Gemeng Bartreng
D'Gemeng Bartreng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bartreng vun där se och hiren Numm huet. Uertschaften an der Gemeng[1]Zu der Gemeng Bartreng gehéieren ausser Bartreng selewer nach déi follgend Lieu-diten an Häff:
KadastersektiounenD'Gemeng Bartreng huet dräi Kadastersektiounen:
GeographieD'Gemeng Bartreng läit westlech vun der Stad Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 280 an 345 m (NG-L). D'Nopeschgemenge si Mamer a Stroossen am Norden, Lëtzebuerg am Osten, Leideleng a Reckeng op der Mess am Süden an Dippech am Westen. Duerch d'Gemeng leeft vu Westen no Osten d'Péitruss. D'Grouf, eng Baach déi hiren Ursprong grad wéi d'Péitruss am ëstlechen Deel vun der Gemeng Dippech huet, leeft och vu Westen no Osten duerch d'Gemeng a fléisst da bei der Helfenter Bréck an d'Péitruss. VerkéierIwwer den Tossebierg leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert. Weider wichteg Stroosse sinn d'N34 an d'N35, déi d'Verbindung tëscht der N6 an der N5 maachen, déi an Ost-Westrichtung duerch d'Gemeng féiert. Op der Helfenter Bréck ass d'Gemeng un d'Autobunn A6 ugeschloss, déi do zirka 350 m iwwer d'Gebitt vun der Gemeng leeft. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen CR163 an CR181 duerch d'Gemeng. D'Gemeng ass duerch d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten un d'Eisebunnsnetz ugeschloss un där se eng Gare huet. Duerch d'AVL-Buslinne 5, 6, 8, 10, 11 a 16 ass d'Gemeng duerch Busse mat der Stad Lëtzebuerg verbonnen. GeschichtDen 1. Januar 1850 (duerch Gesetz vum 6. August 1849) goufen d'Sektioun Stroossen an den Deel vun der Sektioun Reckendall dat um "ban de Strassen" louch, vun der Gemeng Bartreng ofgetrennt, fir eng nei Gemeng Stroossen ze schafen. Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Bartreng 1.202 Awunner, 250 bewunnten Haiser an 252 Famillen. Wope vu Bartreng
Entwécklung vun der AwunnerzuelQuell: STATEC PolitikDe Gemengerot vu Bartreng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 13 Conseilleren zesummen. No de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017, bei deenen d'DP déi absolut Majoritéit krut, stellt dës Partei de Schäfferot, mam Frank Colabianchi als Buergermeeschter.[2] Virdru war d'DP an enger Koalitioun mat deene Gréngen. Zesummesetzung
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu Buergermeeschteren
JumelageZanter dem 23. Mäerz 1997 ass Bartreng mat der italieenescher Gemeng Santa Maria Nuovo (Regioun Marken (Marche), Provënz Ancona) jumeléiert. Interkommunal SyndikaterD'Gemeng Bartreng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater: Kuckeswäertes an der Gemeng
Perséinlechkeeten aus der Gemeng Bartreng
Literatur
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
Information related to Gemeng Bartreng |