Gemeng Ettelbréck
D'Gemeng Ettelbréck ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech an ass se no der Uertschaft mam selwechten Numm benannt. Ettelbréck bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Uertschaften an der Gemeng[1]
GeographieEttelbréck läit op enger Héicht vun 199 Meter (NG-L). Duerch d'Uertschaft Ettelbréck fléissen d'Uelzecht an d'Waark. Den déifste Punkt ass nieft Déifert am All op 191,5 m do wou d'Uelzecht an d'Sauer leeft. Déi héchst Plaz ass um westlechsten Eck vun Ettelbréck am Wald nieft dem CR345 op der Grenz mat der Gemeng Feelen tëscht dem Kräizwee an der Useldéngerfréin op enger Héicht vun 386 m. GeschichtZu der Gemeng Ettelbréck hu bis den 30. Juni 1850 och nach follgend Uertschafte gehéiert: Schieren, Biertreng, Colmer Bréck, Matgeshaff, Schierenerhaff, Ierpeldeng, Angelduerf a Bierden. Den 1. Juli 1850 (Gesetz vum 22. Januar 1850) goufen d'Gemenge Schieren an Ierpeldeng geschaaft. Entwécklung vun der Awunnerzuel{{{1}}} Wopen
PolitikDe Gemengerot vun Ettelbréck gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen. Zesummesetzung
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu Buergermeeschteren
Literatur
Interkommunal SyndikaterD'Gemeng Ettelbréck ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater: Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
Information related to Gemeng Ettelbréck |