Dikrech (lokal: Dikrich[1]) ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Dikrech.
D'Stad ass den Haaptuert vum Kanton Dikrech, wéi och vum fréieren Distrikt. Dikrech bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.
D'Symbol vun Dikrech ass den Iesel. Zu sengen Éiere steet den Ieselsbuer, entworf vum Bonifatius Stirnberg, an der Groussgaass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrecher Iesel.
Hiren Numm huet d'Stad, dem Vaterländliches Lesebuch für die luxemburger Volkschule 1885 no, aus der Zäit vum Karel dem Groussen. Hien huet um Enn vum 8. Joerhonnert Sachsen an d'Géigend vun Dikrech ëmsidele gelooss, fir s'ënnert seng Kontroll ze bréngen. Fir déi heednesch Sachsen zum Chrëschtentum ze bekéieren huet hien dunn zu Dikrech eng Kierch baue gelooss. Duerch den Numm, deen d'Sachsen der Kierch ginn hunn (Diet-Kirch = Vollekskierch), ass am Laf vun der Zäit den Numm Dikrech entstanen.
Et ass awer méi warscheinlech, datt Dikrech scho virum Karel dem Groussen zu de fréiste Paren am Land gehéiert huet, wéi Obeler, Hollerech, Weimeschkierch, Miersch, asw.[2]
Ënner der Bezeechnung Diecirke gouf d'Stad Dikrech fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.
Schonn an der Réimerzäit gouf et op der Plaz vun der haiteger Alstad e grousse landwirtschaftlechen Haff. Do virdrun huet de Kiem Tongeren-Tréier iwwer d'Sauer gefouert.
Am Mëttelalter hunn d'Dikrecher sech mat Festungsmauere geschützt, mat 8 Tierm a 4 Paarten, virun deenen e Waassergruef war.
Dikrech ass och bekannt duerch säi fréieren Hippodrom, op deem 1895 déi éischt Päerdscourse zu Lëtzebuerg geridde gouf. D'Päerdscourssen, déi do bis zum Zweete Weltkrich, an nach eng Kéier duerno, geridde goufen, waren ëmmer staark besicht.
Déi schwéierst Zäit hat Dikrech, wéi déi meescht Éisleker Gemengen, am Zweete Weltkrich. Zemools am Dezember 1944, wou de ganze Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv war, gouf et zu Dikrech schwéier Gefechter, bei deenen den Zentrum vun der Stad bal ganz zerstéiert gouf.
Zanter 1955 ass zu Dikrech, um Härebierg, an der eenzeger Militärkasär vum Land, d'Lëtzebuerger Arméi stationéiert.
Zu Dikrech gëtt et e puer grouss Manifestatiounen, déi am ganze Land bis iwwer d'Grenzen eraus bekannt sinn:
Lokasi Pengunjung: 3.137.188.225