Den 13. Juli1919 gouf de Leo Lommel zu Innsbruck zum Geeschtleche geweit. Bei senger Primiz war och d'Groussherzogin Charlotte derbäi. Am Joer 1923 gouf hie Professer fir Philosophie a Konschtgeschicht um Grand Séminaire zu Lëtzebuerg an 1926 gouf hien Aumônier vum kathouleschen Akademikerveräin. Hien huet sech och fir d'Pax-Romana-Beweegung agesat. Niewebäi huet hien och am Luxemburger Wort konschtkritesch Artikele verëffentlecht. "D'Konscht gehéiert zu de wichtegste Liewensäusserunge vun enger bestëmmter Zäit, enger bestëmmter Kultur", esou gëtt hie fir seng Konschtastellung zitéiert[1]. Unerkennung krut hien och duerch seng Kommentaren zu der Krankemass, déi zanter 1936 vun RTL Radio Lëtzebuerg eemol d'Woch iwwerdroe gouf.
De 16. Juni 1978 gëtt hien am Scheedpunkt vum Chouer an der Krypta vun der Kathedral ënner dem Bild vu Christus begruewen.
Wierken
Dem Leo Lommel louch d'Veréierung vun der Tréischterin besonnesch um Häerz.
Als Konschtexpert huet hien d'Chouerfënsteren[2] vun der Kathedral entworf, déi tëscht 1935 an 1938 vergréissert gouf. "An de Glasfënstere vun der Kathedral hu mir der neier franséischer Konscht zum Duerchbroch verhollef", gëtt hien zitéiert[1]. Nom Krich war hien dacks als Beroder vu kierchleche Bauwierker täteg.
Um Zweete Vatikanesche Konzil ass de Leo Lommel en engagéierten a begeeschterte Konzilspapp. Hien ënnerstëtzt besonnesch d'Ëmsetze vun der Liturgiereform. Sou gouf 1963 de Chouer vun der Kathedral nei amenagéiert an den 8. Dezember 1963 ass d'Kathedral och feierlech konsekréiert ginn. Dës Konsekratioun war duerch de Bëschofswiessel 1936 an duerch Krichsjoren 1940-1945 ëmmer erëm op besser Zäite verréckelt ginn.
Am Hellege Joer1950 begleet hien eng grouss Grupp vu Lëtzebuerger Pilger op Roum. Am Kader vun der Dräihonnert-Joer-Feier vun der Erwielung vun der Tréischterin am Leed zur Stadpatréinesch reest hien extra an d'USA fir d'Lëtzebuerger an Amerika op dës besonnesch Feier anzelueden.
De Bëschofswope gëtt sou beschriwwen:
"Parti: au I d'argent au lion de gueules, armé, lampassé et couronné d'or, la queue fourchue et passée en sautoir, au II d'azur semé d'étoiles d'argent, le monogramme de la Sainte Vierge couronné du même, brochant."
Als Bëschofsdevise huet de Léon Lommel en Zitat aus dem Psalm 79 Vers 13 gewielt: nos autem populus tuus - Mir awer däi Vollek.