelegt.
Aus sengem éischte Bestietnes mat der Kunigunde vu Lëtzebuerg hat hien op d'mannst véier Kanner an och op d'mannst véier Kanner mat senger zweeter Fra Ermesinde.