1966
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1962 |
1963 |
1964 |
1965 |
1966
| 1967
| 1968
| 1969
| 1970
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1966.
D'Joer 1966 huet op engem Samschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
Europa
- 29. Januar: Mam Kompromëss vu Lëtzebuerg kënnt d'Kris vum eidele Stull an der Europäescher Gemeinschaft op en Enn.
- 1. Februar: A Frankräich kréien d'Fraen d'voll juristesch Gläichberechtegung.
- Am Februar: Manifestatiounen an der Belsch géint d'Zoumaache vu Kuelegrouwen.
- 6. Mäerz: An Éisträich gewënnt d'ÖVP mat absolutter Majoritéit d'Nationalrats- (d. h. Parlaments-)walen
- 10. Mäerz D'Krounprinzessin Beatrix vun Holland bestit sech mam Claus von Amsberg.
- 31. Mäerz: A Groussbritannie gewënnt d'Labour Party d'Parlamentswalen.
- 1. Dezember: An Däitschland kënnt et zu enger Grousser Koalitioun tëscht CDU/CSU an SPD ënner dem Bundeskanzler Kurt-Georg Kiesinger.
Lëtzebuerg
- 10. Mäerz: D'Chamber fuerdert Däitschland op, Entschiedegunge fir d'Zwangsrekrutéiert ze bezuelen. Den däitschen Ausseministère äntwert den 23. Mäerz, dëst wier schonn duerch den Traité vum 11. Juli 1959 ofgedeckt ginn.
- 21. Mäerz: De Conseil économique et social gëtt gegrënnt.
- 17. Mee: Déi éischt Noutruffzentral zu Lëtzebeurg gëtt an de Raimlechkeete vun derProtection civile um Belair ageweit, "012" (haut: 112) gëtt als Noutruffnummer agefouert.
- 1. September: De Mäerterter Hafe gëtt ageweit.
- 24. Oktober: D'Rout Bréck, d'Héichhaus um Kierchbierg an d' an d'Robert-Schuman Monument ginn an der Stad Lëtzebuerg ageweit.
-
Rout Bréck
-
D'Héichhaus um Kierchbierg
-
Mäerterter Hafen
Afrika
- 1. Januar: Militärputsch vum Colonel Jean-Bédel Bokassa an der Zentralafrikanescher Republik
- 15. Januar: an Nigeria gëtt de Premierminister Tafawa Balewa ermuert, de Generolmajouer Johnson Aguiyi-Ironsi iwwerhëlt d'Muecht a setzt d'Verfassung ausser Kraaft.
- 24. Februar: Putsch a Ghana géint de President Kwame Nkrumah.
- 26. Mee: Guyana gëtt onofhängeg, bleift awer eng konstitutionell Monarchie am Commonwealth of Nations; de Forbes Burnham gëtt Premierminister.
- 6. Juli: Malawi gëtt eng Republik bannent dem Commonwealth; de Premierminister Hastings Kamuzu Banda gëtt Staatspresident.
- 1. August: Am Nigeria iwwerhëlt de Chef vum Staatsmajouer, den Yakubu Gowon no engem Militärputsch d'Muecht.
- 26. August: Mat Kämpf tëscht der South African Defence Force (SADF) an der People's Liberation Army of Namibia fänkt de Südafrikanesche Grenzkrich un, dee bis 1990 dauert.
- 30. September: Botswana gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 4. Oktober: Lesotho gëtt onofhängeg.
Amerika
USA
Mëttel- a Südamerika
- 27. Juni: Militärputsch an Argentinien.
- 28. November: D'Dominikanesch Republik gëtt sech eng Verfassung.
- 30. November: Barbados gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Asien
- 19. Januar: D'Indira Gandhi gëtt Premierministesch an Indien.
- 11. Mäerz: De Generol Hadji Mohamed Suharto kënnt no engem Putsch géint de President Sukarno an Indonesien un d'Muecht.
- 8. Abrëll: De Leonid Iljitsch Breschnew gëtt zum Generalsekretär vun der KPSU ernannt.
- 18. August: Ufank vun der Grousser Proletarescher Kulturrevolutioun an der Volleksrepublik China.
Ozeanien & Pazifik
- 20. Januar: Nom Récktrëtt vum Sir Robert Menzies gëtt den Harold Holt Premierminister an Australien.
