1940 gouf d'Colette Flesch mat hirer Famill op Brive-la-Gaillarde evakuéiert, wou hire Papp kuerz drop gestuerwen ass. Mat hirer Mamm ass si eng Zäit a Frankräich bliwwen an ass och do an d'Schoul gaangen, bis si 1945 erëm zeréck op Lëtzebuerg geplënnert sinn. Nodeem si um Belair an d'Primärschoul gaange war, huet si hire Premièresexamen am Meedercherslycée an der Stad gemaach.
1969 waren dunn och d'Kommunalwalen, a si gouf mat nëmmen 32 Joer Buergermeeschtesch vun der Stad a blouf dat bis 1980.
Vun 1969 bis 1980 a vun 1984 bis 1989 war si Deputéiert an der Chamber. Och am Europaparlament war si tëscht 1969 an 1980, tëscht 1984 an 1985, a vun 1989 bis 1990.
D'Colette Flesch war Generalsekretärin (1976-1980) a Presidentin (1981-1989) vun der DP. Si ass och eng Zäit laang Presidentin vun der Europäescher Federatioun vun de Liberalen, Demokrateschen a Reformparteie gewiescht.
Vun 1980 bis 1984 war se an der Regierung vum Pierre Werner Vizepremier, Ausseministesch, a Ministesch fir Aussenhandel, Kooperatioun, Wirtschaft, Kleng- a Mëttelbetriber a Justiz.
Tëscht 1990 an 1999 war d'Colette Flesch General-Direktesch an der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Kultur, Kommunikatioun a Sport, duerno fir den Iwwersetzerdéngscht.
Vun 1999 bis 2004 war si nees Europadeputéiert. Vun 2004 bis 2009 war si Deputéiert an der Chamber.
Vum 1. Januar 1988 bis den 31. Dezember 1999 war si Conseiller vun der Stad Lëtzebuerg an duerno war si do Schäffin. 2007 huet si dat Mandat un d'Lydie Polfer ofginn.
↑Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 44-45. ISBN 978-2-9599734-5-1