Dës Säit befaasst sech mam Joer 1815.
Evenementer
Europa
- 18. Juni: Schluecht vu Waterloo.
- Um Wiener Kongress erhiewen déi europäesch Groussmiecht Lëtzebuerg an de Rang vun engem Groussherzogtum a ginn ëm déi territorial Onofhängegkeet. Groussherzog gëtt de Wëllem I., deen och gläichzäiteg Kinnek vun Holland ass. Well de Wëllem I. säin eegene Besëtz regroupéiere wëll arrangéiert e sech mat Preisen, un déi schlussendlech Lëtzebuerg seng Gebidder ëstlech vun der Musel, dorënner Béibrech, oftriede muss (zweet Deelung). Lëtzebuerg gëtt an den neigegrënnten Däitsche Bond vu souveräne Staaten opgeholl an d'Festung gëtt wéi Mainz a Landau eng Bundesfestung mat enger preisescher Garnisoun, déi awer effektiv wéinst engem Arrangement tëscht dem preiseschen an dem hollännesche Kinnek zu 3/4 aus preiseschen an 1/4 aus hollänneschen Truppe bestanen huet an a Friddenszäiten op 4.000 Mann limitéiert war. Am Fall vun engem Krich sollt s'op 6.000 Mann verstäerkt ginn.[1]
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft an Technik
Gebuer
- 18. Januar: Warren de la Rue, britteschen Astronom a Cheemiker.
- 18. Januar: Konstantin von Tischendorf, däitschen Theolog.
- 12. Februar: Edward Forbes, britteschen Naturfuerscher.
- 01. Abrëll: Otto von Bismarck, preisesche Politiker.
- 04. Abrëll: Andrew Graham, ireschen Astronom.
- 14. Abrëll: Clara Fey, däitsch Uerdensgrënnerin.
- 27. Abrëll: Guillaume-Mathias Augustin, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 08. Juni: Samuel Hirsch, däitsche Rabbiner a Philosoph; éischte Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 22. Juli: Théodore de Wacquant, lëtzebuergeschen Dokter.
- 16. August: Giovanni Bosco och nach Don Bosco, italieenesche Sozialpedagog, den hellëggesprach gouf.
- 28. August: Ferdinando Petruccelli della Gattina, italieenesche Journalist, Schrëftsteller a Politiker.
- 07. Dezember: Johann Ambrosius Zobel, éisträichesche Redemptioniste-Pater.
- 10. Dezember: Ada Lovelace, brittesch Mathematikerin.
Gestuerwen
Um Spaweck
- ↑ Dictionnaire géographique du Luxembourg Säit 238 an 251