Dakar ass d'Haaptstad vum Senegal, a läit op der Westküst vun Afrika, op der Cap-Vert-Hallefinsel. Se huet méi wéi eng Millioun Awunner, an ass 82 km2 grouss.
Staddeeler
D'Stad ass an 19 Arrondissementer agedeelt:
Biscuiterie
Cambérène
Dieuppeul-Derklé
Fann-Point E-Amitié
Gueule Tapée-Fass-Colobane
Grand Yoff
Grand Dakar
Hann Bel-Air
HLM
Île de Gorée
Médina
Mermoz-Sacré-Cœur
Ngor
Ouakam
Parcelles Assainies
Patte d'Oie
Dakar-Plateau
Sicap-Liberté
Yoff
Klima
Dakar huet en tropesche Klima mat nëmmen zwou Joreszäiten: eng waarm a fiicht Joreszäit déi vum Juni bis Oktober dauert an där et vill reene kann, bis zu (179 mm) am August, mat Temperature vu 27 °C. Déi aner Joreszäit dauert vum November bis Mee an ass e bësse méi kill a vill mei dréchen, mat nëmmen 1 mm pro Mount.
D'Université Cheikh Anta Diop de Dakar gouf 1957 gegrënnt. Un d'Univesitéit sinn den Institut Fondamental d'Afrique Noire, souwéi ee MieresbiologescheMusée, den ale Centre Culturel Français an de Centre Douta Seck an der Medina ugeschloss. Kedge Business School ass och an der stad.