Dol, dat deemools dem Walther Ritter, dem Här vu Wolz gehéiert huet, gouf den 23. Abrëll1406 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt.
Virdru war déi ganz Géigend am Besëtz vum Äerzbeschof vun Tréier. Den Äerzbeschof Balduin vun Tréier huet se dem Arnold IV., Buerghär von der Veltz, gestuerwen 1343, iwwerdroen. Duerch säi Bestietnes mat der Jutta von Wiltz koum dësen an d'Famill vum Walther Ritter, déi him dunn déi Uertschaften, déi an der Géigend louchen, verkaaft huet. De Verkafsakt, datéiert op de 27. Juli1310, ass am Dokument enthalen, dat uewen ernimmt gouf.
Am Dezember 1944 goufen zu Dol eng Trupp vun 9 amerikaneschen Zaldote vun däitschen Truppen iwwerrascht an ënner Artilleriebeschoss geholl. D'Amerikaner hu sech an en Haus zeréckgezunn a waren decidéiert sech net z'erginn. No laangem Geschéiss ware 5 Gi's blesséiert, an 1 war gefall. Eng däitsch Infantriesattack gouf mat enger Jerrycan déi a Brand gestach gouf, a mat Handgranaten ofgewiert. Zwéin Däitscher déi et fäerdegbruecht hate bis an d'Haus ze komme goufe mat der Bajonett onschiedlech gemaach. No véier Stonnen haardem Kampf waren nach just 3 Amerikaner net blesséiert. Déi hu wéi se keng eege Munitioun méi haten, mat de Waffe vun den Däitsche weidergekämpft. Schliisslech hunn déi Däitsch opginn, a 25 Gefaange goufe gemaach, déi meescht ware blesséiert, an d'Wehrmacht hat eelef Doudeger.