D'Simone Beissel gebuer de 27. Abrëll 1953 um Lampertsbierg, ass eng lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin (DP).
Biographie
D'Simone Beissel ass um Lampertsbierg an enger Juristefamill opgewuess. Hir Mamm war Affekotin an hire Papp war Generalsekretär vun der MMRA vu Rodange. No hirer Première am Lycée Robert-Schuman huet si Droit zu Aix-en-Provence a Politik zu Paräis studéiert.
1987 ass si Member vun der Demokratescher Partei ginn.
Vun 1995 bis 1996 war si Presidentin vum CNFL.
Si ass zanter 1991 am Stater Gemengerot, a war do vun 1999 bis 2005, an dann nees zanter 2009, och Schäffin.[1],[2]
Vun 1999 bis 2004 war si Deputéiert an der Chamber.
Bei de Wale vum 20. Oktober 2013, bei deene vum 14. Oktober 2018[3] an och bei deene vum 8. Oktober 2023[4] gouf si duer erëmgewielt.
Ausserdeem ass d'Simone Beissel zanter Enn Januar 2000 ee vun de 4 Lëtzebuerger Representatnen am EU-Comité vun de Regiounen.[5]
Privatliewen
D'Simone Beissel ass bestuet an huet 2 Kanner.
Tëscht 1967 an 1973 war si e puermol, mat hirem Brudder René Beissel, lëtzebuergesch Landesmeeschterin am Seegelen.
Si ass Vizepresidentin vun der Fondation du Mérite Européen an zanter 1994 Presidentin vun der Association des Femmes Libérales.
Gielercher
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ "7 Buergermeeschteren hunn den Eed ofgeluecht." rtl.lu, 22.11.2017, 19:45:07.
- ↑ (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
- ↑ elections.lu.
- ↑ elections.public.lu
- ↑ Fiche op cor.europa.eu (nogekuckt: 04.04.2024).
- ↑ Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004