1961
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1961.
Evenementer
Europa
- 15. Februar: Eng Boeing 707 vun der Sabena fällt bei der Landung zu Bréissel erof, 74 Passagéier an eng Persoun um Buedem stierwen dobäi. Ënner den Affer sinn 18 Membere vun der amerikanescher Schlittschongleeferekipp.
- 13. August: Ufank vum Bau vun der Berliner Mauer.
- 17. September: Bei der Wal fir de westdäitsche Bundestag verléiert d'CDU hir absolut Majoritéit.
- 17. Oktober: Eng Manif zu Paräis vun 30.000 Algerier, déi géint d'Ausganksspär protestéieren, gëtt bluddeg niddergeschloen, mat Dosende vun Doudegen, Dausende vu Blesséierten a 14.000 Verhaftungen.
- 27. Oktober: Zu Berlin um Checkpoint Charlie sti sech sowjetesch an amerikanesch Tankse géintiwwer, nodeem DDR-Grenzzaldote Westalliéierter dru gehënnert haten, an de sowjetesche Secteur eran ze goen.
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
USA
Mëttel- a Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft an Technik
Sport
Foussball
Gebuer
- 02. Januar: Acácio da Silva, portugisesche Vëlossportler.
- 02. Januar: Nicolas Steil, lëtzebuergesche Filmproduzent, Theater- a Filmregisseur.
- 06. Januar: Françoise Folmer, lëtzebuergesch Architektin a Politikerin.
- 06. Januar: Jean-Paul Girres, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Januar: Albert Dupontel, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 20. Januar: Jeannot Trampert, lëtzebuergesche Geophysiker.
- 24. Januar: Nastassja Kinski, däitsch Schauspillerin.
- 24. Januar: Patrick Sadler, lëtzebuergesche Moler.
- 30. Januar: Liu Gang, chineesesche Mathematiker, Physiker an Dissident.
- 03. Februar: Keith Gordon, US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 10. Februar: Alexander Payne, US-amerikanesche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 12. Februar: Michel Martelly, haitianesche Sänger; Staatspresident.
- 24. Februar: Erna Solberg, norwegesch Politikerin.
- 25. Februar: Sergio Sardelli, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 02. Mäerz: Théo Malget, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 02. Mäerz: Raymond Colombo, lëtzebuergesche Moler.
- 10. Mäerz: Gérard Jeitz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. Mäerz: Romain Wolff, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 23. Mäerz: Alain Nurenberg, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Mäerz: Marc Schaefer, lëtzebuergeschen Affekot a Member vum Staatsrot.
- 25. Mäerz: Pitt Brandenburger, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 25. Mäerz: John Stockwell, US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 27. Mäerz: Tony Rominger, Schwäizer Vëlossportler.
- 29. Mäerz: Michael Winterbottom, brittesche Filmregisseur.
- 29. Mäerz: Jean-Claude Wolff, lëtzebuergesche Journalist.
- 03. Abrëll: Eddie Murphy, US-amerikanesche Schauspiller a Komiker.
- 07. Abrëll: Laurent Bouhnik, franséische Filmproduzent, Schauspiller a Filmregisseur.
- 18. Abrëll: Élisabeth Borne, franséisch Politikerin.
- 23. Abrëll: Dirk Bach, däitsche Schauspiller an Tëlees-Moderator.
- 25. Abrëll: Juha Sipilä, finnesche Politiker.
- 06. Mee: George Clooney, US-amerikanesche Schauspiller, Dréibuchauteur, Produzent a Regisseur.
- 07. Mee: Henri Kox, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. Mee: Luc Bonblet, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Mee: Ulrike Folkerts, däitsch Schauspillerin.
- 17. Mee: Enya, iresch Sängerin.
- 19. Mee: Sus Hierzig, lëtzebuergesch Grafikerin a Graveuse.
- 26. Mee: Ben Homan, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 01. Juni: Steve Karier, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 01. Juni: Jewgeni Wiktorowitsch Prigozhin, russeschen Oligarch a Söldnerchef.
