D'Gemeng Hesper gouf 1795 ënner dem franséische Regime ageriicht an huet deemools aus de Sektiounen Hesper an Izeg bestanen. Den 2. Januar1853 hu sech dunn d'Gemengen Alzeng an Hesper zesummegedoe fir déi haiteg Gemeng ze bilden. Tëscht 1795 an 1802 war Hesper Chef-lieu vun engem Kanton[2] mat Friddensgeriicht, an tëscht 1818 an 1831 nach eng Kéier ënner dem Wëllem I.
Fascé d'or et d'Azur de six pièces à la bande de gueules brochante, accompagnée en chef d'une tour crénelée d'argent, maçonnée de sable, et en pointe d'une fleur de lis aussi d'argent. D.C.24. Januar1983 - A.M.4. Februar1983 - Mémorial B 1983, Säit 326 - Projet: Marcel Lenertz
No de Gemengewalen 2023 hat d'CSV hir 8 Sëtz zwar behalen, hat awer keng absolut Majoritéit méi, well d'Zuel vun de Conseillere vu 15 op 17 eropgesat gouf. Et koum dunn zu enger CSV-DP-Koalitioun[3].
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
↑D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
↑Roland Schumacher, in: Fédération Nationale de la Mutualité Luxembourgeoise, brochure de l'Assemblée Générale Statuaire 1996 (samedi, 27 avril 1996, salle "Amiperas" à Hesperange),
Luxembourg 1996, S. 4 (leicht korrigierte Fassung).
↑ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844