En amerikanesche F-6C Mustang am Oktober 1944 um "Sandweiler Airfield".Embraer 145 vun der Luxair virum Terminal BD'Pist vum Fluchhafe Lëtzebuerg (1991)Lag vum Fluchhafen ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg.Kaart vum Fluchhafe Lëtzebuerg.Den Terminal B vun der Pist aus gesinn.Checkin an der neier Aerogare (Terminal A)Terminal ADen Agangsberäich vum Terminal A
De Fluchhafe Lëtzebuerg (IATA: LUX, ICAO: ELLX), offiziell Aéroport de Luxembourg, läit um Findel ronn 7 km[1] nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Sandweiler, Nidderaanwen a Lëtzebuerg. De Begrëff Findel gëtt dann och dacks als Metonymie fir de Fluchhafe gebraucht.
Geschicht
1939 ass ugefaange ginn, den Terrain riicht ze maachen. Am Zweete Weltkrich war do eng däitsch Schoul fir Seegelfliger.
Den 21. Juli 1946 gouf de Fluchhafen duerch e Fluch vun der SABENA vu Bréissel op Lëtzebuerg offiziell ageweit a vun do u gouf et zweemol an der Woch esou e Fluch.[2][3][4].
1955 gouf d'Landepist vun 2.000 op 2.830 Meter verlängert, 1975 gouf se nach eng Kéier méi laang gemaach. Haut ass d'Bunn fir ze lande 4 Kilometer laang.
1975 gouf eng nei Aerogare a Betrib geholl, an 1993 gouf en neien, 35 Meter héije Kontrolltuerm opgeriicht.
2003 gouf mat Aarbechte fir eng nei Aerogare, mat ë. a. engem Uschloss un d'Schinnennetz, ugefaangen. Déi geplangt ënnerierdesch Zuchgare war geduecht fir am Kader vum Projet Zuch-Tram, deen den deemolegen Transportminister Henri Grethen duerchgeboxt hat, de Fluchhafe mat der Stater Gare ze verbannen a fir datt den TGV vu Paräis iwwer d'Gare Lëtzebuerg bis op de Findel fuere kéint. De Projet gouf no de Chamberwale vun 2004 vum neien Transportminister Lucien Lux ënnerstëtzt an d'Aarbechten hunn 2008 ugefaangen. No de Wale vun 2009 ass de Projet dunn awer vum neien Transportminister Claude Wiseler gestoppt ginn, well d'Käschte vun 1,5 Milliarden Euro vum Projet "Zuch-Tram" ze héich waren. De Réibau war scho bal ganz fäerdeg an d'Entrée vum Tunnel gouf zougeschott. D'Gare bleift verlooss an et gëtt no alle méigleche Léisunge gesicht, fir eng nei Affektatioun vun der Zuchgare ze fannen[5].
Déi aktuell Aerogare besteet aus zwéin Terminalen:
Terminal A: den Haaptterminal vun der Aerogare gouf de 25. Abrëll2008 ageweit an den 21. Mee2008 a Betrib geholl.
Terminal B: ass als Annex vun der deemoleger Aerogare gebaut ginn an de 26. Mee 2004 a Betrib gaangen. Nom Check-in an der Haaptaerogare hunn d'Clientë vu méi klenge Linnefligeren (bis zu 50 Passagéier) deen Terminal fir den Transfert bei hire Fliger benotzt. Den Terminal B war vum Terminal A duerch déi al Aerogare getrennt a war dofir sou laang zou, wéi déi net ofgerappt war. Déi al Aerogare vun 1975 gouf an de Joren 2010 - 2011 ofgerappt[6]. Nodeems eng Zäit laang vun enger Passerell tëscht dem Terminal A a B rieds war, déi déi zwee Gebaier verbanne sollt[7],[8], huet den Infrastrukturminister François Bausch am Oktober 2014 ugekënnegt, datt "schëtzeg"[9] en Tëschegebai gebaut soll ginn, an deem och zousätzlech Restauratiounsbetriber a Butteker ënnerkomme kéinten[10].
Donieft gëtt et nach den Terminal GAT (General Aviation Terminal) fir d'Offäerdege vun der aviation générale; d'Inauguratioun vun dësem Terminal GAT war den 1. Februar 2008[11],[12]
D'Luxairport exploitéiert haaptsächlech d'Terminalen A a B, de GAT (General Aviation Terminal) an den ale Cargozenter. Se këmmert sech och ëm den Entretien vun de Clôturen an de Schibe- an Dréidieren an ëm d'Zougangskontrollen op de Site.
Um a ronderëm de Findel, schaffe fir de Fluchhafen direkt an indirekt eng ronn 6000 Leit. Am grousse Ganze sinn awer eng gutt 20.000 Aarbechtsplazen ofhängeg vun de Fluchhafenaktivitéiten um Findel. Dofir zielt dëse Wirtschaftspilier 2014 mat senge 4,88 % vum PIB, zu engem wichtege Facteur vun der Ekonomie am Grand-Duché.
