D'Linn 7 féiert vu Lëtzebuerg bis op Péiteng vu wou et op der Linn 6 weider geet bis op Rodange a weider op d'belsch Grenz. Vu Rodange aus gëtt et Verbindungen op Attem, Virton a Lonkech.
2023 goufe Pläng virgestallt, fir bis 2033 d'Gare weider no Westen ze verréckelen, d'Quaie méi laang ze maachen an och d'Bréck iwwer d'Escher Strooss méi breet ze maachen, soudatt do d'Tramsgleiser an eng Halt fir eng nei Tramslinn hikomme kéinten[1].
Am Juni 2023 goufe Pläng virgestallt, d'Gare z'erneieren: Se soll westlech vun der aktueller ze leie kommen, d'Quaie sollen erneiert ginn an op d'mannst 250 Meter laang ginn, woubäi och en neie mëttelste Quai bäikéim. Zousätzlech ginn déi zwou Brécken iwwer d'Escher Strooss mat enger Ënnerféierung ersat, woubäi den Duerchgang op 38 Meter méi breet gemaach gëtt, soudatt do nieft dem Stroosseverkéier och zwee Tramsgleiser Plaz hätten, zesumme mat enger Halt, vun enger neier zukünfteger Linn tëscht dem Stadion an der Uewerstad. D'Aarbechte solle bis 2033 goen. Wa se bis fäerdeg sinn, sollen do och d'Zich vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz hale kënnen.[1]
Enn 2024 huet d'Transportministesch, op eng parlamentaresch Fro hin, dësen Zäitplang annoncéiert: Vun Abrëll 2027 bis Dezember 2030 gëtt de südlechen Deel gebaut an tëscht Januar 2031 an Dezember 2034 deen nërdlechen.[3]