D'Kierch zu Méchela ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.
De Patréiner ass den hellege Wendelin, deem säi Fest den 20. Oktober gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.
D'Kierch steet nieft der Bréck iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen op der Kräizung vun der Haaptstrooss, der N27, mat dem CR379 (Fléiberstrooss).
Zur fréierer Par Méchela huet ausser der Parkierch vu Méchela och nach d'Filialkierch zu Lëpschent gehéiert.
D'Kierch vu Buerschent gouf de 26. Abrëll 2019 als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geschicht
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
|
Mobiliar
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
|
Den 2. Mee 2019 gouf de Mobiliar vun der Kierch vu Buerschent als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Klacken
Parkierch vu Méchela huet 3 Klacken aus dem Joer 1963 vun der Äifeler Klackegéisserei vu Brokscheid mat den Téin Si: Maria 450 kg; re dièse: Donatus 265 kg a mi: Wendelin190 kg.
Kuckt och
Um Spaweck
- ↑ 1,0 1,1 Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. Dezember 2024).