Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Schwäiz (däitsch: Schweizerische Eidgenossenschaft, fr.: Confédération suisse, it.: Confederazione Svizzera, rätoroman.: Confederaziun svizra, lat. Confoederatio Helvetica) ass e Staat a Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un Däitschland, am Osten u Liechtenstein an Éisträich, am Süden un Italien an am Westen u Frankräich.
Dat war net ëmmer sou. D'Rätoromanesch, wat vu manner wéi engem Prozent vun der Bevëlkerung geschwat gëtt, gouf eréischt 1938 Nationalsprooch (Landessprooch). Iwwer en halleft Joerhonnert drop, den 10. Mäerz1996, hu sech d'Schwäizer dunn an engem Referendum fir d'Romanescht als hir véiert offiziell Sprooch (Amtssprooch) decidéiert. D'Ännerung ass zanter der Revisioun vun der Constitutioun am 1999er Joer a Kraaft, gëllt awer just fir d'Kommunikatioun tëscht Staat a Bierger mat rätoromanesch als Mammesprooch.
Fir de Rescht ass d'Schwäiz sproochpolitesch nom sougenannte Territorialprinzip organiséiert. D'Republik garantéiert zwar Sproochfräiheet fir d'Bierger, léisst d'Kantonen an d'Gemengen awer selwer doriwwer decidéiere wat fir e Status déi jeeweileg Sproochen op regionalem Plang hunn. Domat ass d'Méiglechkeet ginn traditionell Sproochraim z'erhalen. D'Konsequenz dovun ass, datt an deene meeschte Schwäizer Gemengen nëmmen eng Sprooch als offiziell unerkannt ass. Nëmmen an e puer Bezierker a Gemengen laanscht d'Sproochgrenzen huet een de Choix tëscht de Sproochen. Dat gëllt natierlech nëmme fir den Ëmgang mat ëffentlechen Institutioune wéi der Verwaltung, de Schoulen an de Geriichter.
Am Schwäizer Schoulsystem mussen d'Schüler nieft hirer Mammesprooch op d'mannst nach eng weider Landessprooch a meeschtens och nach Englesch léieren.
D'Majoritéit vun de Schwäizer gehéiert zu der däitscher Sproochcommunautéit (62,7 %). Geschwat gëtt allerdéngs Schwizerdütsch wat historesch gesinn zu der alemannescher Sproochefamill gehéiert an eng méi al Sproochform wéi d'Héichdäitsch ass. Et gëtt zwou Haaptrichtungen: Berndütsch an Züridütsch. Genee wéi och zu Lëtzebuerg gëtt et an der Schwäiz eng Diglossie am Däitschen. Dat heescht a verschiddene Beräicher gëtt den Dialekt benotzt, z. B. beim Schwätzen, Talkshow, etc, an an aneren d'Standardsprooch z. B. an de Printmedien oder de Schoulbicher.
Franséisch hunn 20,4 % vun de Schwäizer als Mammesprooch. Geographesch konzentréiert sech d'francophone Bevëlkerung am Beräich vun der Romandie, am Weste vum Land.
Am Kanton Tessin an a véier Däll vum Kanton Graubünden (Grigioni Italiano) gëtt Italieenesch (6.5 %) geschwat.
Anerwäerts ass Graubünden och dee Kanton an deem d'Rätoromanesch, eng al romanesch Sprooch, nach eng relativ staark Positioun huet (an der Géigend vum Engad). D'Minoritéitesprooch (0,5 % Mammesproochler) ass laang Zäit vun offizieller Säit aus vernoléissegt ginn an huet och haut nach schwéiere Stand vis-à-vis vum Däitschen. Zanter 1860 sinn 51 Gemengen zu Graubünden vum Romaneschen an d'Däitscht gewiesselt. Déi véiert offiziell Landessprooch gëtt a verschiddenen Dialekter geschwat an hautdesdaags och nees an der Schoul geléiert. D'Schwäizer Tëlee huet sech dozou verflichte gelooss e gewëssene Prozentsaz Sendungen -och spezielle Kannersendungen- op Rätoromanesch ze weisen.
D'Matterhorn zu Zermatt ass ee vun den héchste Bierger vun den Alpen an e reegelrecht Nationalsymbol vun der Schwäiz.
Bibliographie
William Martin, Histoire de la Suisse, 8e éd. conforme aux précédentes avec une suite de Pierre Béguin: Lhistoire récente 1928-1973, complétée par A. Bruggmann; Lausanne (Payot), 1980.
Dieter Fahrni, Histoire de la Suisse - Survol de l'évolution d'un petit pays depuis ses origines jusqu'à nos jours ; Zürich (Pro Helvetia), 1983; 3. Oplo = 1986; 111 Säiten.- Originaltitel: Schweizer Geschichte. Ein historischer Abriss von den Anfängen bis zur Gegenwart.
Kollektiv, Nouvelle histoire de la Suisse et des Suisses ; 3 Bänn; Lausanne (Comité pour une Nouvelle Histoire de la Suisse, présidé par J.-C. Farez), 1982-1983.- Dëst Wierk koum simultan och op Däitsch an op Italieenesch eraus.
Grégoire Nappey, Histoire suisse ; Le Mont-sur-Lausanne (LEP / Éditions Loisirs et Pédagogie, S.A.), 2007; 94 Säiten (ill. vum Mix & Remix). ISBN 978-2-606-01200-7
Jean-Pierre Felber, De l'Helvétie romaine à la Suisse romande ; Genf (éd. Slatkine & Société d'histoire de la Suisse romande), 2006; 387 Säiten (ill.). ISBN 2-8321-0252-2 & ISBN 978-2-8321-0252-7
Michel Charrière & Anton Bertschy, Fribourg: un canton, une histoire ; Freiburg, 1991; 146 Säiten (ill.).
Raffaello Ceschi, Geschichte des Kantons Tessin ; erausgi vum Max Mittler; Frauenfeld-Stuttgart-Wien (Verlag Huber), 2003; 302 Säiten (ill.). ISBN 3-7193-1314-X
Oswald Sigg, Les institutions politiques en Suisse ; Zürich (Pro Helvetia), 1983; 4. Ausgab = 1988; 62 Säiten.- Originaltitel: Die politischen Institutionen der Schweiz.
Vincent Golay, Institutions politiques suisses ; Le Mont-sur-Lausanne (LEP / Éd. Loisirs et Pédagogie, S.A.), 2005; Neioplo = 2009; 94 Säiten (ill. vum Mix & Remix). ISBN 978-2-606-01263-2
Joëlle Kuntz, La Suisse ou le génie de la dépendance; Carouge-Genève (éd. Zoé & Le Temps), 2013; 175 Säiten. ISBN 978-2-88182-907-9