Bis de 6. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par St. Stephanus Biissen, zanter dem 7. Mee 2017 ass s'eng Filialkierch vun der Par Äischdall-Helpert St. Willibrord.
D'Pläng fir d'Biisser Parkierch si vum Architekt Joseph Hartmann aus der Stad Lëtzebuerg. D'Direktioun vun den Aarbechte gouf vu sengem Jong Antoine Hartmann iwwerholl. De Grondstee gouf den 20. Juli 1858 geluecht, deelweis op der selwechter Plaz wou virdrun déi al Parkierch stoung. Déi éischt Mass gouf am Wanter 1860/61 an der neier Kierch gefeiert, wärend d'Konsekratioun eréischt den 23. Juni 1868 duerch de BëschofNicolas Adames gefeiert gouf.
De Kënschtler Jean-Pierre Beckius huet 1924 déi véier Freskemolereien am Chouer geschaf. Dës véier Biller (3 Meter x 2,50 Meter) sinn déi eenzeg Kierchebiller, déi de Beckius gemoolt huet. Se weisen de Jesus bei der Owesmoolzecht, de Jesus wéi en de Jüngling vun Naïm nees erwächt, de Jesus als Kannerfrënd an de Jesus bei der Biergpriedegt. 1958 goufe Bibel-Zitater a GoldBuschtawen dobäi gesat. 1987 goufe se op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Inventaire supplémentaire klasséiert.
De Volleksaltor an den Ambo sinn 1977 vum Jean Haler vun Ettelbréck geliwwert ginn. Déi vum fréiere Priedegtstull ofmontéiert Holzskulpture vun de véier Evangeliste goufen um Ambo montéiert.
Déi zwéi Säitenaltär, de Muttergottesaltor an den Häerz-Jesu-Altor, goufen 1880 vum Sculpteur Joseph Fischer vu Gréiwemaacher no de Pläng vum Architekt A.P. Kemp gemaach. An de Joren 2010/11 goufe se restauréiert.
D'Laurentius-Fënster weist Zeenen aus dem Liewe vum zweete Patréiner vun der Kierch. D'Stephanus-Fënster ass aus dem Joer 1897. D'Häerz-Jesu-Fënster huet den Numm vun der Stëfterin Margareta Stiefer an d'Joerzuel 1896. Et stellt d'Helleg Häerz Jesu an enger Erscheinung un déi helleg Seherin Maria Margreta Alacoque duer. D'Rousekranzfënster weist de Verbreeder vum Rousekranzgebiet, den hellegen Dominique. 2007 goufen dës véier Fënstere vun der Tréirer Firma Kaschenbach Glas-Kunstwerkstätten restauréiert an duebel verglaast.
Déi véier Beichtstill goufe vum Biisser Schräiner Nicolas Ottelé an de Joren 1864/65 gemaach.
Déi véierzéng Statiounsbiller goufe vum Dekoratiounsmoler Jean Schaack aus der Stad Lëtzebuerg mat Uelegfaarf gemoolt. D'Rumme sinn aus Eechenholz am gotesche Stil.
Déi al Kierchebänke vun 1893 goufen 1975 duerch 21 nei Bänke vun der Firma Eller vu Kassel ersat. Déi geschnëtzte Kappenner vun den ale Bänke goufe fir déi nei Bänken iwwerholl. 2008 goufen d'Bänke vum Jean-Claude Colling esou ëmgeännert, datt nees e Mëttelgank entstan ass. Déi säitlech Bänke (Kannerbänken) stamen aus dem Joer 1930.
De Kierchtuerm ass mat sengen 49,5 Meter ee vun den héchsten zu Lëtzebuerg. Déi dräi Klacke goufen de 5. Januar 1947 geweit. Se goufe vun der Schwäizer Firma Ruetschi vun Aarau gegoss. Déi grouss Klack mat engem Gewiicht vun 1300 kg ass der helleger Dräifaltegkeet geweit, déi zweet der Tréischterin, Kinnigin vum Fridden, an déi drëtt der helleger Theresia vum Kand Jesus. D'Klacke lauden am Toun a' g' e'.
Johann Conrad Boltz vu Gréiwemaacher, Paschtouer zu Biissen, 1713 – 1739
Johann Baptiste Molitor, Paschtouer zu Biissen, 1739 – 1745
Eucharius Peckels vun Noutem (Atert), Paschtouer zu Biissen, 1745 – 1760
Johann Nikolaus Kneip zu Biissen, Paschtouer zu Biissen, 1761 – 1779
Karl Kneip, Paschtouer zu Biissen, 1779 – 1780
Johann Heinrich Türck, Paschtouer zu Biissen, 1780-1829
Nikolaus Hoffmann vu Wal, Paschtouer zu Biissen, 1829 - 1854
Nikolaus Schmitz vun Helzen, Paschtouer zu Biissen, 1854 - 1876
Nikolaus Edouard Herr vun Ettelbréck, Paschtouer zu Biissen, 1876 - 1885
Nikolaus Jost vun Esch-Sauer, Paschtouer zu Biissen, 1885 - 1895
Thomas Schock vu Gréiwemaacher, Paschtouer zu Biissen, 1895 - 1914
Johann Peter Molitor aus der Fiels, Paschtouer zu Biissen, 1914 - 1928
Emile Linden vu Rolleng, Paschtouer zu Biissen, 1928 - 1932
Franz Reinhard Schmit vun Duelem, Paschtouer zu Biissen 1932 - 1945
Albert Meyers vu Bungeref, Paschtouer zu Biissen, 1945 - 1968
Aloyse Mossong aus der Closdellt (Branebuerg), Paschtouer zu Biissen, 1968 - 1991: De Paschtouer Mossong war de leschte Paschtouer, deen zu Biisse gewunnt huet. D'Par Biisse gouf un de Parverband Miersch ugeschloss, deen administrativ a pastoral geleet gouf vun enger Pastoralequipe. Fir d'Par Biisse gouf den Deche vu Miersch zoustännege Paschtouer.
Ferdy Fischer vu Keel, Paschtouer zu Biissen, 1991 - 2004: Am ganze Land goufen an der Zwëschenzäit Parverbänn gegrënnt. Och an der Géigend vu Biisse gouf de Parverband Sankt Willibrord Helpert gegrënnt. Zum Paschtouer a Moderator vum neie Pastoralteam gouf den Abbé Joël Santer genannt, dee bis dohi Kaploun am Parverband Miersch mat Sëtz zu Miesdref, an als Kaploun och schonn zu Biissen war. Als neie Paschtouer vum Parverband St. Willibrord Helpert, ass säi Wunnsëtz am Paschtoueschhaus zu Bruch (Miersch)