D'Kierch steet an engem klenge Säitewee vun der Wäistrooss, dem CR152. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Rëmerschen gehéiert ausser der Parkierch vu Rëmerschen och nach d'Filialkierch vu Wëntreng.
Geschichtleches
D'Kierch gouf am Joer 1766 gebaut. Den Tuerm ass aus dem Mëttelalter an huet zur Verdeedegung gedéngt.
D'Kierchenhaus an de Chouer goufen an der Mëtt vum 18. Joerhonnert no Pläng vum Hubertus von Banck aus dem Tiroul gebaut. De barocke Mobilier ass aus dem Atelier Greeff vun Altwis a staamt nach gréisstendeels aus dem Virgängerbau, d'Freskemolerei, vun där nëmmen nach déi véier Evangelistebiller erhale sinn, ass vum Ignatius Millim aus Béimen.