- 03. Juni: Guy Berg, lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.
- 04. Juni: Ferenc Gyurcsány, ungaresche Geschäftsmann, Politiker a Ministerpresident.
- 09. Juni: Michael J. Fox, kanadesche Regisseur a Filmschauspiller.
- 14. Juni: Boy George, brittesche Sänger.
- 18. Juni: Alison Moyet, brittesche Sängerin.
- 18. Juni: Yves Kemp, lëtzebuergeschen Atomphysiker a President vun der Tennisfederatioun.
- 19. Juni: Bidhya Devi Bhandari, nepaleesesch Politikerin.
- 21. Juni: Joko Widodo, indoneesesche Politiker.
- 22. Juni: Jimmy Somerville, brittesche Museker.
- 26. Juni: Greg LeMond, US-amerikanesche Vëlossportler.
- 01. Juli: Diana, Princess of Wales, éischt Fra vum britteschen Trounfollger Charles.
- 01. Juli: Pascal Husting, lëtzebuergeschen Ëmweltaktivist.
- 01. Juli: Carl Lewis, Liichtathleet.
- 02. Juli: Fred Schreiner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Juli: Lino Galvão (Lino Gomes), lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 13. Juli: Pierre Petry, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. Juli: Forest Whitaker, US-amerikanesche Schauspiller, Produzent a Regisseur.
- 17. Juli: António Costa, portugisesche Politiker.
- 21. Juli: Yannchen Hoffmann, lëtzebuergesch Sängerin.
- 30. Juli: Laurence Fishburne, US-amerikanesche Schauspiller.
- 04. August: Barack Obama, US-amerikanesche Politiker.
- 09. August: John Key, neiséilännesche Politiker.
- 15. August: Rol Backendorf, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 17. August: Lydia Mutsch, lëtzebuergesch Politikerin.
- 18. August: Birol Ünel, däitsche Schauspiller.
- 20. August: Linda Manz, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 21. August: Stephen Hillenburg, US-amerikanesche Mieresbiolog an Trickfilmregisseur.
- 24. August: Jempy Drucker sen., lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 09. September: Josée Lorsché, lëtzebuergesch Politikerin.
- 12. September: Mylène Farmer, franko-kanadesch Popsängerin.
- 14. September: Martina Gedeck, däitsch Schauspillerin.
- 18. September: James Gandolfini, US-amerikanesche Schauspiller.
- 23. September: Jeannot Nies, lëtzebuergesche Jurist a Member vum Staatsrot.
- 29. September: Julia Gillard, australesch Politikerin.
- 13. Oktober: Abderrahmane Sissako, mauretanesche Filmregisseur.
- 16. Oktober: Marc Levy, franséische Schrëftsteller.
- 26. Oktober: Uhuru Kenyatta, kenianesche Politiker.
- 31. Oktober: Peter Jackson, neiséilännesche Regisseur, Produzent an Auteur.
- 01. November: Petr Pavel, tschechesche Generol a Staatspresident.
- 08. November: Pit Hentgen, lëtzebuergesche Finanzanalyst a Manager.
- 14. November: Lucas Belvaux, belsche Schauspiller a Filmregisseur.
- 15. November: Daniele Zoratto, italieenesche Foussballspiller a -manager.
- 16. November:Corinne Hermès, franséisch Sängerin.
- 19. November: Meg Ryan, US-amerikanesche Schauspillerin.
- 24. November: Arundhati Roy, indesch Schrëftstellerin.
- 28. November: Māris Kučinskis, lettesche Politiker.
- 30. November: Wadeck Stanczak, franséische Schauspiller.
- 01. Dezember: Christine Kangaloo, Politikerin aus Trinidad an Tobago.
- 06. Dezember: Nicole Max, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 11. Dezember: Macky Sall, senegaleesesche Politiker.
- 24. Dezember: İlham Əliyev, aserbaidschanesche Politiker.