Arabesch Welt an Noen Osten
- 23. Februar: A Syrien putscht sech de lénkse Fligel vun der Baath-Partei un d'Muecht a stierzt de Grënner vun där Partei, de Salah ad-Din al-Bitar. Den S. Dschedid (Jedid) gëtt Regierungschef, den N. el Atassi Staatspresident.
Konscht a Kultur
- 14. Juni: D'réimesch Kurie schaaft no iwwer 400 Joer den Index vun de Verbuedene Bicher of.
Molerei
Literatur
- Edmond Dune, Les tigres.
Musek
- 5. Mäerz: Den Udo Jürgens gewënnt fir Éisträich mam Lidd Merci, Chérie den 11. Eurovision Song Contest zu Lëtzebuerg.
Wëssenschaft an Technik
- 3. Februar: Luna 9: lant um Mound.
- 3. Abrëll: Luna 10 geet op Orbit ronderëm de Mound.
- 6. August: Zu Lissabon gëtt de Ponte 25 de Abril iwwer den Tejo ageweit.
- November: Zu Rance a Frankräich gëtt dat éischt Gezäitekraaftwierk iwwerhaapt ageweit.
Sport
- 20. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:3 géint Italien.[1]
- 17. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Léonard geschoss.[2]
- 14. Juli: De Lucien Aimar gewënnt den Tour de France.
- 30. Juli: Déi däitsch Foussball-Nationalekipp gewënnt mat 4:2 géint déi englesch d'Finall vun der Foussball-Weltmeeschterschaft zu Wembley an England.
- 2. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Szczecin, am Kader vun der Foussball-Europameeschterschaft 1968 0:4 géint Polen.[3]
- 23. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Verviers 1:5 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Louis Pilot geschoss.[4]
- 26. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Frankräich.[5]
Gebuer
- 1. Januar: Ivica Dačić, serbesche Politiker.
- 18. Januar: Alexander Chalifman, russesche Schachspiller.
- 19. Januar: Stefan Edberg, schweedeschen Tennisspiller.
- 24. Januar: Simone Asselborn-Bintz, lëtzebuergesch Politikerin.
- 5. Februar: Félix Eischen, lëtzebuergesche Politiker a fréiere Journalist an Tëlees-Moderator.
- 6. Februar: Beata Szalwinska, polnesch Pianistin.
- 6. Februar: Carlo Weber, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Februar: Brice Cauvin, franséische Schauspiller.
- 20. Februar: Cindy Crawford, US-amerikanescht Fotomodell a Schauspillerin.
- 23. Februar: Didier Queloz, Schwäizer Astronom.
- 16. Mäerz: Félix Braz, lëtzebuergesche Politiker.
- 18. Mäerz: Anne Will, däitsch Journalistin a Moderatorin.
- 21. Mäerz: Benito Armando Archundia, mexikanesche Foussballschidsriichter.
- 23. Mäerz: Myriam Cecchetti, lëtzebuergesch Politikerin.
- 25. Mäerz: Tatjana Patitz, däitsche Model a Filmschauspillerin.
- 29. Mäerz: Jeroen Dijsselbloem, hollännesche Politiker.
- 15. Abrëll: Samantha Fox, brittesch Sängerin.
- 15. Abrëll: Sergei Witauto Puskepalis, russesche Schauspiller.
- 19. Abrëll: Brett James Gladman, kanadesche Professer a Physik an Astronomie.
- 6. Mee: Ruth Barnich, lëtzebuergesch Biologin.
- 8. Mee: Donato Rotunno, italieenesche Filmregisseur a Produzent.
- 12. Mee: Fritz Cohn, däitschen Astronom.
- 16. Mee: Janet Jackson, US-amerikanesch Sängerin.
- 24. Mee: Eric Cantona, franséische Foussballspiller a Schauspiller.
- 26. Mee: Helena Bonham Carter, brittesch Schauspillerin.
- 27. Mee: Robert Viola, franséische Moler.
- 1. Juni: Thomas Tuschl, däitsche Biochemiker a Molekularbiolog.
- 6. Juni: Raymond Conzemius, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 6. Juni: Faure Gnassingbé, togolesesche Politiker a Staatschef.
- 7. Juni: Paul Koch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Juni: Daniele Bragoni, italieenesche Sculpteur.
- 15. Juni: Raimonds Vējonis, lettesche Politiker.
