Den Adolphe ("Ad") Deville, gebuer den 13. November 1935 zu Hesper, a gestuerwen den 28. Mee 2022 zu Esch-Uelzecht [1],[2], war e lëtzebuergesche Kënschtler, dee vun 1969 un, zu Schëffleng gelieft huet[1].
Hie war Konschterzéier am Escher Jongelycée[1]. Zu senge Wierker zielen, nieft Uelegbiller an Aquarellen, och Mosaicker, Glasfënsteren, Skulpturen, Buren, Wand- a Bünendekoratiounen (ë. a. fir dem Ed Maroldt seng Theaterstécker).