- 25. Dezember: Íngrid Betancourt, kolumbianesch Politikerin.
- 25. Dezember: David Thompson, Politiker vu Barbados.
- 27. Dezember: Dan Kersch, lëtzebuergesche Politiker a Member vum Staatsrot.
- 27. Dezember: Guido Westerwelle, däitsche Politiker.
- 29. Dezember: Isabel Wiseler-Santos Lima, lëtzebuergesch Politikerin.
- 30. Dezember: Bill English, neiséilännesche Politiker.
- Evamaria Bange, Historikerin zu Lëtzebuerg.
- Stéphane Udry, Schwäizer Astronom.
Gestuerwen
- 09. Januar: Emily Greene Balch, US-amerikanesch Ekonomistin a Friddensnobelpräisdréierin.
- 10. Januar: Dashiell Hammett, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 14. Januar: Barry Fitzgerald, iresche Schauspiller.
- 17. Januar: Patrice E. Lumumba, éischte Ministerpresident vum onofhängege Kongo.
- 27. Januar: François Weber, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 02. Februar: François Erpelding, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Februar: Walter Stoeckel, däitsche Gynekolog a Gebuertshëllefspezialist.
- 13. Februar: Arthur Ripley, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 20. Februar: Jean Lutz, lëtzebuergeschen Architekt.
- 22. Februar: Henri Werling, lëtzebuergesche Jesuitt, Paschtouer an apostouleschen Administrateur ad interim fir Estland.
- 12. Mäerz: Belinda Lee, englesch Schauspillerin.
- 30. Mäerz: Philibert Jacques Melotte, britteschen Astronom.
- 06. Abrëll: Jules Bordet, belsche Biolog an Immunolog.
- 13. Abrëll: Michel Lucius, Lëtzebuerger Geolog.
- 26. Abrëll: Gustav Ucicky, éisträichesche Filmregisseur.
- 13. Mee: Gary Cooper, US-amerikanesche Schauspiller.
- 17. Mee: Fernand Schammel, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 24. Mee: Philippe Bevinger, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 30. Mee: Rafael Leónidas Trujillo Molina, Politiker a Staatschef vun der Dominikanescher Republik.
- 06. Mee: Hubert Schumacher, lëtzebuergeschen Architekt, Urbanist a Moler.
- 06. Juni: Carl Gustav Jung, Schwäizer Psychoanalytiker.
- 09. Juni: Camille Guérin, franséische Veterinär, Bakteriolog an Immunolog.
- 01. Juli: Louis-Ferdinand Céline, franséische Schrëftsteller an Dokter.
- 02. Juli: Ernest Hemingway, amerikanesche Schrëftsteller.
- 12. Juli: Aloïse Klensch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 19. Juli: Paul Willard Merrill, US-amerikaneschen Astronom.
- 22. Juli: Jean Eiffes, lëtzebuergesche Komponist.
- 04. August: Maurice Tourneur, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmproduzent.
- 10. August: Géza von Bolváry, Filmregisseur.
- 13. September: Léon Berchem, lëtzebuergeschen Auteur.
- 15. September: Lucien Koenig, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Politiker.
- 18. September: Dag Hammarskjöld, schweedesche Politiker an UNO-Generalsekretär.
- 30. September: Nicolas Pletschette, lëtzebuergeschen Auteur.
- 11. Oktober: Eugène Nickels, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 24. November: Jean Majerus, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 01. Dezember: Jean Kieffer, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 03. Dezember: Frantz Fanon, Psychiater, politesche Militant, Schrëftsteller, a Virdenker vun der Dekolonialiséierung.
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg vum 9. Mäerz 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg vum 19. Mäerz 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italie vum 30. Abrëll 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg vum 11. Mee 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg vum 28. Mee 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Italien-Lëtzebuerg vum 10. Juni 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg vum 6. September 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch England-Lëtzebuerg vum 28. September 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal vum 8. Oktober 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg vum 12. November 1961 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich vum 10. Dezember 1961 op der Websäit vun European Football
|
|