Rëmerschen
Rëmerschen (lokal: Riemeschen[1]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Schengen. Vun der "Gemeng Rëmerschen" op d'"Gemeng Schengen"Wéinst dem héije Bekanntheetsgrad vu Schengen huet de Gemengerot a senger Reunioun vum 18. Januar 2006 decidéiert, eng Ufro ze maachen, fir den Numm vun der Gemeng "Remerschen" a "Schengen" ëmzebenennen. Nom Gemengegesetz (Artikel 3) ass eng Ännerung vum Numm vun enger Gemeng nëmmen iwwer e Gesetz méiglech. De Gesetzesprojet dofir gouf vum Inneministère preparéiert an d'Chamber huet d'Gesetz den 13. Juli 2006 votéiert, wat den 30. August 2006 dunn am Mémorial A N° 150 verëffentlecht gouf. Domat huet den Numm vun der Gemeng den 3. September 2006 vu Rëmerschen op Schengen gewiesselt. GeschichtDen Numm "Remsere" gëtt fir d'éischt am Joer 893 ernimmt. Am Laf vun de Joerhonnerten entwéckelt e sech no an no zu dem haitege "Remerschen". An der Mëtt vun den 1970er Jore stoung Remerschen am Zentrum vun der politescher Debatt, well do geplangt war, eng Atomzentral ze bauen. KuckeswäertesD'Birebamallee tëscht Rëmerschen an Elweng, d'Kierch Rëmerschen mat hirem ale Mobilier an d'Haus op Nr 88 an 88A an der Wäistrooss sinn als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen. Kuckt ochUm Spaweck
Referenzen
Information related to Rëmerschen |