De Pierre Nommesch koum an enger räicher Greiweldenger Wënzerfamill als eelste Jong vun de 7 Kanner vum Pierre Nommesch an der Elisabeth Collignon op d'Welt.
Nom Doud vum Bëschof Koppes, den 29. November1918, war de Bëschofsstull 15 Méint laang net besat. Dës Sedisvakanz huet sech erginn, well de Vatikan wollt ofwaarde wéi engersäits déi national-politesch Situatioun sech no der Ofdankung vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde géif entwéckelen, a wéi anerersäits déi franséisch a belsch geopolitesch Bestriewunge fir dat zanter 1839 neutraalt Lëtzebuerg z'annexéiere géifen ausgoen.
Eréischt den 8. Mäerz1920, also méi wéi ee Joer no der Trounbesteigung vun der neier Groussherzogin, gouf dunn de Pierre Nommesch zum Bëschof vu Lëtzebuerg ernannt. De 25. Mäerz huet de Sebastiano Nicotra hien an der Kathedral zum Bëschof geweit.[1]
Gläich am Ufank vu sengem Episkopat verduebelt hien am Joer 1921 d'Zäit vun der Muttergottesoktav, well eng Woch, sou wéi den Numm Oktav et seet, net méi duergeet fir all Paren a Verbänn an deem Zäitraum ënnerzekréien. Am selwechte Joer gouf dunn och déi 200-Joer-Feier vun der Erwielung vun der Tréischterin nogeholl. Wéinst dem Éischte Weltkrich war dës Feier 1916 ausgefall.
Dat duerch d'Schoulgesetz vun 1912[2] gestéiert Verhältnes tëscht Kierch a Staat huet hien erëm normaliséiert duerch seng Ënnerstëtzung fir d'Schoulgesetzännerung vum 2. August1921[3].
Den 28. Oktober 1930 seent hien den neie bëscheefleche Seminaire um Lampertsbierg an. Virdru war de Seminaire am Gebai vum ale Jesuittekolléisch nieft der Kathedral. E koum dunn 1930 an d'Klouschter vun den "Amerikaneschen Nonnen" (Kongregatioun vun de Franziskanerinne vu Milwaukee), dat Gebai an deem zanter 1973 de "Centre Universitaire" war an haut en Deel vun der Universitéit Lëtzebuerg ass. A senger Zäit als Bëschof huet sech d'Zuel vun de Geeschtlechen sou staark vergréissert, datt all Par säin eegene Paschtouer hat.
En Haaptuleies vum Bëschof Nommesch war d'Zesummenaarbecht vun der kathoulescher Presse mat dem kathoulesche Veräinsliewen. Hien ënnerstëtzt déi sozial-karitativ Wierker a grënnt 1929 d'Kathoulesch Aktioun.
Den 12. Mee1935 leet hien och de Grondstee fir d'Vergréisserung vun der Kathedral. Donieft sinn a senger Zäit vill Kierche vergréissert oder nei gebaut ginn.
Wopen
De Bëschofswopen, deen an der 1. lénkser Chouerfënster vun der Kathedral ze gesinn ass[4], weist d'Tréischterin mat der Neipuertskapell. Säi Wope gëtt sou beschriwwen: D'azur à la deuxième chapelle du Glacis de Luxembourg au naturel issant en pointe, surmontée de la Vierge Consolatrice des Affligés au naturel, vêtue de gueules et d'or, posée sur une nuée. De Wopen ass och op der Grafplack an der Krypta vun der Kathedral ofgebilt wéi an der Réidener Kierch an enger Fënster ënner dem Duxall[5].
Säi Walsproch Tuus sum ego (Däi sinn ech) ënnersträicht seng déif marianesch Frëmmegkeet.