1939
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1939.
Mam däitschen Ugrëff op d'Westerplatte zu Danzig fänkt den Zweete Weltkrich un.
De Joachim von Ribbentrop an de Josef Stalin ënnerschreiwen den Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt .
Polnesch Zaldoten, déi vun der Rouder Arméi gefaangegeholl goufen.
Evenementer
Europa
0 1. Januar : Am Däitsche Räich musse Judde sech duerch en Zousaz un hiren hiren Numm als sollech erkenntlech maachen.
31. Januar : Am Däitsche Räich verléiere jiddesch Apdikter , Zänndokteren a Veterinäre hir Approbatiounen.
31. Januar : An enger Ried virum Reichstag kënnegt den Hitler am Fall vun engem neie Weltkrich d'"Vernichtung vun der jiddescher Rass an Europa" un.
22. Februar : Am Däitsche Räich verléieren d'Judden d'Recht en Auto ze fueren oder ze besëtzen.
0 2. Mäerz : De Kardinol Eugenio Pacelli gëtt, als Pius XII. , Poopst.
14. Mäerz : D'slowakescht Parlament rifft d'Onofhängegkeet aus.
15. Mäerz : Däitsch Truppe marschéieren a Béimen a Mieren (vun hinne "Rest-Tschechei" genannt) an, den Hitler paradéiert zu Prag .
15. Mäerz : Ungarn fänkt un d'Karpato-Ukrain z'annektéieren.
16. Mäerz : Däitschland mécht aus dem besate Béimen a Mieren d'Protektorat Böhmen und Mähren .
22. Mäerz : Litauen muss d'Memelland dem Däitsche Räich iwwerloossen.
24. Mäerz : Groussbritannien a Frankräich wëlle sech géigesäiteg ënnerstëtzen am Fall wou si vun Däitschland ugegraff ginn.
28. Mäerz : Dem Generol Franco seng Truppen eruewere Madrid .
31. Mäerz : Der brittesche Premierminister Neville Chamberlain verkënnegt eng brittesch-franséische Garantie fir Polen .
0 1. Abrëll : Enn vum Spuenesche Biergerkrich .
0 5. Abrëll : Den Albert Lebrun gëtt vun der Assemblée nationale zum franséische Staatspresident erëmgewielt.
0 7. Abrëll : Italien annektéiert d'Kinnekräich Albanien .
30. Abrëll : Am Däitsche Räich kënne Judden hire Bail gekënnegt kréien, se mussen dann a sougenannte „Judenhäuser“ wunne goen.
22. Mee : Italien an Däitschland schléissen ee Frëndschafts- a Bündnispakt
23. August : De Stalin an den Hitler ënnerschreiwen den Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt
0 1. September : Ufank vum Zweete Weltkrich , däitsch Truppe marschéieren a Polen an .
0 1. September: Am Däitsche Räich ass et strofbar, auslännesche Radiossendungen ze lauschteren, d'Doudesstrof dréit deem, deen dës Noriichte verbreet.
0 2. September : Frankräich a Groussbritannse stellen Däitschland en Ultimatum , sech nees aus Polen zeréckzezéien.
0 3. September : Krichserklärung vu Frankräich a Groussbritannien un dat Däitscht Räich.
14. September : A Frankräich dekretéiert d'Regierung, datt all Männer tëscht 18 a 55 Joer, déi d'Nationalitéit vun enger "feindlecher Natioun" hunn, a Sammellager internéiert solle ginn.
17. September : Sowjetesch Truppen marschéieren an den ëstlechen Deel vu Polen an. D'Sowjetunioun an Däitschland deele sech Polen op.
19. September : Bei der Schluecht bei der Bzura ginn 170.000 polnesch Zaldote gefaange geholl.
0 6. Oktober : Polen kapituléiert.
26. Oktober : De Weste vum eruewerte Pole gëtt vum Däitsche Räich annektéiert, de Rescht als "Generalgouvernement " besat.
30. November : Russesch Fliger bombardéieren déi finnesch Haaptstad Helsinki , de Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich huet ugefaangen.
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Kino
Wëssenschaft an Technik
Sport
Gebuer
0 1. Januar : Michèle Mercier , franséisch Schauspillerin.
0 1. Januar: Ramon Humbert , lëtzebuergesche Liichtathleet.
0 2. Januar : Michel Raus , lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.
0 4. Januar : Wenjamin Wassiljewitsch Soldatenko , sowjetesche Marcheur.
0 9. Januar : Susannah York , brittesch Schauspillerin an Auteur.
