Matterhorn
D'Matterhorn (Walliserdäitsch: ds'Hore, franséisch: Mont Cervin oder Le Cervin, italieenesch: Monte Cervino) ass mat 4.478 m de siwenthéchste Bierg vun den Alpen (wann en de Mont Blanc an de Monte Rosa als een an de selwechte Grupp betruecht). D'Matterhorn steet an de Walliser Alpen tëscht Zermatt a Breuil (Cervinia). D'Ost-, Nord- a Westwand leien op Schwäizer, d'Südwand op italieeneschem Statsgebitt. Wéinst senger aparter Form a senger alpinistescher Geschicht ass et ee vun de bekanntste Bierger vun der Welt. Fir d'Schwäiz ass d'Matterhorn e richtegt Symbol, an eng vill geknipsten Touristenattraktioun. Säi markanten dräieckege Kapp gëtt souguer vun der Schwäizer Schockelasfabrik Tobler als Motiv fir hiren "Toblerone" benotzt. KuckeswäertesD'Air Zermatt bitt den Touristen Helikopterflich vun 20 Minutten un, mat deenen een direkt iwwer d'Spëtzt vum Matterhorn geflu gëtt an d'Wänn vu ganz no erliewe kann. De Startpunkt ass meeschtens um Gletscher um Plateau Rosa Fotoalbum vum Materhorn
Literatur
Kuckt ochUm Spaweck
Information related to Matterhorn |