Ginette Rossini

Ginette Rossini
Gebuer 26. Oktober 1939
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fechter
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1964, Olympesch Summerspiller 1960

D'Ginette Mackel-Rossini, gebuer als Ginette Rossini de 26. Oktober 1939 zu Esch-Uelzecht, ass eng fréier lëtzebuergesch Fechterin an Olympionickin.[1]

Sportlech Karriär[2]

D'Ginette Rossini huet mat 13 Joer ugefaangen an der Spora ze fechten; de Fechtsall vun der Spora war sengerzäit an der Neipuertsgaass an der Stad, vis-à-vis vun hirem Papp senger Wiertschaft. Si blouf bis 1966 bei der Spora lizenzéiert.

Um Enn vun den 1950er a bis an d'Mëtt vun de 1960er Joren huet si nieft der Colette Flesch zu den erfollegräichste Fechterinne vum Land gezielt.

Palmarès

  • 1957: Studenten-Weltmeeschterschaft zu Paräis
  • 1958: Junioren-WM zu Paräis
  • 1958: Junioren-WM zu Budapest
  • 1959: Junioren-WM zu Bukarest
  • 1960: Ënner 56 Konkurrentinnen aus 24 Natiounen huet si op den Olympesche Summerspiller zu Roum zweemol an der éischter Ronn vum Florett-Turnéier gewonnen an ass dunn als fënneft an der Grupp eliminéiert ginn
  • 1964: Op den Olympesche Summerspiller zu Tokio huet si ënner 39 Konkurrentinnen aus 17 Natioune véiermol an der éischter Ronn an zweemol an der zweeter Ronn am Florett gewonnen
  • Si hat sechsmol de Landesmeeschtertitel am Florett.

Si war an hirer Karriär Gewënnerin op internationalen Turnéieren zu Munneref (dräimol), Como, Madrid, Wien, Bréissel, Gent, Nanzeg. Bei de Wale vum Lëtzebuergesche Sportler vum Joer koum si 1963 hanner dem Norbert Haupert op déi zweet Plaz.

No den olympesche Spiller zu Tokio huet si mat hirer sportlecher Karriär opgehalen.

Privates[2]

D'Ginette Rossini huet beim Europaparlament geschafft. Si ass de 17. Dezember 1964 an der Stad mam Lucien Mackel bestuet ginn[3]; d'Koppel krut zwee Kanner.

Literatur

  • Kolbusch, Jean-Paul am Luxemburger Wort vum 20. August 2014, S. 31: Ginette Mackel-Rossini - Eine belebende Figur in der Fechtszene
  • Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 66-67. ISBN 978-2-9599734-5-1

Kuckt och

Referenzen

  1. D'Ginette Rossini op der Websäit vu sports-reference.com
  2. 2,0 2,1 Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 86-87. ISBN 978-2-9599734-5-1
  3. (fr)MARIAGES. Luxemburger Wort, 117. Jg., n° 351, S. 8. (16.12.1964). Gekuckt de(n) 28.06.2024.