Premierministere vu Lëtzebuerg, President vum Staatsrot, President vum Staatsrot, President vum Staatsrot, Member vum Staatsrot, Justizminister, Justizminister
1916 huet d'Regierung Loutsch, déi no där vum Mongenast um Rudder war, missen demissionéieren, well s'e de Vertrauensvott an der Chamber net iwwerstanen hat.
E knappse Mount méi spéit konnt de Victor Thorn eng nei Regierung presentéieren, an där déi dräi grouss Parteie vertruede waren. Et goung virun allem drëms, d'Versuergungskris am Land, déi duerch de Krich ëmmer méi grouss gouf, meeschter ze ginn. D'Regierung huet d'Liewensmëttel rationéiere gelooss an Héchstpräisser festgeluecht, mä doduerch gouf just de Schwaarzmaart gestäerkt an d'Spannungen tëscht der Stad- an der Landbevëlkerung vergréissert.
1917 koum et am Minett zu engem Streik, dee vun der däitscher Arméi opgeléist gouf. Schliisslech huet de Landwirtschaftsminister Michel Welter d'Vertraue vun der Chamber entzu kritt, a mat him ass déi ganz Regierung gefall.
Vum 19. Juni 1917 bis zu sengem Doud war de Victor Thorn President vum Staatsrot. Vun 1921 bis 1927 war hie permanente Member vun der Cour d'Arbitrage zu Den Haag.