Am Joer 960 ass d'Existenz vu Biissen ënner dem Numm « Bisiceromarkun »[1] attestéiert ginn duerch en Dokument an deem d'Par Biissen als baussent der Par vu Miersch bezeechent gëtt. Dofir huet d'Par 1960 hir dausendjäreg Existenz gefeiert.
Wopen
Beschreiwung am Originaltext:
Burelé d'argent et sable de dix pièces. D.C.11. Dezember1981 - A.M.26. Juli1982 - Mémorial B 1982, Säit 775- Projet: J. Flies 1986 modifiéiert vun der Commission héraldique D'Gemeng hat de Wope schonn en etlech Joer inoffiziell gefouert, bis 1981 d'Adoptioun vun der Commission héraldique proposéiert gouf. De Wope vu Biissen ass ofgeleet vun deem vun de fréieren Häre vu Biissen (burelé d'argent et de gueules), deen deem vun deene vun Esch - Sauer gläicht, well si Nokomme vun där Famill waren.
Victor Kalmes (ënner der Mataarbecht vum Jos Schummer an dem Arnold Weber), 2001. Bissen seit eh und je. Band 1 (525 S.) an 2 (? S.). Erausgi vun der Gemengeverwaltung Biissen. Sankt-Paulus Dréckerei, Lëtzebuerg.
Carlo Mulbach: "Gemeinde Bissen: Traditioneller Industriestandort im Wandel der Zeit." in: nos cahiers, Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 3/4 2011, S.45-58.
↑An net « Basiccromannum », eng feelerhaft Transkriptioun duerch de Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie, déi leider reegelméisseg ze fannen ass. De Feeler gouf 1929 vum Jules Vannérus publizéiert: Le Chevalier l'Evêque de la Basse-Mouturie et son itinéraire du Luxembourg Germanique. 15 p. Cahiers luxembourgeois. Bourg-Bourger, Luxembourg.
↑ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844