Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.
Walrecht
Zur Wiel stounge 60 Mandater, déi sech op 4 Walbezierker verdeelen. Jee no der Zuel vun de Walberechtegte gi pro Bezierk ënnerschiddlech vill Deputéiert gewielt: Am Walbezierk Süde sinn et der 23, am Zentrum 21, am Norden der 9, an am Walbezierk Osten der 7. All Partei däerf maximal sou vill Kandidaten opstellen, wéi Mandater an deem jeeweilege Bezierk ze vergi sinn. Kandidaten däerfe sech nëmmen an engem Walbezierk opstellen. D'Wieler kënnen entweeder eng Parteilëscht wielen, deemno all hir Stëmmen enger Partei ginn, oder eenzel Kandidate stëmmen, sief et all vun enger Lëscht, sief et vun hirer méi (Panachéieren), andeems se hinnen eng bis zwou Stëmme ginn (am Ganzen awer net méi, wéi d'Zuel vun den Deputéiert am Walbezierk).
Et gëtt keng explizit Spärklausel (d. h. e minimale Prozentsaz, deen eng Partei oder e Kandidat misst kréien, fir an d'Parlament ze kommen). Well d'Mandater duerch den D'Hondt-Procedé vergi ginn, gëtt et, wéinst der ënnerschiddlecher Zuel vu Sëtz pro Bezierk, implizit Spärklausele vu ronn 4 % am Süde bis 12 % am Osten.
Walberechtegt sinn all Lëtzebuerger iwwer 18 Joer. Et besteet eng allgemeng Walflicht, ausser fir Walberechtegter iwwer 75 Joer an där, déi am Ausland wunnen oder do den Dag vun der Wal berufflech ze dinn hunn. Jiddereen deen dat wëll, kann iwwer Bréifwal stëmmen, amplaz an de Walbüro ze goen. Fir iwwer Bréifwal ze stëmmen, muss een eng Demande un de Schäfferot vu senger Gemeng schécken, entweeder iwwer eng zertifiéiert staatlech Internetsäit oder iwwer de Postwee[1]. Et ass net erlaabt, engem aneren eng Procuratioun ze gi fir an engem senger Plaz ze wielen.
Parteien
Aacht Parteien hunn an alle véier Walbezierker kandidéiert. Dobäi koumen der zwou, déi just an engem oder zwee Bezierker Lëschten opgesat hunn. D'Lëschteplaze goufen de 17. Juli 2018 vun der Joséane Schroeder, Presidentin vum Stater Bezierksgeriicht, ausgeloust[2].
Stäerkst Partei gëtt d'CSV, mat 21 Sëtz, wat 2 manner si wéi virdrun. D'DP kritt 12 Sëtz (-1), an d'LSAP der 10 (-3). Déi Gréng gewannen 3 Sëtz bäi a kommen op 9; d'ADR kritt 1 Sëtz bäi a kënnt op 4, d'Pirateipartei kënnt vun 0 op 2 Sëtz, déi Lénk behalen hir 2, iweerdeems d'KPL, déi Konservativ an Demokratie kee Sëtz kréien.
Déi nei gewielt Chamber ass den 30. Oktober 2018 zu hirer éischter Sëtzung zesummekomm.
De 15. Oktober 2018 huet de Groussherzog Henri d'Procureure GeneralMartine Solovieff als Informateur genannt, fir him Rapport ze maachen iwwer d'Positioune vun de Parteien, fir eng Regierungskoalitioun ze bilden.[4] Schonn deen Dag drop, de 16. Oktober, gouf de Xavier Bettel vum Grand-Duc zum Formateur vun enger neier Regierung ernannt.[5] Dës soll sech, wéi déi virdrun, aus enger Koalitioun vun DP, LSAP an déi Gréng, déi zesummen eng Majoritéit vun 31 Deputéierten hunn, zesummesetzen. De 17. Oktober hunn d'Koalitiounsverhandlungen tëscht deenen dräi Parteien ugefaangen.[6] Nodeems d'Gremie vun de Parteien de 4. Dezember allen dräi den ausgehandelte Koalitiounsaccord guttgeheescht hunn, gouf déi nei Regierung Bettel-Schneider-Braz de 5. Dezember 2018 vereedegt.[7]
Alphabetesch Lëscht vun der aktueller Zesummesetzung (Stand: Dez. 2022) vun der Chamber, inklusiv déi Deputéierten, déi op hiert Mandat verzicht hunn a vun deenen, déi s'ersat hunn (déi nogeréckelt sinn).
Aktuell Deputéiert no de Chamberwale vum 14. Oktober 2018
↑Nodeems bekannt gouf, datt verschidde Persounen net averstane waren, op der Lëscht ze stoen, huet d'Partei hir Kandidatur zeréckgezunn. Wéi d'Lëschte bis publizéiert waren, konnte se net méi geännert ginn. Quell: "D'Lëschte vun der Partei "Demokratie" kënnen net zeréckgezu ginn." rtl.lu, 22.08.2018, 20:01:18.