Gemeng Groussbus
D'Gemeng Groussbus war bis den 31. August 2023 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réiden. Op den 1. Januar 2023 hat se 1.134 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng war d'Uertschaft Groussbus vun där se och hiren Numm hat. Si ass op den 1. September 2023 mat der Gemeng Wal zu der neier Gemeng Groussbus-Wal fusionnéiert. Uertschaften an der fréierer GemengGeschicht
Fusioun2019 hunn d'Pläng vun enger Fusioun mat der Gemeng Wal ugefaangen. De 27. Juni 2021 gouf dofir an deenen zwou Gemengen e konsultative Referendum organiséiert[1]. Zu Groussbus hu 70,42% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt (zu Wal waren et der 62,25%)[2],[3],[4]. Déi nei Gemeng krut den Numm Gemeng Groussbus-Wal, dat neit Gemengenhaus koum op Groussbus, an déi ëmgebaut a vergréissert al Schoul[5]. De Gemengerot fir d'Fusiounsgemeng gouf scho bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gewielt.[6] D'Fusioun vun der Gemeng Groussbus mat där vu Wal ass zanter dem 1. September 2023 a Kraaft. Entwécklung vun der Awunnerzuel an der fréierer GemengQuell:STATEC Wopen
PolitikBuergermeeschtere vun der fréierer Gemeng Groussbus
...
Interkommunal SyndikaterD'Gemeng Groussbus war Member vu follgenden interkommunale Syndikater: Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen an Notten
Information related to Gemeng Groussbus |