D'Kapell ass dem hellege Kräiz geweit. Den Numm Jobskapell huet se well virun der Kapell e Kräiz steet, dat zu de Kräizweestatioune gehéiert, déi vun der Kierch vu Biekerech erop op d'Kopp féieren, an op deem den hellege Job duergestallt ass.
Se gouf 1373 als Chapelle de la Ste. Croix ernimmt a war de Sëtz vun enger Brudderschaft mat dem selwechten Numm. Virdru war de Sanctuaire dem hellege Lambert geweit. Den eelsten erhalenen Deel, de Chouer, ass vum Ufank vum 16. Joerhonnert. D'Schëff ass vu 1746, déi polygonal Sakristei vun 1857.
Mobiliar
Bis haut erhale si Reschter vu Freskemolereie aus dem 16. Joerhonnert, D'Säitenaltär si vu 1671. Och den Haaptaltoer ass aus dem 17. Joerhonnert, op deem en Tableau aus dem 18. Joerhonnert, vum Areler Moler Jean-Pierre Huttert ass. Vir op der Kapell ass eng Statu vum hellege Job vu 1762. D'Fënstere si vu Coucke Frères vu Bruges, aus dem Joer 1929.[2]
Kräizwee
De Kräizwee huet 7 Statiounen a fänkt ronn 150 Meter vun der Kierch ewech un a féiert bis bei d'Jobskapell um Kuelebierg.
Mëttlerweil sinn déi eenzel Statiounen alleguer Kopien, vu datt d'Originaler scho viru 1600 gebaut goufen.
Literatur
Bosseler, Nic, 1975: Beckerich, Hüttingen und Levelingen, in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, Krippler & Cie, 332 S., S. 127-136