De Georges Mischo, gebuer den 18. September 1974[1] zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV).
Hien ass zanter dem 17. November 2023 Minister fir Sport a Minister fir Aarbecht an der Regierung Frieden-Bettel.[2]
Karriär
De Georges Mischo ass vu Beruff Sportsprofesser.
De Georges Mischo huet eng éischt Kéier bei de Gemengerotswalen 2011 kandidéiert a gouf 2014 Member vum Escher Gemengerot. Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 war hie Spëtzekandidat vu senger Partei, an e gouf de 14. November 2017 Buergermeeschter an engem Schäfferot mat enger CSV-DP-déi Gréng-Majoritéit[3]. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf hien erëmgewielt an nees Buergermeeschter ënnert der selwechter Koalitioun[4].
Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[5] grad sou wéi bei deene vum 8. Oktober 2023 gouf hien als Kandidat vun der CSV am Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt.
Mëtt November 2023 huet hien op seng Deputéierten- a Buergermeeschteschmandater verzicht, fir Minister fir Aarbecht a Sport an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Sou uginn als Verwaltungsrotpresident vum Centre hospitalier Emile Mayrisch ënnert der Nummer G197 am Handelsregëster, publizéiert den 8. Februar 2018
- ↑ Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
- ↑ Resultater vun de Gemengewalen 2017
- ↑ (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (13.07.2023). Gekuckt de(n) 14.07.2023.
- ↑ Resultat vun de Walen 2018