D'Kapell zu Breedelt ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.
De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Alfons, deem säi Fest den 1. August gefeiert gëtt.
D'Kapell steet zentral an der Uertschaft op der Kräizung vun der Duarrefstrooss, dem CR337, an dem Wämperweeg. Virun der Kapell, déi 1840 gebaut gouf, hänkt eng Klack vu 1794, déi den Hellege Péiter a Pol geweit ass.
Geschicht
Bis de 7. Mee 2017 huet se zur Par Holler gehéiert, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Holler huet ausser der Kapell vu Breedelt och nach d'Dräifaltegkeetskierch zu Bënzelt an d'Parkierch vun Holler gehéiert.
Kuckt och
Um Spaweck