D'Gemeng Sandweiler ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Sandweiler vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften an der Gemeng
Follgend Häff a Lieu-diten gehéieren zur Gemeng:
Geographie
D'Gemeng Sandweiler stéisst am Westen un d'Stad Lëtzebuerg, am Südwesten un d'Gemeng Hesper, am Süden d'Gemeng Conter, am Osten un d'Gemeng Schëtter, an am Norden un d'Gemeng Nidderaanwen.
Geschicht
Den 1. Januar 1874[1] ass aus der Sektioun Hamm (mat den Uertschaften Hamm, Schläifmillen, Fetschebuer, Hammer Dällchen, Scheedgronn, Zens an Tawioun[2] an aus der Sektioun Polvermillen, déi bis zu deem Zäitpunkt zwou Sektioune vun der Gemeng Sandweiler waren, d'Gemeng Hamm entstanen.
Duerch Gesetz vum 5. Juli 1939[3] goufen d'Uertschaft Kalchesbréck an de Lieu-dit Steppchen, bei d'Gemeng Lëtzebuerg geprafft.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
Quell:STATEC
Wopen
Wopen
Politik
Gemengerot
De Gemengerot vu Sandweiler gëtt zanter 2011 nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer |
CSV |
DP |
gréng |
LSAP
|
2005 |
4 |
- |
1 |
4
|
2011 |
5 |
2 |
2 |
2
|
2017 |
4 |
2 |
3 |
2
|
2023
|
3
|
3
|
2
|
3
|
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
De Gemengerot, deen aus de Wale vun 2005 ervirgoung, bestoung aus jee 4 CSV an LSAP-Gemengeréit, an engem Gréngen. Buergermeeschter war de Charles Unsen, LSAP (deen 2011 net méi kandidéiert huet).
Säin Nofollger gouf am Oktober 2011 de John Breuskin (CSV). No sengem Récktrëtt gouf deem seng Parteikolleegin Simone Massard-Stitz den 28. Januar 2015 vereedegt.
Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 koum et zu enger neier Koalitioun, an d'Jacqueline Breuer gouf nei Buergermeeschtesch.[4].
Buergermeeschteren
- Michel Altmann (1830 – 1845)[5]
- Samson Godchaux (1846 – 1862)
- Jean Weicker (1862 – 1872)
- Paul Godchaux (1873)
- Nicolas Mousel (1874 – 1888)
- Mathias Mousel (1889)
- Emile Fischer (1891 – 1902)
- Jacques Mousel (1903 – 1907)
- Jean Mousel (1907 – 1917)
- Pierre Hentzen (1918 – 1926)
- Nicolas Birkel (1927 – 1934)
- Emile Hentzen (1935 – 1945)
|
- Joseph Reichling (1946 – 1957)
- Pierre Birkel (1957 – 1963)
- Josy Gardulal (1964 – 1965)
- Henri Majerus 1966 – 1978)
- Pierre Schmitt (1979 – 1991)
- Alphonse Massard (1991 – 1993)
- Charles Unsen (1994 – 1999)
- John Breuskin (2000 – 2009)
- Charles Unsen (2009 – 2011)
- John Breuskin (2011 - 2015)
- Simone Massard-Stitz (2015 - 2023)
- Jacqueline Breuer (zanter 2023)[4].
|
Interkommunal Syndikater
D'Gemeng Sandweiler ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Biller
Kuckeswäertes
Bibliographie
- Sandweiler Notizen Nr 1 erausgi vu redaktioun sandweiler 1083 - 1983,72 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, 1982)
- Sandweiler Notizen Nr 2 erausgi vu redaktioun sandweiler, 166 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, 1983)
- Sandweiler Notizen Nr 3 erausgi vu Santwilre, Frënn vum Ale Sandweiler, 197 Säiten, (Imprimerie Joseph Beffort, Lëtzebuerg, 1990)
- Sandweiler Notizen Nr 4 erausgi vu Santwilre, Frënn vum Ale Sandweiler, 212 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1992)
- Sandweiler Biller, Sandweiler Notizen Nr 5 erausgi vun der Gemeng Sandweiler, 237 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1999)
- 250 Joer Porkierch Sandweiler, Sandweiler Notizen N°6 erausgi vu Santwilre, Frënn vum ale Sandweiler, 288 Säiten + Fotoen an Dokumenter (Imprimerie Saint-Paul Lëtzebuerg, 2008)
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Loi du 20 décembre 1873, créant une nouvelle commune du nom de Hamm. legilux.public.lu (20.12.1873). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
- ↑ Schreifweis am deemolege Gesetz: Hamm, Schleifmuhl, Fetschenbour, Haemmerstellgen, Scheidgrund, Scheidhof, Zens et Tavion (...) Pulfermuhl
- ↑ Loi du 5 juillet 1939, concernant le fusionnement de Kalkesbrück et de Steppchen avec la commune de Luxembourg. legilux.public.lu (08.07.1939). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
- ↑ 4,0 4,1 (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (18.07.2023). Gekuckt de(n) 19.07.2023.
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 29 décembre 1843, N° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché. legilux.public.lu (19.01.1944). Gekuckt de(n) 18.07.2020.