Am Passagéierberäich, gouf de Fluchhafe wärend der Summerzäit 2014, vun 22 Fluchgesellschaften ugeflunn. Domat gouf et an der Haaptsaison, net manner wéi 84 Reesdestinatiounen iwwer 24 Länner verdeelt. Wat d'Wanterzäit 2014/15 dogéint betrëfft, gëtt et just 10 Fluchgesellschaften. Dowéinst gëtt et tëscht dem 25. Oktober am 30. Mäerz, nëmmen 41 direkt Destinatiounen a 16 verschidde Länner.
Am Joer 2024 si 15 Gesellschafte reegelméisseg vum Findel aus op ronn 110 verschidden Destinatioune geflunn. Luxair a LuxairTours bidde 87 Destinatiounen an 32 Länner un[13].
2024 war dat Joer mat bis dohin deene meeschte Passagéier: Iwwer 5 Millioune Reesender sinn dat Joer um Findel ukomm oder fortgeflunn.
D'Haaptpassagéierinfrastruktur besteet aus zwou Aerogaren, mat enger Capacitéit vun am Ganzen 3,6 Millioune Passagéier am Joer.
Den Terminal A mat enger Bruttofläch vun 43.400 m², a mat enger 5000 m² grousser Glasfassad ass d'Haaptgebai. Dobäi kënnt, datt d'Aerogare mat 26 Offäerdegungsguichete wéi och mat 18 Passagéierausgäng ekipéiert ass. Op den zwou Säite vum Offäerdegungsberäich ass e Sécherheetsberäich.
Beim Terminal B gëtt et weeder en eegenen Offäerdegungsberäich, nach een onofhängegen Arrivéesberäich. De Sécherheetsberäich ënnerläit och der Infrastruktur vum Terminal A. An dëser 156 Meter laanger Annex sinn 10 Passagéierausgäng, déi op zwou Säite vum 14 Meter breede Gebai opgedeelt sinn.
Donieft gëtt et nach den Terminal GAT (General Aviation Terminal) fir d'Offäerdege vun der aviation générale, also net vu Linneflich, mä vu Privat- oder Firmefligeren. Dësen Terminal leit ofgeleeë vun deenen zwéin aneren am Frachtzentrum vum Fluchhafen. De GAT ass an enger Rekordzäit vun eppes iwwer sechs Méint decidéiert, geplangt a fäerdeg gebaut ginn. D'Inauguratioun war den 1. Februar 2008[11],[12]-
Zousätzlech gëtt et och nach en Terminal fir Privatjetten. Dësen Terminal funktionéiert autonom, an ass domat ganz vun den anere Passagéieraktivitéite vum Findel ofgetrennt.
Parking an ëffentlechen Transport
Fir d'Cliente vum Luxairport sti verschidde Parkingen zur Verfügung:
ënnerierdescht Parkhaus („Indoor“ Parking A a B): 4.080 Plazen op véier Stäck verdeelt
baussenzege Parking („Kiss & Fly“ Parking C): Kuerzzäit-Parkplaz direkt virun der Aerogare
baussenzege Parking „Open Air“ (Parking F, G a K): fir eng Parkzäit vu méi wéi 24 Stonnen
baussenzege Parking „Holiday“ (Parking E): fir eng Parkzäit vu méi wéi 4 Deeg
baussenzege Parking „Economy“ (Parking M an L[15]): fir eng Parkzäit vu méi wéi 3 Deeg. Den Transfert vun de Parkingen, déi beim Findel Business Center leien, bis bei d'Aerogare gëtt mat enger Busnavett organiséiert.
Am Frachtberäich huet de Luxair-Cargozenter eng maximal Capacitéit vun 1 Millioun Tonne Wueren am Joer. Enn 2014, hunn eng 13 verschidde representéiert international Cargo-Fluchgesellschaften de Findel ugeflunn. Doriwwer eraus ass en unhand vu sengem Tonnage, als fënneft gréissten Acteur um europäesche Maart klasséiert. Eng zousätzlech nei Aktivitéit am Logistikberäich vum Fluchhafen ass zanter 2014 den High Security Hub, eng Fräihandelszon an en ofgeséchert Tëschelager fir Wäertsaachen.
Cargolux-Maintenancezenter
Am Süde laanscht d'Pist, steet de grousse Cargolux-Maintenancezenter.
Fligerpist
De Fluchhafe Lëtzebuerg huet eng eenzeg Asphalt-Pist (06/24) vu 4002 × 60 Meter, wat eng vun de längste Pisten a ganz Europa ass. D'ILS-Frequenz ass 109,9 / 110,7.
