Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Zisterzienser bilden en Uerde vun der réimesch-kathoulescher Kierch, mam offiziellen Numm Ordo Cisterciensis (ofgekierzt OCist). Et gëtt souwuel eng männlech (reliéis Bridder a Pateren) wéi eng weiblech Branche (Nonnen).
D'Membere vum Uerde versprieche Bestännegkeet (stabilitas), bestänneg Ëmkéier (conversatio morum) a Gehorsam (oboedientia). Si liewen a Kléischter déi entweeder Abteie sinn (méi wéi 12 Memberen a vum Poopst zur Abtei erhuewen, mat engem Abt, respektiv enger Äbtissin un der Spëtzt), oder Prioraten (ofhängeg vun enger Abtei oder selbstänneg, mat engem Prior, respektiv enger Priorin un der Spëtzt). D'Abteien an d'Priorater sinn a verschidde Kongregatiounen zesummegefaasst. Weltwäit gehéieren ongeféier 1400 Männer an 870 Fraen zum Zisterzienseruerden (September 2005).
Literatur
Marcel Pacaut, Les moines blancs - Histoire de l'ordre de Cîteaux; Paräis (Fayard), 1993; 431 S. (11 Kaarten, Bibliographie, Index); ISBN 2-213-02925-3
Julie Roux, d'Mönche vun der Abtei Acey, Nicolas d'Andoque, Les Cisterciens; Vic-en-Bigorre (MSM), 2007 (3. Editioun; déi éischt ass vun 1998); 321 S. (Photoen, Kaarten, Index, Bibliographie); ISBN 978-2-3508-0048-6