10. Januar : Scott McKenzie , US-amerikanesche Museker.
27. Januar : Ann Comfort , brittesch Schauspillerin.
31. Januar : Lydie Schmit , lëtzebuergesch Politikerin.
0 1. Februar : Claude François , franséische Sänger.
0 3. Februar : Michael Cimino , US-amerikanesche Filmregisseur.
12. Februar : Ray Manzarek , US-amerikanesche Museker.
13. Februar : Raymond Bley , lëtzebuergesche Vëlossportler.
16. Februar : Claudine Coster , franséisch Schauspillerin.
17. Februar : Mary Ann Mobley , US-amerikanesch Filmschauspillerin.
24. Februar : Marisa Mell , éisträichesch Schauspillerin.
25. Februar : Ray Philippe , lëtzebuergesche Boxer.
27. Februar : Kenzō Takada , japanesche Moudendesigner.
0 1. Mäerz : Roberto Bisacco , italieenesche Schauspiller.
0 3. Mäerz : Ariane Mnouchkine , franséisch Theater- a Filmregisseurin, Theaterdirektesch an Auteure.
0 7. Mäerz : Danyel Gérard , franséische Schlagersänger a Komponist.
0 9. Mäerz : Jean-Pierre Chevènement , franséische Politiker.
0 9. Mäerz: Jochen Pützenbacher , däitsche Radiosspeaker.
10. Mäerz : Charles-Marie Ternes , docteur en philosophie et lettres , Professer am Lycée Robert-Schuman .
13. Mäerz : Neil Sedaka , US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer.
14. Mäerz : Bertrand Blier , Filmregisseur.
14. Mäerz: Yves Boisset , Filmregisseur.
18. Mäerz : Piers Haggard , englesche Filmregisseur.
18. Mäerz: Peter Kraus , däitsche Schauspiller a Sänger.
22. Mäerz : Romain Schintgen , lëtzebuergesche Jurist.
23. Mäerz : Claude Schintgen , lëtzebuergesche Ringer.
29. Mäerz : Nicole Castan , franséisch Molerin.
29. Mäerz: Terence Hill , italieenesche Schauspiller.
31. Mäerz : Volker Schlöndorff , däitsche Filmregisseur a Produzent.
0 2. Abrëll : Marvin Gaye , US-amerikanesche Soul- a R&B-Sänger.
0 4. Abrëll : Hugh Masekela , südafrikaneschen Jazzmuseker.
0 7. Abrëll : Francis Ford Coppola , Filmregisseur.
0 8. Abrëll : François Kohl , lëtzebuergesche Foussballspiller.
0 9. Abrëll : Gernot Roll , däitsche Kameramann a Filmregisseur.
11. Abrëll : Fred Sunnen , lëtzebuergesche Politiker.
13. Abrëll : Seamus Heaney , iresche Schrëftsteller.
13. Abrëll: Erny Schweitzer , lëtzebuergesche Schwëmmer.
16. Abrëll : Dusty Springfield , brittesch Soulsängerin.
17. Abrëll : Pit Nicolas , lëtzebuergesche Sculpteur.
17. Abrëll: Karin Székessy , däitsch Fotografin.
19. Abrëll : Marc Simenon , franséische Filmregisseur.
20. Abrëll : Angela Boeres-Vettor , franséisch Schrëftstellerin.
20. Abrëll: Gro Harlem Brundtland , norwegesch Politikerin.
20. Abrëll: Camille Dimmer , fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
22. Abrëll : Jul Christophory , lëtzebuergeschen Auteur.
27. Abrëll : João Bernardo Vieira , Politiker aus Guinea-Bissau.
0 3. Mee : Marcel Sauber , lëtzebuergesche Politiker.
0 3. Mee: Helmut Thoma , éisträichesche Manager.
0 4. Mee : Amos Oz , israeelesche Schrëftsteller.
0 7. Mee : Sidney Altman , kanadesch-US-amerikanesche Molekularbiolog.
0 7. Mee: Ruud Lubbers , hollännesche Politiker, Héije Flüchtlingskommissär vun de Vereenten Natiounen.
0 9. Mee : Pierre Desproges , franséische Humorist an Auteur.
