Den Elliot See huet op der Akademie vun der amerikanescher Handelsmarinn studéiert souwéi op der University of California zu Los Angeles. Vun 1949 un huet hie bei der General Electric Company ënner anerem als Testpilot geschafft. 1953 goung hien als Pilot bei d'Marine, bis hien 1956 bi d'General Electric zeréckkoum, wou hien ënner anerem d'Typpe Starfighter an Northrop T-38 geflunn ass.
Dunn huet de See sech bei der NASA gemellt a gouf de 17. September1962 als Member vun der zweeter Astronautegrupp der Ëffentlechkeet virgestallt. De See war ee vun de béiden Zivilisten an der néngkäppeger Grupp, deen anere war den Neil Armstrong.[1]
Seng éischt Andeelung fir e Raumfluch krut de See den 8. Februar1965, wéi hien als Reservepilot fir d'Missioun Gemini 5 am August 1965 agedeelt gouf. Den 8. November1965 gouf hien dann als Kommandant vun der Missioun Gemini 9 nominéiert.
Den 28. Februar1966 sinn d'Haapt- an d'Ersatzcrew vu Gemini 9 an zwéin zweesëtzegen T-38 Talon op St. Louis bei McDonnell, de Produzent vun de Gemini-Raumschëffer geflunn. De See war Pilot an hat den Charles Bassett als Kopilot bei sech. Bei schlechter Siicht hu si d'Landebunn verfeelt, a sinn nodeem se e Gebai gesträift haten, ofgestierzt. De See an de Bassett waren direkt dout.