Den Giuseppe Forti, gebuer den 21. Dezember 1939, a gestuerwen den 2. Juli 2007, war en italieeneschen Astronom an Asteroidenentdecker.
Säin Haaptaarbechtsgebitt war d'Himmelsmechanik. Hien huet nieft dem Andrea Boattini zu den Initiatore vum 1999 gegrënnten Aneopp-Projet (Arcetri NEO Precovery Program) gehéiert[1], dat am Observatoire vun Arcetri bei Florenz, intensivéiert gouf a war Mataarbechter vum CINEOS-Projet.[2] Hie war Member vun der Ënnerofdeelung III (Planetary Systems Sciences) vun der Internationaler Astronomescher Unioun[3] an huet do an de Kommissioune 15 (Physikalescht Studium vun de Koméiten an de klenge Planéiten), 20 (Positiounen a Beweegunge vu klenge Planéiten, Koméiten a Mounden) an 22 (Meteoren, Meteoritten an interplanetare Stëbs) matgeschafft.[4]
Éierungen
Den Asteroid (6876) Beppeforti gouf no him genannt.
Literatur
Kuckt och
Portal Astronomie
Referenzen
- ↑ (en) Den ANEOPP Projet
- ↑
Informazioni sullo staff del CINEOS ofgeruff den 13. Mäerz 2008
- ↑ (en) Planetary Systems Sciences
- ↑ Member vun der IAU: Giuseppe Forti ofgeruff den 13. Juni 2008