Als franséischen Ausseminister huet de Schuman d'Grënnung vun der CECA, der éischter Europäescher Communautéit, an d'Weeër geleet (kuckt: Schuman-Deklaratioun). Spéider war de Schuman President vum Europäesche Parlament. Hie gëllt, mam Jean Monnet, als ee vun de Grënnungspäpp vun der Europäescher Unioun.
Liewenslaf
De Jean-Baptiste Nicolas Robert Schuman koum 29. Juni1886 a Clausen op d'Welt. Säi Papp war de Jean-Pierre Schuman, e Loutrenger vun Évrange, direkt hanner Fréiseng, a seng Mamm war d'Eugenie Duren (1864-1911), enger gebierteg Beetebuergerin.[1] Well Loutrengen déizäit deelweis däitsch war hat de Robert Schuman bis nom Éischte Weltkrich déi däitsch Nationalitéit.
Vun 1896 - 1903 war hie Schüler am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg, wou hie seng Première gemaach huet. An dëser Zäit gouf hien een aktive Member an der pennaler "Landsmannschaft" a studentescher "Ferialverbindung" Amicitia Luxemburgensis, déi de 4. September 1890 am Noperquartier Pafendall gegrënnt gi war. Ee Joer méi spéit huet hien déi däitsch Première (Abitur) um keeserleche Gymnasium zu Metz gemaach.
1911 ass seng Mamm gestuerwen, an de Schuman huet mam Gedanke gespillt, Paschtouer ze ginn. Mä et kënnt ganz anescht: 1912 huet hien den zweete Staatsexame gemaach a gouf Affekot zu Metz.
1913 war de Schuman President vun der Organisatioun vum Däitsche Katholickekongress zu Metz.
Vun 1914 bis 1918 huet en zu Boulay an der Sous-préfecture geschafft a gouf 1918 Member vum Metzer Gemengerot.
Nodeem Elsass-Loutrengen1919 erëm franséisch gouf, krut en d'franséisch Nationalitéit a war, vun 1919 bis zu senger Verhaftung 1940 duerch d'Gestapo, Deputéierte fir d'Union Republicaine Lorraine an der Assemblée Nationale, dem franséische Parlament.
Vun 1928 bis 1936 war de Schuman President vun der parlamentarescher Kommissioun 'Alsace-Lorraine', zäitweileg och Vizepresident vun der Assemblée Nationale.
1952 gouf d'Europäesch Communautéit fir Stol a Kuel Wierklechkeet, mä seng Virstellungen iwwer eng Europäesch Communautéit ass villen a Frankräich ze wäit gaangen an hien huet misse säin Amt néierleeën.
1953 gouf d'Stroossbuerger Konventioun fir Mënscherechter a biergerlech Grondfräiheeten, déi vum Schuman maassgeeblech mat ausgeschafft gouf, vu 26 europäesche Staaten ënnerschriwwen.
Vun 1953 bis 1958 huet hien eng Rëtsch Virträg a ganz Europa gehalen, fir Ënnerstëtzung vu senger Iddi vun engem gëeenten Europa ze fannen.
Vun 1958 bis 1960 war de Schuman zum President vum Europäesche Parlament. D'Traitéë vu Roum vun 1957 hunn Europa op dee Wee zeréckgefouert, deen de Papp vun Europa schonn a senger Deklaratioun vum 9. Mee 1950 ageschloen hat.
De Robert Schuman ass de 4. September1963 zu Scy-Chazelles gestuerwen. No engem feierleche Läichendéngscht an der Kathedral vu Metz gouf hien um Kierfecht vu Scy-Chazelles begruewen. 1966 goufe seng stierflech Iwwerreschter an d'Kierch Saint-Quentin transferéiert. Just nieft der Kierch, steet d'Haus an deem hie bis zur Lescht gewunnt huet. Haut ass e Musée an deem Haus.
Besch, A., 2017. Die familiären Wurzeln von Robert Schuman. In: Beetebuerg am Laf vun der Zäit - Notizen iwwer d'geschichtlech Entwëcklung vu Beetebuerg, Fenneng, Hunchereng, Näerzeng an Obeler, Band VI. Beetebuerg, Geschichtsfrënn vun der Gemeng Beetebuerg, S. 64-73.
Haag, Emil: Robert Schuman *1886 †1963: son empreinte luxembourgeoise In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 456-465); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
Trausch, G., 1995. Robert Schuman et le Luxembourg. Quelques réflexions critiques. In: Un passé resté vivant. Mélanges d'histoire luxembourgeiose. Lions Club Luxembourg Doyen. S. 143-154. ISBN 2-87982-059-6. (Fir d'éischt publizéiert am Luxemburger Wort vum 28. Juni 1986).
Majerus, Jean-Marie 2003. Robert SCHUMAN 1886-1963. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 351-353. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
Sangaletti, Cedric, 2008. Robert Schuman. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 127-132. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.