Marie Louise vu Bourbon-Parma, Zita vu Bourbon-Parma, Maria Antonia vu Bourbon-Parma, Xavier vu Bourbon-Parma, Gaetano vu Bourbon-Parma, Henri vu Bourbon-Parma, Elias vu Bourbon Parma, Joseph vu Bourbon-Parma, René vu Bourbon-Parma, Sixtus von Bourbon-Parma, Louis vu Bourbon-Parma
D'groussherzoglech Koppel krut sechs Kanner. 1921 gouf de spéidere Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg gebuer, 1922 d'Elisabeth, 1924 d'Marie-Adelaïde, 1925 d'Marie-Gabrielle, 1927 de Charles a 1929 d'Alix.
De Prënz Felix war vum 23. Januar 1937 bis de 25. Abrëll 1951 Member vum Staatsrot.[2]
De Prënz Felix am zweete Weltkrich
Den 10. Mee 1940 ass de Prënz Felix mat senger Famill an der Lëtzebuerger Regierung an den Exil gaangen, fir d'éischt op Paräis, duerno op Lissabon. De 15. Juli verléisst de Felix mat de Prënzekanner déi portugisesch Haaptstad, ouni seng Fra, a fiert an Amerika, wou e vum President Roosevelt empfaange gëtt. Bis 1942 hält sech d'groussherzoglech Famill haaptsächlech an de Vereenegt Staate vun Amerika an am Kanada op[3].
Am Oktober 1942 verléisst de Prënz Felix zesumme mat sengem eelste Jong, dem Prënz Jean, de Kanada fir sech a Groussbritannien an der Arméi z'engagéieren. De Prënz Jean meld sech bei den Irish Guards, de Prënz Felix gëtt "officier de liaison" beim "Northern Command". Do huet e gehollef d'"Luxembourg Battery", eng Eenheet vu lëtzebuergesche Volontären opzebauen, déi Deel vun der belscher Brigade Piron war.[4]
Am Juni 1944 gouf de Felix bei déi 12. US-Arméi, bei de Generol Bradley, geschéckt. Hien huet sech duerno verschiddenen Eenheeten ugeschloss, fir bei der Befreiung vu Lëtzebuerg kënnen dobäi ze sinn. Den 10. September1944 ass hien zesumme mam Prënz Jean mat der 5. US-Panzerdivisioun zu Lëtzebuerg amarschéiert a vun der Bevëlkerung gefeiert ginn.
Grad wéi de Prënz Jean huet och de Felix bis zum Krichsënn weidergekämpft, a war zum Beispill bei der Befreiung vum Konzentratiounslager Dachau dobäi.[5]