- 22. Juni: Emmanuelle Seigner, franséisch Schauspillerin.
- 26. Juni: Dany Boon, franséische Komiker a Schauspiller.
- 26. Juni: Dani Neumann, lëtzebuergesch Molerin.
- 27. Juni: Aigars Kalvītis, Ministerpresident vu Lettland.
- 28. Juni: John Cusack, US-amerikanesche Schauspiller.
- 30. Juni Tom Battin, lëtzebuergesche Biolog.
- 30. Juni: Mike Tyson, US-amerikanesche Schwéiergewiichts-Boxer.
- 11. Juli: Cheb Mami, algeeresche Sänger.
- 15. Juli: Irène Jacob, franséisch Schauspillerin.
- 15. Juli: Dimitris P. Kraniotis, griicheschen Auteur.
- 19. Juli: Yves Krippel, lëtzebuergeschen Agronom a Botaniker.
- 26. Juli: Anna Rita Del Piano, italieenesch Schauspillerin.
- 7. August: Peter Gilles, däitsche Linguist.
- 7. August: Jimmy Wales, Grënner vun der Wikipedia.
- 14. August: Halle Berry, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. August: Udo Bölts, däitsche Vëlosfuerer.
- 20. August: Enrico Letta, italieenesche Politiker.
- 21. August: Anti Pathique, estlännesche Punk-Rock-Bassist.
- 25. August: Sandra Maischberger, däitsch Journalistin, Moderatorin a Produzentin.
- 2. September: Salma Hayek, mexikanesch Schauspillerin.
- 6. September: David Bennent, Schwäizer Schauspiller.
- 6. September: Emil Boc, rumänesche Wëssenschaftler a Politiker.
- 9. September: Sarah Bray, lëtzebuergesch Sängerin.
- 9. September: Adam Sandler, US-amerikanesche Schauspiller, Produzent, Komponist.
- 13. September: Maria Furtwängler, däitsch Schauspillerin.
- 9. Oktober: David Cameron, brittesche Politiker.
- 20. Oktober: Stefan Raab, däitsche Showmaster, Comedian, Entertainer a Produzent.
- 22. Oktober: Valeria Golino, italieenesch Schauspillerin a Filmregisseurin.
- 24. Oktober: Roman Arkadjewitsch Abramowitsch, russesche Pëtrol-Entreprener a Gouverneur vun der Regioun Tschukotka.
- 30. Oktober: Abu Musab az-Zarqawi, jordaneschen Terrorist.
- 30. Oktober: Zoran Milanović, kroatesche Politiker.
- 6. November: Gérard Anzia, lëtzebuergesche Politiker.
- 15. November: Octavie Modert, lëtzebuergesch Politikerin.
- 17. November: Sophie Marceau, franséisch Schauspillerin.
- 22. November: Michael K. Williams, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. November: Anne Brochet, franséisch Schauspillerin.
- 23. November: Vincent Cassel, franséische Schauspiller.
- 28. November: Carlo Thiel, lëtzebuergesche Kameramann.
- 29. November: Bernd Marcel Gonner, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 5. Dezember: Patricia Kaas, franséisch Chansonsängerin.
- 7. Dezember: C. Thomas Howell, US-amerikanesche Schauspiller.
- 8. Dezember: Sinéad O'Connor, iresch Musekerin a Sängerin.
- 10. Dezember: Jennifer Nitsch, däitsch Schauspillerin.
- 12. Dezember: Marc Gengler, lëtzebuergesche Jurist a President vun der Cour des comptes.
- 14. Dezember: Helle Thorning-Schmidt, dänesch Politikerin.
- 17. Dezember: Miloš Tichý, tschecheschen Astronom.
- 19. Dezember: Alberto Tomba, italieenesche Schileefer.
- 21. Dezember: William Ruto, kenianesche Politiker.
- 21. Dezember: Kiefer Sutherland, englesch-kanadesche Schauspiller.
- Bassekou Kouyaté, malesche Museker.
Gestuerwen
- Charlotte Lamort-Velter, lëtzebuergesch Mäzeenin.
- 1. Januar: Vincent Auriol, franséische Politiker; Staatspresident.
- 11. Januar: Alberto Giacometti, Schwäizer Sculpteur.
- 11. Januar: Lal Bahadur Shastri, Premierminister vun Indien.
- 21. Januar: Jean-Pierre Braun, lëtzebuergeschen Auteur.