Renovatioun vun der Pist
00
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Frequenzen
Luxembourg Tower 118,1 (Kontrolltuerm, fir d'CTR vum Buedem bis 2500 ft zoustänneg)
Luxembourg Approach 118,9 (Radar, fir d'TMA Luxembourg vu 2500 ft bis FL165 zoustänneg, am Norde vun der TMA vun 3500 ft bis FL145, doriwwer BelgoControl an, iwwer FL245, Maastricht UAC)
An de fréie Moiesstonne vum 6. Oktober 2000 koum et zu engem vun de spektakuläerste Virfäll an der Lëtzebuerger Kriminalgeschicht. Convoyeure vun der Geldtransportfirma Brinks waren amgaang, 73 Millioune Frang (iwwer 1,8 Mio €) an e Fliger vun der Crossair ze lueden, wéi eng Camionnette iwwer d'Virfeld gerannt koum. Sechs schwéierbewaffnet a camoufléiert Männer sinn aus der Camionnette erausgesprongen an hunn d'Personal forcéiert, sech op de Buedem ze leeën, wärend de Chauffer vum Geldtransporter mat enger Panzerfauscht a Schach gehale gouf. Ee vun den Täter ass an de Fliger geklommen an huet sechs Geldsäck erausgeholl. Wéi ee vum Personal probéiert huet ze flüchten, gouf hie vun zwéin Täter an d'Bee geschoss.
Wéi den Täter mat der Panzerfauscht sech eng Kéier kuerz vum Geldtransporter ewechgedréint huet, huet de Chauffer vun der Brinks-Camionette Vollgas ginn a probéiert z'entkommen. Direkt hunn d'Täter mat enger Kalaschnikow op den Auto geschoss, an déi zwéi Geldbuete si blesséiert ginn.
D'Täter sinn doropshi geflücht, mä nëmmen e puer Minutte méi spéit op eng Stroossespär vun der Police getraff. Ouni Virwarnung hunn d'Banditte ronn 36-mol op déi zwéi Poliziste geschoss (een huet e Sträifschoss um Kapp ofkritt, deen zweete gouf vun engem Querschléier am Bauch getraff). No enger kuerzer Flucht goufen d'Täter um Scheedhaff vun enger Zivillpatrull bewosst an en Accident verwéckelt. Ee vun den Täter konnt sou verhaft ginn, deen aneren ass dervukomm a konnt bis haut nach net gefaasst ginn[16].
De Kapp vun der Band soll de Marcel Habran, e Caïd aus dem Lécker "Milieu", gewiescht sinn, deen allerdéngs bei der Attack net derbäi war[17].
Fluchgesellschaften an hir Destinatioune vum Findel aus
Passagéierflich
Déi Gesellschaften hei drënner fléien vum Findel aus op déi Destinatiounen, déi a Klameren ugi sinn[18]:
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
D'Joer 2023 war e Rekordjoer fir de Fluchhafe Lëtzebuerg, well am August méi wéi 490.000 Passagéier gezielt goufen, en Niveau dee virdrun nach ni erreecht gouf. Dobäi kënnt, datt d'Zuel vun de Passagéier iwwer dat ganzt Joer méi héich war wéi 2019 (dat lescht Referenzjoer virun der Covid-Pandemie)[20].
Wéi am Joer 2019 war och 2023 Porto déi beléiftst Destinatioun fir d'Passagéier déi um Findel fortgeflunn oder do ukomm sinn. Mat ronn 150.000 Passagéier méi am Joer 2023 war dat eng Progressioun vu 45 % am Verglach mat 2019. An der Top-20 louch Lissabon op der zweeter Plaz (identesch wéi 2019). Frankfurt ass vun der véierter op déi drëtt Plaz geklommen. E grousse Sprong gouf et fir Palma de Mallorca déi vun der Plaz 13 am Joer 2019 op déi drëtt Positioun geklommen ass. D'Augmentatioun vu ronn 56.000 Passagéier mécht eng Progressioun vun 49 % aus.
Top-20 Destinatiounen vum / op de Findel (Passagéier pro Joer)[21]
An de Covid-Jore gouf eng Dynamik am Loft-Gidderverkéier festgestallt, déi et bis dohin nach ni gouf; 2021 goufe Gidder op engem Rekordniveau vu bal 1,1 Milliounen Tonne festgestallt. Duerno huet et nees ofgeholl an 2023 louch de Gesamt-Tonnage mat knapp 800.000 Tonnen ënner dem Niveau vun 2019, wéi nach eppes méi wéi 855.000 Tonne gezielt goufen. Dëst bedeit e Réckgang vu 7 %.
↑"schëtzeg": Lo gëtt et dann och méi Detailer iwwer dëse Projet, deen dem Direkter vum Fluchhafen, dem Johan Vanneste, no spéitstens Ufank 2019 fäerdeg soll sinn. Scho 6 Joer laang ausser Betrib, rtl.lu, 12. November 2014