Säi Papp Corneille war Aarbechter, Voiturier a Steebrochbesëtzer an ass 1881 mat 34 Joer gestuerwen, de Joseph Lorenzo hat grad 4 Joer. Seng Kandheet huet hien du mat senger Schwëster bei der Bomi zu Nidderfeelen verbruecht.
Den 28. Mee1904 gouf hien zum Geeschtleche geweit.
1925, nom Doud vum Pater Léon Dehon, dem Grënner vun den Häerz-Jesu-Pateren, gouf de Père Philippe SCJ deem säin Nofollger als Pater Generol vun der Kongregatioun. Hien huet déi Funktioun bis de 24. Oktober 1935 behalen.
De 25. Abrëll1935 gouf hien zum Titularbëschof vun Tinum a Koadjutor vum Bistum Lëtzebuerg ernannt. Tinum ass den Numm vun enger fréierer Diözees an Dalmatien, déi et scho laang net méi gëtt. Den Titel Titularbëschof ass en Éierentitel, dee keng Funktioun mat sech bréngt. Et ass de Brauch, datt dësen Éierentitel mam Numm vun enger fréierer Diözees verbonne gëtt.
Den 9. Juni 1935 gouf hien zu Roum op Päischten zum Bëschof geweit. Hie war vum 9. Oktober1935 bis zu sengem Doud Bëschof vu Lëtzebuerg.
Wärend der Zäit vun der Däitscher Besatzung wärend dem Zweete Weltkrich huet de Joseph Philippe sougutt wéi näischt vu sech héiere gedoen. Offiziell war e "krank". Nom Krich gouf him dës passiv Haltung ë.a. vum Mann vun der Groussherzogin Charlotte, dem Prënz Felix, sou wéi vum apostoleschen Nuntius (dem Ambassadeur vum Vatikan zu Lëtzebuerg), dem Monsignore Micara, zum Virworf gemaach. Hie selwer huet an enger Abberzuel Artikelen a Bréifer seng passiv Haltung als bescht méiglech Taktik probéiert ze justifiéieren.[1]
Ënner dem Bëschof Philippe gëtt d'Kathedral an de Joren 1935 bis 1938 vergréissert.
De Bëschof Philippe ass fir d'strikt Trennung vu Kierch a Politik agetrueden: de 24. Juni1936 huet e bei kierchleche Begriefnesser dat ëffentlecht Droe vum »roude Fändel« verbueden, d'Zeeche vun de militanten, antiklerikalen, sozialisteschen a kommunisteschen Aarbechterverbänn.
Hie gouf staark kritiséiert, well hien am Zweete Weltkrich keng ëffentlech Stellungnam géint déi ënner der Zivilverwaltung vum Gustav Simon getraffe Moossname virgedroen huet. Hien ass sech bewosst, als der große Schweiger, déi lescht Autoritéit am Land iwwereg bliwwen ze sinn. Am Film Der neunte Tag, iwwer d'KZ-Erliefnesser vum Abbé Jean Bernard, gëtt dës Haltung vum Bëschof Philippe, dee mat de Lëtzebuerger leit, illustréiert: Hie protestéiert géint d'Nazien andeems hien d'Klacke laude léisst. Zanter 1941 verschlëmmert sech seng Krankheet.
Hien huet eng Rëtsch Artikelen zu reliéisen Theeme verëffentlecht.
Hien huet sech als Bëschof vun de Séile verstanen a wollt kee politeschen a parteigebonnenen Hiert sinn. Sou ënnerstëtzt hien d'Kathoulesch Aktioun.
Et geléngt him fir den 1200. Doudesdag vum hellege Willibrord, datt den 1. Mee1939 de Poopst Pius XII. déi fréier Benediktinerkierch vun Iechternach zu enger Basilica minor erhieft. Am Zweete Weltkrich gëtt dës Kierch awer sou vill zerstéiert, datt si duerno huet missen nei opgeriicht ginn. Den 20. September1953 konnt deen duerch Giicht kierperlech behënnerte Bëschof awer bei der Aweiung vun der neier Basilika dobäi sinn. Säi Bëschof-KoadjutorLéon Lommel huet d'Feier zesumme mam apostouleschen Nuntius a mat 7 anere Bëscheef geleet.
Wopen
De Bëschofswopen, deen an der mëttelster Chouerfënster vun der Kathedral ze gesinn ass[2], weist déi dräi Schwéierpunkte vum Bëschof Philippe senger Spiritualitéit: d'Häerz-Jesu, Maria a Christus an der Hostie. Säi Wope gëtt sou beschriwwen: D'azur à la croix d'or chargée du Sacré-Coeur de Jésus brûlant de gueules, rayonnant d'or, une croix de sable issant des flammes, accompagnée au premier canton du monogramme de la Vierge d'argent, au chef cousu de gueules cahrgée d'une hostie d'argent rayonnante d'or au monogramme du Christ de sable.
Seng Devise als Generol vun der Häerz-Jesu-Pateren Adveniat regnum tuum (Däi Räich soll kommen, Lk 11,2) huet hien als Bëschof duerch Pro animabus vestris (Fir är Séilen, 2 Kor 12,15) ersat.
P. Robert Quardt (SCJ), "Für eure Seelen" - Leben und Werk des Bischofs Joseph Philippe von Luxemburg; Kanisius Verlag, CH - Freiburg, D - Konstanz/Baden an D - München, 1958; 236 S. (ill.).
Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.