Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Am 18. an am 19.Joerhonnert war déi haiteg Rue de l' Eglise d'Haaptstrooss vun der Uertschaft, déi iwwer e Landwee op Miersch gefouert huet. Do stinn déi eelst Haiser, déi bis haut erhale sinn (1770er Joren). Als nächst gouf d'Rue de Mersch ugeluecht.
D'Kierch ass vum Charles Arendt ëm 1885 am neoromanesche Stil gebaut ginn. Si ersetzt e Virgängerbau vun ëm 1570, dee wéinst Baufällegkeet huet missen 1883 ofgerappt ginn.
Literatur
Brosius, L., L. Karier & R. Miny, 2014. 100 Joer Pompjeeën an d'Gemeng Fëschbech. 294 S. Dréckerei Faber, Miersch. ISBN 978-99959-0-051-9. (Angelsbierg: S. 224-251).
↑D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.