Tawioun

Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tawioun
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Postcode 2612
Koordinaten 49°36'59,15"N, 6°9'8,57"O
Morphologie
Längt 1.465 m
Héicht i. M. 320 m

Den Tawioun (och alt Tavioun[1]) ass eng Strooss déi an der Stad Lëtzebuerg d'Neiduerf mam Zens verbënnt.

Geographie

Vun der Neiduerfer Strooss am Neiduerf aus, geet den Tawioun op 249 Héichtemeter fort, leeft de Bierg aus a stéisst um Zens op enger Héicht vun 324 m ëstlech vum Fetschenhaffer Kierfecht op d'Tréierer Strooss.

Numm

Den Numm vun der Strooss geet op den Oktavian zeréck, e Bouf vum Péiter Ernest vu Mansfeld a senger zweeter Fra, der Marie de Montmorency.

De Mansfeld hat eng ronn 5 km laang Mauer ronderëm den Déieregaart baue gelooss, deen zu sengem Schlass gehéiert huet. An der Mauer waren e puer Paarten an eng dovu war d'Porta Octaviani. Déi genee Plaz wou se stoung ass net gewosst, awer verschidden Historiker[2] situéiere s'um Fetschenhaff.

Mansfeld Wee

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Tawioun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. fréier Schreifweis
  2. Jemmy Koltz, François Lascombes