D'Dräifaltegkeetskierch vu Bënzelt ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.
D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Duarrefstrooss, dem CR337. Se ass der helleger Dräifaltegkeet geweit. Nieft der Kierch ass der Kierfecht ugeluecht.
Geschicht
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Holler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Holler huet ausser der Filialkierch vu Bënzelt och nach d'Parkierch vun Holler an d'Kapell vu Breedelt gehéiert.
De Chronogramm
Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1893 duerstellt:
- ERECTO TIBI REX
- SOLIO DVLCISSIME IESV
- PERPETVO POPVLO PROPITIARE TVO
Klacken
Am Kierchtuerm vu Bënzelt hänke 4 Klacken déi an den Téin fa = f", mib = es", do = c" a la dièse = b' lauden.
Kuckt och
Um Spaweck