De Jean Hengen gouf den 23. November1912 zu Diddeleng als siwent vun aacht Kanner vum Michel Hengen (21.07.1867 - 13.01.1950) an der Anna Gindt (31.07.1870 - 04.11.1943) gebuer, wou hien dunn an d'Primärschoul um „Strutzbierg“ an um „Deich“ gaangen ass.
Nom Ofschloss vum Sekundärstudium am Kolléisch an der Stad huet de Jean Hengen sech 1939 an de Fächer Philosophie an Theologie, op der Peepstlecher Universitéit Gregoriana zu Roum ageschriwwen. Duerno huet hien nach Kiercherecht studéiert.
Den 12. Februar1971, nom Ofdanke vum Léon Lommel, gouf hien dunn de sechste Bëschof vu Lëtzebuerg. Säi Wope gouf sou beschriwwen: D'argent au chevron abaissé de gueules, au chef d'azur à l'étoile d'argent. Säi Walsproch war „Tibi servire“ (Dir déngen). De Wopen, an der Äerzbëschofversioun, ass haut nach iwwer dem lénkse Säiteportal an der Parkierch vu senger Heemecht Diddeleng ze gesinn.
Den 13. Mee1972 huet hien déi IV. Lëtzebuerger Diözesansynod aberuff. Et war eng Synod vun der Erneierung.
Wéi um Karfreideg1985 den ale Klackentuerm vun der Kathedral gebrannt huet, huet hie selwer d'Mariestatu – dat grousst Lëtzebuerger Symbol – gerett. Hien huet duerno selwer d'Planung vum neien Opbau an d'Hand geholl.
De Poopst Jean Paul II. huet him am selwechte Joer de 16. Mee bei sengem Lëtzebuerg-Besuch perséinlech zum éischten Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ernannt. 1988 ass Lëtzebuerg zu enger Äerzdiözes erhuewe ginn.
De Jean Hengen war och President vun der däitscher Kommissioun, déi fir d'Erausgi vun de liturgesche Bicher verantwortlech ass.
Eng Kierch, déi am Déngscht vu jonke Mënsche steet, war dem Bëschof Hengen e grousst Uleies. Ënner him entsteet 1974 de Pélé des Jeunes, de bis haut um éischten Oktavsonnde seng fest Plaz am Oktav-Kalenner huet. Weider Schwéierpunkten an der Jugendpastoral ware beim Poopstbesuch 1985 d'Begéinung vun de Jonke mam Jean-Paul II. zu Iechternach an 1988 de Jugenddag, eng national Form vun de Weltjugenddeeg.
A senger Amtszäit war et him ëmmer wichteg, seng Heemechtsstad Diddeleng net vis-à-vis vun deenen anere Lëtzebuerger Stied ze favoriséieren.
Sou huet hien dem Abbé Robert Sibenaler seng Invitatioun an d'Oktavsmass vun den Diddelenger Pilgere wärend senger Amtszäit refuséiert, no senger Pensionéierung huet hien ëmmer gär un dëser Traditioun zesumme mat der Diddelenger Gemeinschaft deelgeholl.
No sengem Doud ginn all Joer no der Oktavsmass fir déi Diddelenger Blummen an der Krypta niddergeluecht.
Den 29. Oktober2000 huet de Jean Hengen säin diamantene Jubiläum als Geeschtleche gefeiert, Diddeleng huet „säi“ Bëschof den 23. November2002 zu sengem 90. Gebuertsdaag geéiert, dat war gläichzeiteg déi lescht Mass, déi hien als Bëschof gehalen huet.
Säi leschten ëffentlechen Optrëtt war awer den 10. Mee2004 an der Oktavsmass zesumme mat den Diddelenger Pilger. An dëser Mass war hien net méi als Bëschof a vollem Ornat mat Mitra a Staf, mä hien hat eng einfach violett Bëschofssoutane mat engem Rochett driwwer un.
Den 29. Januar2005 ass den Al-Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Mgr Jean Hengen um 12h00 am Spidol um Kierchbierg gestuerwen.
Seng stierflech Iwwerreschter goufen den 3. Februar2005 an der Krypta vun der Kathedral vu Lëtzebuerg bäigesat.
Auszeechnungen an Titelen
Akadeemesch Titelen
Dokter an der Theologie
Kierchlech Éierenauszeechnungen an Titelen
Bëschof vu Lëtzebuerg, ernannt den 8. Abrëll 1967 an den 12. Februar 1971 am Amt
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg (16. Mee 1985 perséinlech Ernennung vum Poopst Jean Paul II.)
Chanoine honoraire vun der Kathedral vu Lëtzebuerg 3. Juni 1955 (chanoine titulaire 14. August 1956)
Peepstleche Kummerhär 15.September 1956
Peepstleche Prelat 22. Januar 1960
Chanoine d'honneur vun der Kathedral vu Stroossbuerg 1975
Akadeemesch Éierenauszeechnungen
Dr. Theol. h.c. Theologische Fakultät Trier 2. Dezember 1982
Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.
Gindt, Jean-Louis, 1991, Die Dienste der Kirche in Luxemburg an den Jugendlichen, Situationsanalyse der Beziehungen zwischen Jugendlichen und Kirche unter Mgr. Jean Hengen und pastoraltheologischer Versuch eines Konzeptes für die kirchliche Arbeit unter Jugendlichen., Luxembourg, mémoire scientifique, 300 S. Download-Versioun