10. Mee : Robert Darnton , US-amerikaneschen Historiker.
10. Mee: Franco Pacini , italieeneschen Astronom an Astrophysiker.
13. Mee : Harvey Keitel , US-amerikanesche Schauspiller.
14. Mee : Veruschka von Lehndorff , däitscht Fotomodel, Schauspillerin.
16. Mee : Abbes Hever , lëtzebuergesche Graphiker.
18. Mee : Hark Bohm , Filmregisseur.
18. Mee: Giovanni Falcone , italieenesche Jurist, Mafia-Jeeër .
19. Mee : James Fox , englesche Schauspiller.
22. Mee : Roger Thull , lëtzebuergesche Vëlossportler.
25. Mee : Ferdinand Bracke , belsche Vëlossportler.
25. Mee: Dixie Carter , US-amerikanesch Schauspillerin.
25. Mee: Ian McKellen , brittesche Schauspiller.
30. Mee : Michael J. Pollard , US-amerikanesche Schauspiller.
30. Mee: Marisa Solinas , italieenesch Schauspillerin a Sängerin.
31. Mee : Terry Waite , britteschen Humanist a Buchauteur.
0 4. Juni : Marcel Balthasar , lëtzebuergesche Bouschéisser.
0 7. Juni : Roger Michel Erasmy , lëtzebuergeschen Auteur.
0 9. Juni : Andrzej Szeptycki , polneschen Taxonomist.
10. Juni : Alexandra Stewart , kanadesch Schauspillerin.
13. Juni : Siegfried Fischbacher , däitsch-US-amerikaneschen Zauberkënschtler.
17. Juni : Krzysztof Zanussi , polnesche Filmproduzent a Regisseur
19. Juni : Rosalba Neri , italieenesch Schauspillerin.
19. Juni: Al Wilson , US-amerikanesche Soulmuseker.
24. Juni : Michael Gothard , brittesche Schauspiller.
0 1. Juli : Karen Black , US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
0 1. Juli: Augusto Caminito , italieeneschen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
0 3. Juli : Brigitte Fassbaender , däitsch Sängerin, Regisseurin an Intedantin.
0 3. Juli: László Kovács , ungaresche Politiker.
0 3. Juli: François Terrasson , franséischen Auteur an Naturalist.
14. Juli : Peter Goldreich , US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
14. Juli: Karel Gott , tschechesche Schlagersänger.
15. Juli : Seyyed Alī Chāmene'ī , politeschen a reliéise Leader am Iran.
15. Juli: Aníbal Cavaco Silva , portugisesche Politiker (Premierminister, President).
16. Juli : Ruth Perry , liberianesch Politikerin.
16. Juli: Nicolas Ribowski , franséische Filmregisseur.
17. Juli : Spencer Davis , brittesche Museker.
17. Juli: Milva , italieenesch Sängerin a Schauspillerin.
19. Juli : Maurice Thoss , lëtzebuergesche Politiker.
22. Juli : Gila Almagor , israeelesch Schauspillerin.
26. Juli : Ray Cillien , lëtzebuergesche Boxer.
26. Juli: John Howard , australesche Politiker.
26. Juli: Dieter Wagner , Moler, Graphiker a Galerist.
30. Juli : Peter Bogdanovich , US-amerikanesche Regisseur.
0 2. August : Wes Craven , US-amerikanesche Regisseur an Dréibuchauteur.
0 4. August : Frank Vincent , US-amerikanesche Schauspiller.
0 8. August : Ronald Biggs , Member vun enger brittescher Raiberband.
0 9. August : Romano Prodi , italieenesche Politiker (Ministerpresident) a President vun der Europäescher Kommissioun.
13. August : Erika Berger , däitsch Moderatorin a Sexberoderin.
25. August : John Badham , Filmregisseur.
27. August : Yolande Kieffer , lëtzebuergesch Journalistin.
29. August : Mario Castegnaro , lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
29. August: Joel Schumacher , US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
0 1. September : Marcel Kreuter , lëtzebuergeschen Handballspiller an -trainer
0 2. September : Jack Lang , franséische Politiker.
0 3. September : Vivi Bach , dänesch Sängerin, Schauspillerin, Tëleespresentatrice a Schrëftstellerin.
0 3. September: Jean Link , lëtzebuergesche Geschäftsmann a Fechter.
0 3. September: Carlo Losch , lëtzebuergesche Professer, Moler a Schrëftsteller.
0 3. September: Bernhard vom Brocke , däitschen Historiker.
0 5. September : George Lazenby , brittesche Schauspiller.
0 5. September: Hubert Striebig , franséischen Autoscoureur.
11. September : René Andring , lëtzebuergesche Vëlossportler.
13. September : Richard Kiel , US-amerikanesche Schauspiller.
18. September : Jorge Sampaio , portugisesche Schrëftsteller a Staatspresident.
19. September : Nicolas Libar , lëtzebuergesche Foussballspiller.
30. September : Jean-Marie Lehn , franséische Cheemiker.
0 4. Oktober : Jean-François Laguionie , franséische Schrëftsteller an Trickfilm-Regisseur.
0 5. Oktober : Marie Laforêt franco-schwäizeresch Schauspillerin a Sängerin.