- 22. Januar:Herbert Marshall, brittesche Schauspiller.
- 31. Januar: Franz Servais, lëtzebuergeschen Auteur an Olympionik.
- 1. Februar: Buster Keaton, US-amerikanesche Filmschauspiller a Regisseur.
- 20. Februar: Chester W. Nimitz, US-amerikanesche Flottenadmirol.
- 28. Februar: Elliott See, US-amerikaneschen Astronaut.
- 2. Mäerz: Albert Gloden, lëtzebuergesche Mathematiker a Physiker.
- 16. Mäerz: Joel Stebbins, US-amerikaneschen Astronom.
- 1. Abrëll: Flann O'Brien, iresche Schrëftsteller.
- 3. Abrëll: Pininfarina, italieeneschen Autodesigner.
- 5. Abrëll: Marcel Noppeney, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 10. Abrëll: Evelyn Waugh, brittesche Schrëftsteller.
- 13. Abrëll: Georges Duhamel, franséische Schrëftsteller.
- 18. Abrëll: Alphonse Beffort, lëtzebuergesche Moler.
- 5. Mee: Victor Ewen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 10. Mee: Erich Engel, däitsche Film- an Theaterregisseur.
- 16. Mee: Jos Rasqui, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 17. Mee: Raffaello Matarazzo, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 23. Mee: Albert Kratzenberg, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 26. Mee: Edmond T. Gréville, franséische Filmregisseur.
- 31. Mee: Léon Daum, franséischen Industriellen.
- 7. Juni: Hans Arp, dïtsch-franséische Sculpteur, Moler a Lyriker (Dadaismus).
- 9. Juni: Duilio Donzelli, italieenesche Sculpteur a Moler.
- 20. Juni: Georges Lemaître, belsche Paschtouer a Physiker, Grënner vun der Urknalltheorie.
- 29. Juni: Marcel Rau, belsche Medailleur a Sculpteur.
- 30. Juni: Margery Allingham, englesch Schrëftstellerin.
- 8. Juli: Hubert Schlechter, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 11. Juli: Albert Bosseler, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 12. Juli: Nicolas Kanivé, lëtzebuergeschen Turner, Wäitsprénger an Olympionik.
- 20. Juli: Anne Beffort, lëtzebuergesch Autorin.
- 20. Juli: Julien Carette, franséische Filmregisseur.
- 28. Juli: Waltraut Haas, éisträichesch Sängerin a Schauspillerin.
- 28. Juli: Josef von Báky, ungaresche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 31. Juli: Alexander von Falkenhausen, däitsche Militär.
- 3. August: Lenny Bruce, US-amerikanesche Stand-up-comedian a Satiriker.
- 6. August: Paul Palgen, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 25. August: Alexandre Ryder, franséisch-polnesche Filmregisseur.
- 29. August: Auguste Viktoria vun Hohenzollern-Sigmaringen, däitsch Prinzessin; Fra vum leschte Kinnek vu Portugal.
- 7. September: Henri Rabinger, lëtzebuergesche Moler.
- 9. September: Léon de Smet, belsche Moler.
- 3. Oktober: Giorgio Simonelli, italieenesche Filmregisseur.
- 5. November: Jules Staudt, lëtzebuergesche Waasserballspiller an Olympionik.
- 23. November: Seán Ó Ceallaigh, iresche Politiker; zweete President vun Irland.
- 4. Dezember: Renate Ewert, däitsch Schauspillerin.
- 8. Dezember: André Versini, franséische Schauspiller.
- 13. Dezember: Fany Schumacher, lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Gewerkschaftler.
- 15. Dezember: Walt Disney, US-amerikanesche Filmproduzent.
- 17. Dezember: Roger Gerson, lëtzebuergesche Moler.
- 22. Dezember: Lucy Burns, US-amerikanesch Fraerechtlerin.
- 23. Dezember: Heimito von Doderer, éisträichesche Schrëftsteller.
- 29. Dezember: Pierre Nothomb, belsche Politiker a Schrëftsteller.
Um Spaweck
| Commons: 1966 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italie vum 20. Mäerz 1966 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch vum 17. Abrëll 1966 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Polen-Lëtzebuerg vum 2. Oktober 1966 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg vum 23. Oktober 1966 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich vum 26. November 1966 op der Websäit vun European Football
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.