D'Herzogtum Lëtzebuerg gouf 1795 vun den Truppe vun der Franséischer Revolutioun eruewert an huet duerch de Friddensvertrag vu Campo-Formio vum 17. Oktober1797 net méi zu den Éisträicheschen Nidderlanden, mä zu Frankräich ënnert dem Napoléon gehéiert. Duerfir goufe 1797 déi éischt Walen ënnert dem nouveau régime, nom Prinzip vun der République au Village organiséiert. Zu Leideleng waren deemools 21 Leit walberechtegt an d'Wale fir den Agent Municipal de la Commune de Leudelange, an anere Wierder de Buergermeeschter, goufen an der deemoleger entweiter Leidelenger Kierch ofgehalen.
De Leidelenger Bauer Nicolas Brosius gouf mat 15 Stëmmen den éischte Leidelenger Buergermeeschter. Den Nicolas Brosius huet de 25. August 1807 als Buergermeeschter demissionéiert, well hien, zesumme mat sengem Brudder Mathias an d'Arméi vum Napoléon agetrueden ass.
Als Buergermeeschter gouf hie vum Antoine Uselding ersat. Den 3. Leidelenger Buergermeeschter war den Theodor Kirpach an de 4. de Mathias Schmitz.
Den 1. Juli 1856 gouf duerch Gesetz vum 3. Mäerz 1856, d'Gemeng Leideleng gegrënnt. Dëst ass geschitt andeems d'Sektioun Leideleng an den Haff, dee Schléiwenhaff genannt gëtt, vun der Gemeng Reckeng (erëm) ofgetrennt goufen.
De 16. November 2018 huet sech d'Gemeng Leideleng eng nei visuell Identitéit ginn: e Rechteck a de Faarwe gold a rout, gefaalt zum Buschtaf "L". De Motto vum Logo ass: "Entfaalt Iech"[4].
2017 - 2023: Thomas Berend (Schäffen, bis Januar 2019), Jean-Paul Sunnen (Schäffen), Raphael Gindt (Schäffen, vum 14.2. 2019 un), Marcel Jakobs, Jean-Pierre Roemen, Lou Linster, Patrick Calmus, Christiane Hamen ép. Schmit.[7]
2011 - 2017: Eugène Halsdorf (1. Schäffen), Victor Christophe (2. Schäffen), Patrick Calmus, Marcel Jakobs, Raymond Kauffmann, Marc Loess, Francisco Ramirez
Den neie Leidelenger WaassertuermDen ale Leidelenger Waassertuerm
Mat enger Héicht vun 58 m ass d'Gebai mam neie Waassertuerm, dat tëscht der Escher Autobunn an der Leidelenger Aktivitéitszon "am Bann" steet, eent vun den zéng héchste Gebaier am Land. Dësen neie Waassertuerm beliwwert zesumme mat dem ale Waassertuerm, deen op der selwechter Héicht am „Hueschterterbësch" steet, den Zentrum vu Leideleng (Drockzon 1). Allen zwéin hunn e Volume vu 500 m³. De Schléiwenhaff (Drockzon 2) gëtt vum ënneschte Behälter mat sengen 900 Kubikmeter Waasser beliwwert.
De Projet gouf vun der Europäescher Unioun am Kader vum "Fonds Européen de Développement Régional", dem "FEDER", matfinanzéiert.
Ugefaange mat Baue gouf de 14. Juli 2005 a fäerdeg gouf en den 13. Juni 2008[8]
↑Kuck: J.A. Massard & G. Geimer, 2009. Auf den Spuren des Braunbären diesseits und jenseits der Sauer. In: Heimatkalender 2010 Eifelkreis Bitburg-Prüm, S. 101f. [1]