0 9. Oktober : Alphonse Lutgen , lëtzebuergesche Fotograf.
22. Oktober : Fernand Barnich , lëtzebuergeschen Auteur.
23. Oktober : Jacques Steiwer , lëtzebuergesche Professer.
24. Oktober : F. Murray Abraham , US-amerikanesche Schauspiller.
26. Oktober : Robert Schiel , lëtzebuergesche Fechter.
26. Oktober: Ginette Rossini , lëtzebuergesch Fechterin.
27. Oktober : John Cleese , englesche Komiker, Schauspiller an Dréibuchauteur.
28. Oktober : René Kauffmann , lëtzebuergesche Foussballspiller.
0 1. November : Bernard Kouchner , franséischen Dokter, Politiker, Grënner vun Hëllefsorganisatiounen.
0 2. November : Richard Serra , US-amerikanesche Sculpteur.
0 3. November : Armand Bruck , lëtzebuergeschen Offizéier.
0 9. November : Marco Bellocchio , italieenesche Filmregisseur.
15. November : Yaphet Kotto , US-amerikanesche Schauspiller.
18. November : Amanda Lear , Sängerin, Molerin, Moderatorin, Auteure a Schauspillerin.
19. November : Emil Constantinescu , Politiker, Staatspresident vu Rumänien.
21. November : Jeannot Szwarc , franséische Filmregisseur.
26. November : Mark Margolis , US-amerikanesche Schauspiller.
26. November: Tina Turner , US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
27. November : Laurent-Désiré Kabila , President vun der Demokratescher Republik Kongo.
0 2. Dezember : Edouard Didier , lëtzebuergesche Fechter.
11. Dezember : Thomas McGuane , US-amerikanesche Schrëftsteller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
14. Dezember : Micky Erpelding , lëtzebuergesch Speakerin, Schauspillerin a Politikerin.
14. Dezember: Alessandra Panaro , italieenesch Schauspillerin.
15. Dezember : Yvonne Monlaur , franséisch Filmschauspillerin.
15. Dezember: Jean-Baptiste Tati-Loutard , kongoleesesche Schrëftsteller.
16. Dezember : Raymond Ruffini , lëtzebuergesche Foussballspiller.
17. Dezember : Johny Hilbert , lëtzebuergesche Foussballspiller.
21. Dezember : Giuseppe Forti , italieeneschen Astronom.
24. Dezember : Jean-Pierre Kraemer , lëtzebuergesche Schrëftsteller.
26. Dezember : Lutz Niethammer , däitschen Historiker.
Georges Wagner , lëtzebuergesche Museksdirigent.
Gestuerwen
10. Januar : Paul Koch , lëtzebuergeschen Déierendokter a Politiker.
15. Januar : Paul Séjourné , franséischen Ingenieur.
28. Januar : William Butler Yeats , iresche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
0 4. Februar : Edward Sapir , US-amerikaneschen Anthropolog a Linguist.
10. Februar : Poopst Pius XI.
16. Februar : Camille Biver , lëtzebuergeschen Industriellen.
22. Februar : Antonio Machado , spueneschen Dichter.
0 2. Mäerz : Howard Carter , engleschen Archeolog.
11. Mäerz : Henri Simon , Wallounesche Schrëftsteller
21. Mäerz : Evald Aav , estesche Sänger, Komponist a Chouerdirigent.
0 3. Abrëll : Fritz Wagner , däitsche Moler.
20. Abrëll : Paul Schroell , den Editeur vun de Cahiers luxembourgeois a Grënner vum Escher Tageblatt .
24. Abrëll : Louis Trousselier , franséischen Tour de France Gewënner.
14. Mee : Paul Funck , lëtzebuergeschen Architekt.
25. Mee : Frank Dyson , engleschen Astronom.
26. Juni : Ford Madox Ford , brittesche Schrëftsteller.
14. Juli : Alfons Maria Mucha , tschechesche Graphiker, Illustrateur a Moler.
23. September : Sigmund Freud , éisträicheschen Neurolog.
29. September : Paul Medinger , lëtzebuergeschen Historiker.
0 8. Oktober : Victor Dondelinger , lëtzebuergeschen Ingenieur.
12. Oktober : Melchior Bourg-Gemen , lëtzebuergesche Rousenziichter.
25. Oktober : Anton Eiselsberg , éisträichesche Chirurg.
24. Dezember : Eugène Reichling , lëtzebuergesche Politiker.
Um Spaweck
Referenzen
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 21. Januar 1939 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 29. Januar 1939 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland de 26. Mäerz 1939 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 30. Abrëll 1939 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 14. Mee 1939 op der Websäit vun European Football