15. September
De 15. September ass den 258. Dag (259. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
Lëtzebuerg
- 1852: Déi zwéin éischt Lëtzebuerger Timbere kommen eraus.
Wëssenschaft an Technik
Astronomie
Gebuer
-
William H. Taft
-
Agatha Christie
-
Tommy Lee Jones
- 1254: Marco Polo, venezianeschen Händler, Reesender a Schrëftsteller.
- 1847: Théodore Kirpach, lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.
- 1850: Joseph Thilges, lëtzebuergesche Magistrat.
- 1857: William Howard Taft, 27. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 1871: Marguerite Moreno. franséisch Schauspillerin.
- 1876: Émile Conzemius, lëtzebuergeschen Dokter.
- 1886: Max Duchscher, lëtzebuergeschen Auteur an Industriellen.
- 1890: Agatha Christie, brittesch Krimi-Schrëftstellerin.
- 1894: Jean Renoir, franséische Filmregisseur a Dréibuchauteur.
- 1904: Sergei Josifowitsch Jutkewitsch, russesche Filmregisseur.
- 1914: Will Quadflieg, däitsche Schauspiller.
- 1914: Michel Vitold, franséische Schauspiller, Theaterregisseur a Synchronspriecher.
- 1916: Margaret Lockwood, brittesch Schauspillerin.
- 1911: Luther Leonidas Terry, US-amerikaneschen Dokter.
- 1917: Hilde Güden, éisträichesch Koloratursopranistin a Kammersängerin.
- 1919: Fausto Coppi, italieenesche Vëlossportler.
- 1923: Raymond Frisch, lëtzebuergesche Politiker a Véidokter.
- 1926: Shōhei Imamura, japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1927: Gaston Diederich, lëtzebuergesche Jurist a Boxer.
- 1928: Jean Backes, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 1928: Henry Silva: US-amerikanesche Schauspiller.
- 1933: Michel Kiesgen, lëtzebuergeschen Turner.
- 1934: Jean Aniset, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 1937: Fernando de la Rúa, argentinesche Politiker.
- 1940: Roby Hentges, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1945: Carmen Maura, spuenesch Schauspillerin.
- 1945: Jessye Norman, US-amerikanesch Sängerin.
- 1945: Hans-Gert Pöttering, däitsche Politiker.
- 1946: Tommy Lee Jones, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 1946: Oliver Stone, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1954: Hrant Dink, tierkesche Journalist.
- 1964: Robert Fico, slowakesche Jurist a Politiker.
Gestuerwen
- 1700: André Le Nôtre, franséische Landschafts-, Park- a Gaardenarchitekt.
- 1930: Victor Thorn, lëtzebuergesche Politiker.
- 1945: Anton Webern, éisträichesche Komponist.
- 1947: Annie Maunder, brittesch Astronomin a Mathematikerin.
- 1961: Lucien Koenig, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1962: William Coblentz, US-amerikanesche Physiker an Astronom.
- 2005: Guy Green, englesche Filmregisseur, Kameramann an Dréibuchauteur.
- 2006: Oriana Fallaci, italieenesch Journalistin a Schrëftstellerin.
- 2007: Juliette François, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 2010: Jean Thill, lëtzebuergesche Jurist an Auteur.
- 2012: Pierre Mondy, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 2017: Albert Speer, däitschen Urbanist an Architekt.
- 2017: Harry Dean Stanton, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2019: Ric Ocasek, US-amerikanesche Museker a Museksproduzent.
- 2020: Moussa Traoré, malesche Generol a President.
- 2021: Marthe Mercadier, franséisch Schauspillerin.
- 2022: Francescantonio Nolè, italieenesche Geeschtlechen.
- 2023: Fernando Botero, kolumbianesche Moler a Sculpteur.
- 2023: Ady Jung, lëtzebuergesche Politiker.
Feierdeeg
Um Spaweck
|
|